Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
Meenung Neiegkeeten

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet

Äerdbiewen op de Philippinnen
Meenung Neiegkeeten

Äerdbiewen op de Philippinnen

D‘Philippinnen, déi matten um pazifesche „Feierrank“ geleeë sinn, verzeechne generell

Saison 20/21: De Kinneksbond iwwerzeegt mat Kreativitéit a Solidaritéit
Meenung Neiegkeeten

Saison 20/21: De Kinneksbond iwwerzeegt mat Kreativitéit a Solidaritéit

Fir déi nei Saison 20/21 huet de Mamer Kulturzentrum Kinneksbond

Nogefrot: Wéi gesäit et an eise Prisongen a mat de Strummerten aus?

Nogefrot: Wéi gesäit et an eise Prisongen a mat de Strummerten aus?

Datt d‘Berichterstattung – besonnesch fir kleng Redaktiounen – sech an der Haaptsaach op déi vun der Regierung gemaachten Aussoe konzentréiert, dat ass jo och verständlech. Mee et gëtt nieft den Noutstandsgesetzer, ageschränkter Beweegungsfräiheet an dem Appell sech dach w.e.g Doheem opzehalen, och nach aner Beräicher déi ee beliichte sollt: d‘Leit am Prisong an déi „ouni Doheem“.

Ëm d‘Strummerte géif sech gekëmmert, war aus der Ried an den Äntwerten op Froe vun der Press vum Premier ze héieren. Wat dorënner ze verstoen ass – si gehéieren, och wann dat vläicht villen esou net direkt ersiichtlech ass, esouwuel zur Risikogrupp wéi och der Kategorie „vulnerabel Persounen – gouf mat kenger Silb erwähnt. Wou een och nofreet (wann s dann emol u ee kënns) heescht et just, dat och si opgefuerdert gi sinn, dach w.e.g. hir „sozial Distanzen“ anzehalen.

Gutt dës „onsiichtbar“ Mass – wëll eis Aen sech gewinnt hunn se auszeblennen – weess och längst wéi eescht d‘Situatioun ass, mee hiren Handlungsspillraum ass extrem begrenzt an si gewëssen „Néiten“ déi sech net esou liicht aus eegener Kraaft léise loossen. D‘Alkoholiker ënnert hinne sollten sech nach ze hëllefe wëssen, hirer Sucht no ze kommen. Bei deene wou de Besoin un haarden Drogen eng Fro vu Liewen an Dout ass, gesäit et diametral anescht aus. Firwat?

Strummerten

Illustratioun: © Žygimantas Dukauskas / unsplash

Fir déi ënnert eis déi sech keng Virstellung vun engem kalen Entzuch am „Fräien“ kënne maachen, deene sollt gesot ginn, datt esou eppes och mat engem Dach iwwert dem Kapp kengem unzeroden ass. Zudeem… wat soll do déi sozial Distanz bréngen? Am ideelle Fall ruffen d‘Kollege vun der Persoun de CGDIS, deen dann den Toxikoman, deen elo eng „Urgence“ ass an d‘Spidol.

Bleiwe mir positiv an soen emol der Persoun ka gehollef ginn, an si ass no ee puer Deeg nees um Dill an dierf „goen“. Säin Drogeproblem an deen domadder verbonnene Besoin besteet nach ëmmer ouni datt et do nei Optioune géif ginn, et sief si hätten him „eppes“ matginn. An elo ganz verréckt, deen hält dat „eppes“ fir sech. En absolut utopesche Gedanken, deen an dëser Welt net antrëtt.

Wéi et wäert goen

D‘Realitéit gesäit dramatesch anescht aus. Zum enge wëll d‘Vollek, dat sech wéi et sech gehéiert an hire véier Wänn ophält, zum engen dës Geselle guer net gesäit a Gedanklech mat ganz anerem Krom beschäftegt ass. Dat ass Mënschlech, esou si mir erzunn a gestriizt ginn, de Virworf geet un déi gesamt Gesellschaft also meng Persoun ageschloss. Wat also wier de realisteschen Zeenario?

Wann den Approvisionnement bis ganz zum erleie komm ass, an de Mënsch deen zu villem bereet ass, wann et liewensbedreelech gëtt oder sech méiglecherweis op der Strooss ëm déi lescht Kuuscht geklappt gëtt, ass et ze spéit. Aus dësem Grond wier léif, wann de Premier, respektiv eng vun den fir dës Matbierger verantwortlech Persoun, erkläre kéint wat fir si virgesinn ass. Datt esouwuel wat den Zougang zu Iessen a méiglecherweis och Medikamenter sollt geséchert sinn ass jo dat mannst.

An dann ass do nach eng weider Populatioun, déi dem Bierger éischter manner am Alldag geleefeg ass: d‘Prisonéier, déi zu Schrasseg wéi zu Giwenech si jo nach eppes weider vum Slogan „Bleif dach einfach doheem“ betraff. Kléngt nëmmen op den éischte Bléck lëschteg, an och wann et fir déi meescht sécherlech ganz gutt Grënn huet, dat si eng „Gesellschaftspaus“ zougesprach kruten, et sinn nach ëmmer Mënschen. Si sinn zudeem net déi eenzeg hanner Maueren, et huet och Wiechter.

Strummerten

Illustratioun: © Damir Spanic / unsplash

Esou stellt déi gefuerdert „sozial Distanz“ fir Häftling a Surveillant gläichermoossen eng brutal Erausfuerderung duer. E Verdachtsfall géif ausräichen, fir de Ausgank an den Haff ze ënnersoen, d‘Ateliere missten hir Aarbecht astellen, a jiddereen a senger Zell bleiwen. Schluss mat der oppener dir um Block? Wéi laang geet esou eppes gutt? Och zu dësem Thema géif een nawell gäre vun deene fir d‘Prisonéier wéi d‘Beamten zoustänneg Ministeren Opklärung erwaarden dierfen.

Ass do Besuch nach méiglech oder gouf och hei eng „Barrière“ opgestallt? Sënnvoll wier et jo, wann de Covid19 et net bis hannert d‘Prisongsdiere géif packen. Missten dann net awer och déi am Prisong an zu Giwenech agesate Beamten a méiglecherweis zivil Personal, net och besonnesch reduzéierte Kontakt zu dem Prisong externe Persounen ënnerhalen? Eng Epidemie am Prisong, hätt wéi am Fall vun eisen Obdachlose mat Suchtproblemer kee gudden Impakt op d‘Moral vum Land.

Illustratioun: © Zack Durant / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Justiz, Noutstandsgesetzer, Prisonéier, Strummerten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel