Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz
Stories

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz

Am persesche Golf huet et bestänneg Schëffer déi illegal Ueleg

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no
Stories

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no

Mat senger Ried huet d‘Greta Thunberg an engem Park am

Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Stories

Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir

Mam Chrëschtbeemche kann een sech Tonnen u Chemikalie mat an d’Haus huelen – Mee et ginn Alternativen!

Mam Chrëschtbeemche kann een sech Tonnen u Chemikalie mat an d’Haus huelen – Mee et ginn Alternativen!

Waren d‘Chrëschtbeemecher fréier éischter en Offallproduit aus der Forstwirtschaft, esou stamen se haut gréisstendeels aus intensiver Produktioun, déi zu Laaschte vun Ëmwelt a Gesondheet ginn. Wann een awer elo net wëll op säi Beemche verzichten, dat sollt ee wéinstens uecht di wou en hir a wéi e grouss ginn ass.

De Chrëschtbeemchen ass vir vill Leit net vum Fest ze trennen. Eleng zu Lëtzebuerg ginn all Joers eng 100.000 Beem gebraucht. Fir dëser Nofro gerecht ze ginn, mussen d‘Beem a méi oder manner grousse Monokulturen, ënnert dem Asaz vu Chemikalien ugeplanzt ginn. 80% vun de Beem déi u Lëtzebuerg verkaf ginn, stamen zwar aus der Eifel, vill kommen der awer och aus Dänemark, der Bretagne an esouguer aus Osteuropa.

Insektizide géint Lais, Herbizide géint d‘Onkraut, chemeschen Dünger fir perfekt Nolen an héijen Transportopwand ginn zu Laaschte vun der Ëmwelt an der Gesondheet. D‘Fondatioun „Natur&Ëmwelt „ réit dozou, wann et dann e Bam soll sinn, sech fir e regionalen aus dem Bio-Ubau ze entscheeden. Hei gëtt op d‘Gëft verzicht an et kritt déi meescht mam Buedem drun, esou datt ee se eigentlech nom „Gebrauch“ nach kann en den eegene Gaart planzen.

D‘Offer vu biologesche Chrëschtbeem nach kleng

Wéi et vun der Fondatioun „Natur&Ëmwelt“ erkläert gëtt, ass d‘Offer vun zu Lëtzebuerg biologesch ugebaute Chrëschtbeem geréng. Trotz allem sollt ee sech fir e Bam vun engem lokale Produzent entscheeden. De wäiten Transportwee fält ewech – an de Bam ass och däitlech méi frësch – zudeem ass den Ubau meeschtens manner intensiv an och déi genotzte Fläch ass méi kleng.

A wou een esou ee „gudde“ Bam hierkritt, dat weess ee bei „Natur&Ëmwelt“ och. Esou bei der Bamschoul Wal zu Eppelduerf an der Pepinière Loschetter zu Tënten. Och zu Aassel, bei der Famill Meyers kritt een e Bam dee ganz ouni Pestizide grouss ginn ass. Bei Co-Labor zu Bartreng kritt een zwar nëmme Beem aus der Belsch, mee déi sinn och net chemesch behandelt ginn.

De Maximum vun ëmweltfrëndlech ass „Leasing“. Klengt verréckt ass et awer net. Bei der Bamschoul Becker zu Steesel sicht ee sech säi Chrëschtbam aus, dee kritt ee mat engem Ballen. Mat Heem geholl oder geliwwert, geet dat gutt Stéck nom Fest nees zréck a kënnt och nees an de Buedem. Hei sollt een awer uecht dinn a gutt op de Bam oppassen, Waasser ginn a fleege sollt een en.

Net nëmme beim Bam op Nohaltegkeet setzen

Och bei der Dekoratioun deet ee gutt drun op Nohaltegkeet ze setzen. Naturmaterialien, Chrëschtbamkugelen aus Glas a selwer gebastelt Saachen, datt ass hipp, mécht mega Spaass an ass gutt fir d‘Ëmwelt.

Op de Lametta, de wuel aus der Moud komm ass, sollt ee prinzipiell verzichten. Och dee kënstleche „Schnéi“ aus der Dous ass keng gutt Iddi. Emol ofgesinn, datt een de Knascht net méi vum Bam lass kritt, enthält dee „Schnéi“ och nach masseg Chemikalien. Dat muss also net wierklech sinn.

Nom Fest sollt ee säi Bam ouni Ballen awer uerdentlech entsuergen. Am beschten an enger Kompostéierungsanlag. Wien en eegene Kamäin huet, sollt drop uecht dinn, datt iert e verbrannt gëtt, de Bam och dréche genuch ass.

Wien zu gudder Lescht der Meenung ass, datt e Bam an de Bësch gehéiert an net an d‘Stuff, dee muss jo net verzichten. Einfach kreativ sinn a sech ee bastelen. Am Internet gëtt esouvill Virschléi, bis een déi hei ernimmt hätt wier wahrscheinlech schonn Ouschteren, also maacht iech Schlau.

mat Natur&Ëmwelt

Ähnlech Sujeten Chrëschtbeemchen, Natur an Ëmwelt, Nohaltegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel