Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger
Stories

Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger

Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger

Irak: Kampf ëm Tal-Afar, Héichbuerg vum IS bei Mossul
Stories

Irak: Kampf ëm Tal-Afar, Héichbuerg vum IS bei Mossul

Den Haider al-Abadi, irakesche Premierminister, huet an der Nuecht vun

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS
Stories

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

Mëtt vun den 80er Joer erkrankt de Leadsänger vu Queen

Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz

Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz

Um Dënschdeg war am Haus vun der Natur eng Konferenz ënnert dem Titel „Wéi eng Nohaltegentwécklung fir Palestina?„ organiséiert vun engem Ensembel vu Mënscherecht- an Ëmweltorganisatiounen. Duerch d’Konferenz mat uschléissendem Debat huet de Professer an Direkter vum Cytogenetics Laboratoire vum „Palestine Museum of Natural History“ de Mazin Qumsiyeh gefouert.

De Mann mat amerikaneschem Pass gëllt als „Troublemaker“ an trëppelt duerch een onkonventionellen, wëll net streng politesch motivéierten Aktivismus, esou zimlech all deenen op d’Féiss déi sech zu eege gemaach hunn, vläicht net déi eenzeg awer sécherlech beschte Léisungen ze hunn. Säi Pass ass awer och esou zimlech deen eenzege Schutz, deen de Mazin Qumsiyeh huet, wat keen, net emol seng eege Landsleit, bis elo dervunner ofgehalen huet hie festzehuelen an ënner Drock ze setzen. Mee de Wëssenschaftler léisst sech net beandrocken a setzt säi Projet, wéi och seng Iddien, duerch.

Den Naturhistoresche Musée ass zu Betlehem a konzentréiert sech nieft dem Sammele vun Artefakten op d’Recherche an d’Educatioun. Ee vun de bedeitendste Schwéierpunkten awer ass dann awer den Ëmweltschutz an d’Nohaltegkeet. Ee native biologesche Gaart, Permakultur, Imkerei an Déierefleeger erfëllen dann och een duebelen Zweck. Engersäits stellen d’Equippe vum Musée esou sécher dat ancestraalt Agrarwëssen net verluer geet an gläichzäiteg erfuerscht a rehabilitéiert ka ginn. Alles no streng organeschen Oplagen am Bewosstsinn, datt et eng vun de Méiglechkeeten ass sech och landwirtschaftleche Beräich aus der Ofhängegkeet vun Israel ze befreien.

„Aktivismus bedeit: du kriss Problemer!“

Natierlech stéisst duerch de politeschen a wirtschaftlechen Drock deen Israel op Palestina ausüübt, och dee friddlechste Wëssenschaftler op Grenze kann d’Aen net virun al den Ongerechtegkeete verschléissen. Och duerch d’Aarbecht u sech, an de Fait, datt ee sech logescherweis och mat israeleschen Ëmweltaktivisten trëfft a punktuell Aktiounen zesummen duerchféiert fir d’Mënschen op Mëssstänn opmierksam ze maache féiert zu Konflikter. De Mazin Qumsiyeh gesäit dat esou: „Aktivismus bedeit: du kriss Problemer! Ech sinn oft festgeholl ginn, och mat israeleschen Aktivisten zesummen, mee sech net ze wiere geet och net“.

An och wann hie sech, wat jo och verständlech ass, fir Mënscherechter asetzt, esou ass zu gudder Enn dach awer d’Natur a wéi de Mënsch se mat Respekt ka notzen, déi gréisste Motivatioun déi hien Undreift. Als Anekdote sief da bemierkt, datt et him léiwer wier, wa Solarpanéile géifen duerch d’Tunnelle Geschmuggelt gi, wéi doudbrengend Waffen.

Et ass dann och berechtegt sech d’Fro ze stellen, wéi een dann an der Westbank d’Leit iwwerzeegt kritt sech Projeten unzeschléissen oder selwer eppes ka maache wat de Mënschen, der Ëmwelt an den Déieren zu Gutts kënnt wou dach awer nëmme wéineg Ressourcen zur Verfügung stinn a fir villes kee Geld do ass. An dees ass sech de Wëssenschaftler bewosst, geet awer zimlech pragmatesch domadder ëm. An d’Léisung déi hie virdréit ass u sech och einfach. Et muss een de Leit weise, wat méiglech ass a verständlech erklären, datt eng nohalteg Landwirtschaft ee profitabelt Geschäft ass. Manner chemeschen Dünger a Pestiziden brénge wuel an der Transitiounsphasen eppes manner Ertrag, dofir muss da manner investéiert ginn.

Bildung als Chance fir Verännerung

Wat de Mazin Qumsiyeh begeeschtert ass den Interessi deen déi jonk Leit, am besonneschen d’Schüler a Studente matbréngen. Sech Wëssen uneegnen huet en direkten Impakt an ee Kand kann een Erwuessene beréieren. Sou kann een novollzéien, datt de Wëssenschaftler seng Energie op den edukativen Zweck vum Musée konzentréiert. Him ass et dann och wichteg, datt déi Schüler a Studenten och selbstänneg no Léisungen zu Problemer deenen se begéine sichen. Datt klappt ganz gutt wéi Beispiller illustréieren.

Eppes anescht, wat duerch déi besonnesch konfliktgeluede Géigend zum droe kënnt, ass deene sëlleche jonke Mënschen eppes wéi Empathieverständnes mat op de Wee ze ginn. Esou huet och de Naturhistoresche Musée zu Betlehem, zwar a verännerter Form, mee wéi d’Haus vun der Natur een Déierepark, am wellechem Kanner sech mat de Béischte beschäftege dierfen. „Wien sech respektvoll mat Déieren ëmgeet kritt och ee Gefill fir de respektvollen Ëmgäng mat Mënschen“ esou de Professer.

An hie stellt dann nach eppes kloer. Als Amerikaner kann hien sech och op Hollywood beruffen an hie seet dann och däitlech, datt et do keng Virbiller gëtt. „Et ass ëmmer een de Béisen an da kënnt en Held, deen déi Béis dout mëscht an da wier nees alles gutt. Nee, esou ass et net op der Welt. Et gëtt keng gutt oder schlecht Mënschen. Et gëtt just Mënschen déi sech schlecht behuelen an dat falscht maachen.“

Wien elo virwëtzeg ginn ass, wat et mat dem Naturhistoresche Musée op sech huet, dee sollt sech ee puer Minutten huelen an op www.palestinenature.org luusse goen. De Projet deen en Deel vun der Universitéit zu Betlehem ass, gëtt awer haaptsächlech duerch Spende gedroen, de Professer huet selwer ee ganze Batz Geld schonn dra gestach. Ganz flott a besonnesch interessant, ee kann een ee Volontariat op der Plaz maachen. Ze Verdénge gëtt et näischt, mee fir Kascht a Bett ass gesuergt. An et gëtt nach vill aner Méiglechkeeten sech ze bedeelegen. Einfach emol kucke goen, sech Gedanke maachen, da rullt dat.

De Professer Mazin Qumsiyeh mat eisem Journalist (Foto: Nathalie Oberweis)

Ähnlech Sujeten Israel, Nohaltegkeet, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel