Amerika gëtt sech e Gesetz fir den elektronesche Courrier am Ausland ze saiséieren
Um Freideg huet den Donald Trump e Gesetz ënnerschriwwen, mat
Um Freideg huet den Donald Trump e Gesetz ënnerschriwwen, mat
Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde
D’Gemeng Steesel huet wärend Päischten alt nees eppes fir Konschtfrënn
Déi thematesch Dossiere gräifen d’Haaptfächer vun de Schüler vun de verschidde Klassen op a riichte sech souwuel un de Fondamental, wéi och un de Secondaire. AB dem 24. August 2020 kann een d’Material op www.schouldoheem.lu fannen.
All Schüler, deen eng ëffentlech Schoul besicht kritt och d’Méiglechkeet Schoulstoff nozehuelen. Wärend de leschten zwou Woche vun der Vakanz, also vum 31. August bis den 11. September gi speziell Nohëllefcoursen ugebueden. Och Schüler aus private Lycéeën, déi de offizielle Programm behandelt hunn, si concernéiert.
Generell gëllt: Wie Schwieregkeete bei der Umeldung huet, ka sech bis de 26. Juli iwwert d’Telefonsnummer 8002-9090 un d’Helpline wennen.
Beim Fondamental ginn d’Nohëllefcoursen fir all Schüler ugebuede, déi 2019/2020 d’Klasse vun den Zyklen 2, 3 oder 4.1 besicht hunn. Um Programm stinn Däitsch, Franséisch a Mathe.
Um Enn vum Schouljoer hat d’Léierpersonal d’Méiglechkeet, fir Schüler mat Schwieregkeeten, bei dëse Coursen unzemellen. Nach bis de 26. Juli kënnen och Elteren d’Initiative ergräifen an de Formulaire vum Ministère ausfëllen, fir hir Kanner an engem Fach anzeschreiwen.
Fir d’Cyclen 2.2 an 3.2 fannen d’Course vum 31. August bis de 4. September statt. Vum 7. bis den 11. September sinn dann d’Schüler vun de Cyclen 2.1 an 3.1 drun. D’Course vum Cycle 4.1 wäerten déi ganz zwou lescht Vakanzewochen stattfannen. Fir d’Schüler vum Cycle 4.2 ginn, mat Bléck op déi zukünfteg Lycéeszäit, Opfrëschungscoursen organiséiert (zum Formulaire).
Beim Secondaire riichte sech d’Coursen un d’Schüler vu 7e bis 2e (zum Formulaire). Dobäi ginn zwou Zorte Coursen ugebueden:
D’Coursen dauere vum 31. August bis den 11. September 2020 a ginn an den dräi regionalen Zentren ugebueden: Lycée Michel Rodange (Zentrum), Lycée Guillaume Kroll (Süden) an am Dikrecher Lycée (Norden). D’Aschreiwung muss bis de 26. Juli agereecht sinn.
Bei Schüler aus ëffentlechen internationale Schüler gëllt, datt si sech un d’Sekretariat vun hirer Schoul wenne sollen.