Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op
International Money Neiegkeeten

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Dat déi progressiv Relance vun de Wirtschaftsaktivitéiten eng ganz Rëtsch

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees
International Money Neiegkeeten

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees

Bei der jéngster Editioun vun der Wantervullenzielung 2020 hu knapp

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!
International Money Neiegkeeten

Iwwert 116.000 Awunner aus 167 Natiounen wunnen an der Stad. Do gëtt et vill ze maachen!

Et war um Mëttwochmuere fir d‘Éischt, datt sech de neie

money

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht Groussbritannien an der EU esouwäit kloer sinn, stellen sech dann elo ee puer Froen iwwert den „Duerno“. Besonnesch interesséiert dierft een un Handelsbezéiunge sinn. Wéi datt kann ausgesinn, dat versiche mir hei ze beliichten.

Un a fir sech gëtt et dräi Optiounen, déi kredibel sinn: do wier e Partenariat nom norwegesche Modell, e Fräihandelsofkommes nom Beispill vum CETA an eben, fir de Fall datt ee sech net kann oder wëll eens ginn, eng „Relatioun“ déi sech no de Spillregele vun der WTO (Welthandelsorganisatioun) riicht.

Déi norwegesch Optioun

Norwegen huet schonn zweemol de Bäitrëtt an d‘EU vun sech gewisen, an awer ënnerhält dat skandinavescht Land ganz enk Handelsbezéiunge mat der EU. Dat als Member (zanter 1994) vum europäesche Wirtschaftsraum (EEA). Konkret bedeit dat, datt Norwegen um Bannemaart deel hëlt, an esou de fräie Persounen- a Wuereverkéier muss zouloossen.

Norwegen kann awer net „matschwätzen“ wann op EU-Niveau eppes decidéiert gëtt. D‘Land ass net an der europäescher Zollunioun an net ofhängeg vun der gemeinsamer EU-Wirtschaftspolitik. Dat heescht, datt bis op landwirtschaftlech a Fëschereiproduiten – fir déi Oslo keng bilateral Texter mat Bréissel ënnerschriwwen huet – dank der Memberschaft an der EEA den Handel „op“ ass.

Mee d‘Bezéiung zu Norwegen geet wäit iwwer déi wirtschaftlech Relatioun eraus. Esou huet sech Norwegen un d‘Reegel vun der EU ugepasst, dat notamment am Bezuch op Subventiounen, Konkurrenz an ëffentlech Ausschreiwungen.

Och a punkto Aussepolitik an der gemeinsamer Sécherheet, gëtt et eng grouss Zesummenaarbecht an Norwegen ass zanter 2000 am Schengen-Raum. Vläicht mat e Grond, firwat een dat skandinavescht Land mat 5,2 Milliounen Awunner als „Dräivéierelsmember“ vun der EU betruecht. Wann d‘Briten dësem Modell géifen nokommen, kéinten se ouni Problemer hire Finanzsecteur erhalen.

Mee fir d‘Hardliner vum Brexit, schéngt dat keng „gutt“ Optioun ze sinn. Dat huet an éischter Linn domatter ze dinn, datt si géint de fräie Persouneverkéier sinn. Elo verhält et sech awer esou, datt d‘Reegelung vum fräie Verkéier zwéngend op: Persounen, Wueren, Déngschtleeschtungen a Kapital, berout. Zudeem missten d‘Briten och weider an den EU-Budget abezuelen an se géifen der europäescher Geriichtsbarkeet ënnerleien, wat se jo eendeiteg net wëllen.

En Ofkommes no kanadeschem Virbild

Ugesicht de roude Linnen, déi vu London gezu gi sinn – kee Bannemaart, keng Zollunioun – huet een zu Bréissel däitlech gemaach, datt ee sech d‘Fräihandelsofkommes mat Kanada (CETA) zum Virbild hëlt, fir déi „spéider“ Relatioun ze verdéiwen.

Dësen Accord, den am September a senge groussen Zich zur Uwendung komm ass, eliminéiert net nëmmen d‘Erhiewe vun enger Zolltaxe, mee leet och fest, wéi eng sanitär Normen, Gesondheetsnormen, Ursprongsbezeechnungen (AOC) oder ëffentlech Ausschreiwungen anzehale sinn. Wichteg heibäi: Fir all Secteur hunn d‘Europäer an d‘Kanadier verhandelt an sech op de Grad vun der Zesummenaarbecht gëeenegt.

Wann dat Fräihandelsofkommes, wann et mat Kanada oder Japan geschloss gëtt, als ambitiéis dierf betruecht ginn, esou muss ee sech dann awer bewosst sinn, datt esou en Ofkommes mat Groussbritannien der „Insel“ kee Virdeel bréngt. Déi wirtschaftlech Belaaschtung déi hei drun hänkt kann net am Interessi vun de Brite sinn.

D‘Verhandlunge wieren zudeem extrem Komplex. Et géif jo net méi drëms goen, d‘Zolltaxen op e Minimum ze reduzéieren, mee ganz am Géigendeel doriwwer ze entscheede wéi eng Produiten zu wéi enger Tax der Douane ënnerstallt ginn.

Hei dann och nach eng Kéier den Hiweis, datt mat der Aféierung vun Zolltaxen de Problem „Irland“ éischter méi grouss, wéi méi kleng gëtt. Dobäi gesäit et jo awer aus, wei wa weder Irland, nach Nordirland Loscht hätten nees physesch Grenzen anzeféieren. Aus deem Grond gëtt e Fräihandelsofkommes nom CETA-Modell schwiereg.

Wéi ass et mat de Reegele vun der WTO?

Ugeholl et géif ee sech net mat sengem Scheedungspartner eens, wieren et virun allem d‘Briten déi e Problem hätten. Groussbritannien géif vun engem Dag op deen aneren zum „Drëttland“ fir d‘EU ginn. All Handelsbezéiung wier no de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun ausgeriicht.

Dës „Grondreegelen“ géifen dozou féieren, datt all Produkt enger spezifescher Zolltax ënnerläit. Dat kéint d schonn dozou féieren, datt et a verschidde Secteuren zum Stëllstand kéint kommen. D‘Zolltax tëscht Drëttlänner an der EU leien am Schnëtt bei 1,5%. Dat ännert sech awer bei strategesche Secteure wéi der Automobilbranche, wou d‘Tax bei 10% läit.

Laut de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun, wier et da schwéier Wueren aus Groussbritannien ouni wäitreechend Kontroll vun de Douane an d‘EU anzeféieren. Eng Situatioun déi esou net ka vun de Brite gewollt sinn, zemools wou ze bedenken ass, datt déi regulatoresch Aktualiséierung vill Zäit an Usproch géif huelen.

Op der London School of Economics geet een an enger Etüd dovunner aus, datt dësen Zeenario vun de Brexit-Partisane béis ënnerschat gëtt. Op zéng Joer gesinn, géif den Handelsvolummen tëscht Groussbritannien an der EU ëm 40% zréckgoen.

Mam Clément Zampa/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Groussbritannien, Handelsbezéiungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel