Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
International Neiegkeeten

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

Solidaritéit mam Schleck: Keen Äddi fir den Duschène
International Neiegkeeten

Solidaritéit mam Schleck: Keen Äddi fir den Duschène

Souwuel Syndikat vun der Lëtzebuerger Arméi (SPAL), wéi och de

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen
International Neiegkeeten

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“

Nom Brexit: d‘Europäer ginn „normal“ Auslänner

Nom Brexit: d‘Europäer ginn „normal“ Auslänner

Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet nei Immigratiouns-Reegele fir dat Vereenegt Kinnekräich ugekënnegt. Reegelen, déi nom Brexit a Kraaft trieden, an de qualifizéierten Aarbechter d‘Prioritéit zougesteet. Esou gëtt de fräie „Verkéier“ vun den EU-Bierger faktesch suppriméiert.

„Wa mir d‘EU verloossen, da setze mir en Immigratiounssystem a Plaz, dee ee vir allemol mam fräie Verkéier vun den EU-Bierger a Groussbritannien Schluss mécht“, esou d‘Theresa May. „De System baséiert op de Kompetenze vun den Aarbechter, net hirer Hierkonft“.

Esou war et versprach ginn

„Mat dësem neie System, ka verhënnert ginn, datt Leit mat wéineg Qualifikatioun an d‘Land erakommen. Et mécht de Wee fräi, fir eng d‘Immigratioun op e liewensfäegen Niveau anzestellen“, esou d‘Premierministesch. Domatter géif dann och eent vun den zentrale Verspriechen ageléist.

Am Programm, dee bei de Legislativwahlen am Juni 2017 virgeluecht gi war, hat d‘Theresa May sech engagéiert, d‘Migratioun a Richtung Groussbritannien, op ënner 100.000 „Eenheeten“ pro Joer ze begrenzen. 2016 waren nach 273.000 Mënschen a Groussbritannien immigréiert.

Et gëtt dann elo och vun der Premierministesch erwaart, datt si dëse „System“ an enger Ried, déi si e Mëttwoch zu Birmingham um Parteikongress vun de Konservativen (Torrey) hale soll, detailléiert erkläert. Datt dës „Mesure“ net wierklech den Austrëttsverhandlungen entgéint kënnt stéiert keen.

Keng Plaz fir Leit ouni Goss

Wat déi nei „Reegelen“ ugeet, esou ass elo gewosst, datt déi Leit, déi sech op der Insel wëllen néierloossen, e gewësse Revenu noweise mussen. Domatter soll séchergestallt ginn, datt „Friemer“ keng Aarbechtsplaze besetzen, déi vu britesche Bierger kéinten ausgefëllt ginn. Interessant, dës Reegele ginn och bei der Ausstellung vu Studente-Visaen ugewannt.

Bis ewell kënnen sech EU-Bierger ganzt fräi a Groussbritannien installéieren an do schaffen. Dës Situatioun soll no der Transitiounsphas „Post-Brexit“ am Dezember 2020 ofgeschaaft ginn. Dat setzt dann allerdéngs viraus, datt et tëscht London a Bréissel zu engem Accord beim Austrëtt kënnt.

Dësen neie „System“ baséiert op de Recommandatiounen, déi de consultative Comité zur Migratioun (CAM) der Regierung virgeluecht huet, an deen den 18. September verëffentlecht ginn ass. Den Direkter vun der CAM, hat de 24. September un enger Kabinettssëtzung deelgeholl wou hie seng Conclusioune virgedroen huet.

Keng Privileger fir d‘Europäer

An der Etüd vum CAM, gëtt recommandéiert, en Immigratiounssystem op d‘Been ze stellen, deen de Bierger aus dem europäesche Wirtschaftsraum keng Avantagen araumt. Zumindest dann net, wann d‘Fro vun der Immigratioun net am Kader vun den Austrëttsverhandlunge behandelt gëtt.

„Dowing Street“ huet nach preziséiert, datt ee „Wäiss Buch“ zur Immigratioun nach an dësem Hiecht verëffentlecht gëtt. Un engem Gesetz an dëser Matière gëtt nach gebastelt a geschrauft. D‘Gesetz soll awer schonn am éischten Trimester 2019 virgestallt ginn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Accord, Bréissel, Brexit, EU-Bierger, Immigratioun, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel