Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)
Neiegkeeten

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Neiegkeeten

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?

Gëschter Mëtteg sinn an der Réidener Schwämm déi zwou nei

Kollektivvertrag fir Spidäler ënnerschriwwen
Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir Spidäler ënnerschriwwen

No laangen, zum Deel heftegen Diskussiounen an divers Manifestatioune, ass

D’Zäit nom Confinement: Exit-Strategie? An elo?

D’Zäit nom Confinement: Exit-Strategie? An elo?

Sou, d’Fréijoersbotz ass gemaach – d’Fënstere blénken, d’Schief si sortéiert a geraumt an d’Regierung huet déi éischt Moossnamen zur Exit-Strategie erausginn. Ech si gespaant ob dat eppes gëtt. Wéi wäert et a Realitéit ausgesinn?

Fakt ass, esou solle mir an Etappen aus dem Confinement erauskommen, zeréck an déi sozial Welt. Bei d’Famill a Frënn. Op d’Aarbecht. Ee Fouss nom aneren, ganz lues. Esou sécher et momentan méiglech ass. Dat ass jo schéin a gutt, ma ech stelle mir awer Froen. D’Corona-Kris ass ee gesondheetlecht a wirtschaftlecht Desaster. Wéi gesäit et dono aus? Wann d’Uerdnung nees hiergestallt ass?

Meng Fro ass op psychesch Auswierkungen ausgeluecht. Elo, an der Kris si mir méi solidaresch a sti fireneen an. All Eenzele vun eis wäert eng Lëscht hunn – an d’Vakanz goen, an d’Schwämm, e gudde Menü am Restaurant iessen, e Concert besichen a sou weider. Setzt een se ëm?

Confinement

© Ivan Marambio / Unsplash

Mä, wéi reagéiere mir op d’Fräiheet? Liewe mir eis Pläng aus oder bleiwe mir am Schleekenhaus? A wa mir erëm aus dem Haus dierfen? Am Kino sëtzen an de Géigeniwwer fänkt u mat houschten? Wéi wäert eis Reaktioun sinn? Angscht? Bleift se fir ëmmer am Hannerkapp? Ewéi gesäit et am Supermarché aus? Wäerten eis Schudderen iwwert de Réck lafen? Gi mir instinktiv op Distanz? Kann de Mënsch eng sozial Phobie entwéckele fir sech ze schützen? Oder ass de Coronavirus iergendwann nëmmen nach eng schlecht a batter Erënnerung, déi mir eisen Enkelkanner erzielen?

D’Angscht däerf eis net opfriessen – a scho guer net dominéieren!

Mir sollten eis déi néideg Zäit huelen – fir e gesond Mëttelmooss ze fannen. Jidderee fir sech an awer zesummen, dann ass et méi liicht ze droen. Mir däerfen eis selwer net am Wee stoen, mir mussen de Schreck hannert eis loossen. Iergendwéi. De Kapp héich halen a liewen, sou gutt et geet. Well kee weess, wat eis an Zukunft erwaart. Et kéint nach méi schlëmm sinn …

Bleift gesond a passt op Iech op!

Opmaacherbild: © Jacek Dylag / Unsplash

Ähnlech Sujeten Akafen, Angscht, Confinement, Coronavirus, Covid-19, Exit-Strategie, Fräizäit, Kino, Zäit duerno
Nächsten Artikel Virrechten Artikel