Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz
International Neiegkeeten Stories

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz

En Dënschdeg, huet déi kanadesch Regierung, d‘Bréifdréier vun der parastaatlecher

Klénge „Pieks“ grouss Wierkung
International Neiegkeeten Stories

Klénge „Pieks“ grouss Wierkung

Vill pharmazeutesch Entreprise sinn op der Sich no engem Impfstoff

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!
International Neiegkeeten Stories

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!

„Schumms du dech net brong Aen ze hunn? Du bass

Nom EU-Sommet, ass virum EU-Sommet

Den Dissens iwwert d‘Zukunft veriergert eise Premier a seng Conclusioun ass batter

Nom EU-Sommet, ass virum EU-Sommet

EU-Sommete sinn näischt fir Mënsche mat schwaachen Nerven an esoulaang wéi déi Regierungs- a Staatscheffe fir d‘éischt hir eegen a perséinlech Interessen, dann déi national Interessen an eventuell d‘EU-Interessen – wann déi mat den zwee éischten iwwerenaner stëmmen – vertrieden, kann sech Europa net entwéckelen. Dat veriergert eise soss éischter Konsensfäege Premier Xavier Bettel (DP).

Gëschter am Nomëtteg, de Sommet war gelaf, huet de Lëtzebuerger Premier zanter laangen nees en traurege Fazit gezunn. Den Echange mat den anere Regierungs- Staatscheffe muss hefteg gewiescht sinn, och wann ee sécherlech dierf begréissen, datt een zumindest beim Brexit Zesummenhalt konnt beweisen. Fir de Rescht géif et allgemeng un „Ambitiounen“ feelen. Déi ginn awer gebraucht.

EU-SommetEsou huet de Xavier Bettel drop higewisen, datt der neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hire strategeschen Agenda muss mam Budget an Aklang bruecht ginn, zumindest wann et éierlech gemengt ass, datt d‘EU méi attraktiv an digital muss ginn. Et bréicht en ëmfaassende Pak an deem Wirtschaft, Soziales a Klima enthale sinn, an deen der Jugend Zukunftsperspektive gëtt.

Wann et ëm d‘Geld geet

Dat mam Budget ass awer esou eng Saach. Grad beim pluriannuelle Budget fir 2021/27 schéngt et ganz zolidd ze klemmen. Gutt duerch de Brexit geet e Contributeur verluer, dee ronn 90 Milliarden Euro an de Kuerf geluecht huet. E Lach datt muss gestoppt ginn, firwat déi verbliwwe Memberen eppes méi déif an d‘Täsch gräife mussen. Lëtzebuerg jiddefalls, esou de Premier, wier dozou bereet.

Eng Ausso déi dem Xavier Bettel dierft liicht falen, iwwer Geldsuerge kann sech Lëtzebuerg net wierklech bekloen an d‘Konjunktur „brummt“. Fir aner Länner ass d‘Wirtschaftssituatioun eppes manner erfreelech. Woubäi de Premier ee schlagfäerdegt Argument huet. Hie gëtt ze bedenken, datt all Land vun der EU, 10% vum nationale Brutto-Akommes iwwert seng Memberschaft generéiert.

EU-Sommet

Et war wuel dem Jean-Claude Juncker säi leschte Sommet als EU-Kommissiounspresident. An hien huet duerchaus d‘Recht houfreg op seng Mandatsperiod ze sinn. © EU-Commission

Laut der EU-Kommissioun muss een wann d‘Brite bis Äddi gesot hunn, de Budget zu 27 gestalten an do geet 1% vum nationale Brutto-Akommes als Beitrag net méi duer. D‘Kommissioun schléit vir den Apport vun de Memberlänner op 1,114% unzehiewen. Besser wieren 1,16%, zumindest wann ee wéi de Xavier Bettel e Budget fir d‘Zukunft opsetze wëll. Dofir geet et awer kee Konsens.

Matten dran a voll dergéint

Wann et beim Geld nach verständlech ass, datt et zu kontroversen Diskussioune kënnt, esou geet et nach „Problemer“ déi dem Xavier Bettel de Schlof klauen. Dat betrëfft den Ëmgang mat de Wäerter fir déi d‘Unioun eigentlech sollt astoen an datt „Eestëmmeg“. Et geet him (zu Recht) voll a ganz géint de Stréch, datt et politesch Mandataire gëtt, déi de Projet Europa vu bannen zerstéiere wëllen.

Mat Länner wéi Polen (do gëtt de Rechtsstaat ofgeschaaft) oder Ungarn (do ass d‘Pressefräiheet a Fro gestallt) déi eng fundamental nationalistesch Politik verfollegen, eng Fraktioun am EU-Parlament déi explizit eng faschistesch Ideologie verkierpert an de Problemer bei der Gestaltung vun der neier Kommissioun, wäert et nach eppes dauere bis sech eise Premier nees berouegt kritt.

EU-SommetAn dann ass do och nach de „Klima“. Wann den Europarot d‘Resultater vum UN-Klimasommet begréisst huet, esou hält sech d‘Bereetschaft iwwer Klimawandel a Moossnamen ze schwätzen a Grenzen. Ganzer 12 Minutte sinn dësem jo awer wichtege Problem zougestane ginn, wat grad de Jonken, déi solle Vertrauen an Europa hunn, wéi e Schlag matten an d‘Gesiicht dierft virkommen.

De Juncker och net erfreet

Nieft eisem Premier, gëtt et nach e Lëtzebuerger dee mat dësem Sommet éischter onzefridden ass, an dat ass keen anere wéi de President vun der EU-Kommissioun. Op där enger Säit gëtt sech ëm héijer Beiträg fir de Budget gestridden, anersäits gëtt ëmmer nees d‘EU-Erweiderung a Fro gestallt. Albanien an Nordmazedonien géifen der Unioun nawell gäre Bäitrieden, wat awer net evident ass.

Hei bedauert de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, datt den EU-Rot de Lancement vun de Bäitrëttsverhandlunge mat Albanien an Nordmazedonien net zougestëmmt huet. Frankräich war vun Ufank un dergéint, an huet an den Dänen an den Hollänner Matstreider fonnt, déi den Efforte vun dëse Länner net géife gerecht ginn. Dobäi wier et wichteg seng Engagementer och anzehalen.

EU-SommetAn eigentlech kéint et him egal sinn, vu datt hien (wann et net nach emol zu enger Verlängerung kënnt) den 1. Dezember an eng wuel verdéngte Pensioun geet. Mee dat ass net dem Jean-Claude Juncker seng Aart a Weis. Sécher, och hien huet seng Ecken a Kanten, an ass zuweilen och eppes ëmstridden. Et léist sech net ofstreiden datt hien d‘Land an d‘EU international gutt vertrieden huet.

Net Feelerfräi

Seng Ära geet awer op en Enn an et trëtt eng Fra seng Nofolleg un. Datt hien iwwerhaapt zu dësem Mandat komm ass, huet och eppes domatter ze dinn, datt et 2013 zu Lëtzebuerg e „politesche Wiessel“ ginn huet, deen dem Jott-zé-Jott seng Carrière als Lëtzebuerger Premierminister beendegt huet. Immens beléift am Land, huet hien dann awer d‘EU-Wahlen 2014 haushéich gewonnen.

Eng flott Revanche géintiwwer dem „Putsch“ an eng Opportunitéit fir Lëtzebuerg. De Jean-Claude Juncker huet den 1. November 2014 de Portugis Manuel Barroso als EU-Kommissiounspresident ofgeléist. Elo 148 Sommete méi spéit ass un him, den „Zepter“ weiderzereechen. An datt kann hie mat erhuewenem Kapp maachen, och wann hie sech zougesteet Feeler gemaach ze hunn.

EU-Sommet

Si hu vill Schluechten zesumme gewonnen. De Jean-Claude Juncker an d‘Angela Merkel beim Tête-à-tête. D‘Bundeskanzlerin huet dem ausscheedenden EU-Kommissiounspresident fir säin onermiddlechen Asaz fir Europa Merci gesot. © Steffen Seibert (via Twitter)

Vläicht sollt een awer seng Errongenschaften ervirhiewen: esou de „Juncker-Plang“ deen Europa Investissementer an Héicht vun 315 Milliarden Euro abruecht huet. Oder wéi wier et mat der Consolidéierung vun der Wirtschafts- a Währungsunioun. An nëmmen ugeholl de Boris Johnson géif dat britescht Parlament vum „New Deal“ iwwerzeegt kréien… och dat misst een him urechnen.

mat indymedia/bru an dem Laure Schlesser

Foto: Dat eenzegt wat se sech gutt schreiwe kënnen, ass den Deal mam Boris Johnson. Beim Budget an dem Klima dogéint ass et wéi ëmmer: „keng Entscheedung ass och eng Entscheedung“ © EU-Commission

Ähnlech Sujeten Brexit, Budget, Erweiderung, EU-Sommet, Jean-Claude Juncker, Klima
Nächsten Artikel Virrechten Artikel