Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir d’Ëmwelt an de Klima: Carole Dieschbourg zu Bréissel
International Neiegkeeten

Fir d’Ëmwelt an de Klima: Carole Dieschbourg zu Bréissel

Op engem doudege Planéit gëtt et keng Aarbecht“. Un dësem

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6
International Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6

Och an dëser Ronn hu mer de Bléck iwwert d’Landkaart

Pipo Peng: Domm Elteren
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Domm Elteren

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch

De franséische Premierminister Édouard Philippe huet sech e Méindeg a Neikaledonien mat de Vertrieder vun de politesche Beweegunge getraff. Nëmmen een Dag nom Referendum zur Autodeterminatioun. Obwuel d‘Independantisten sech konnte behaapten, huet sech Neikaledonien entscheet franséisch ze bleiwen.

Den Édouard Philippe, dee mat der Ministesch fir Iwwerséi-Territoire, Annick Girardin, aus dem Vietnam ugereest ass, muss elo mat all politescher Grupp, déi am Kongress vu Neikaledonien siegéieren, schwätzen. Duerno geet et a Richtung Norden, wou hien sech mat den Independantisten, Paul Néaoutyine (President vun der Nord-Provënz) an Daniel Goa (President vun der kaledonescher Unioun) soll ënnerhalen.

Fir de Regierungschef, deen eréischt fir d‘zweet um „Steen“ – esou gëtt d‘Insel am Volleksmond genannt – ass, eng, ugesiichts dem Ausgang vum Referendum, gutt Geleeënheet, den 30 järegen Dialog weiderzeféieren. Dee war no engem „Biergerkrich“ an den 80er Joren, tëscht de Kanaken (d‘Urawunner) an de Kaldochen (Awunner mat europäeschem Ursprong) noutwenneg ginn.

Zur Diskussioun steet d‘Zukunft vun dësem strategesch wichtegen Territoire. Hei gëtt et grouss Néckel-Reserven. Wichteg och ze bedenken, datt Neikaledonien, nom Brexit, dee leschten Zipfel europäesch Union an dëser Géigend ass.

Jo zu Frankräich, jo zu Europa?

E Sonndeg hunn sech déi Neikaledonier beim Referendum zu Autodeterminatioun, mat 56,4% entscheet am Schouss vun der „grande Nation“ ze bleiwen. D‘Sondage waren hisichtlech der Onofhängegkeet „schlecht“, mee mat 43,6% vun de Suffragen, hunn d‘Independantiste fir eng Iwwerraschung gesuergt, an hir Positioun gestäerkt.

D‘Wieler hätten awer gewisen, datt si es dem Gestreits midd sinn, a méi verséinlech Téin ustriewen. Fir de Jean-Pierre Aïfa, Member vum „Comité des sages“ ass de Referendum awer och e Message un all déi politesch Vertrieder, déi optimistesch op e gréisseren Ecart gehofft haten. Dëse Comité war instauréiert ginn, fir e „rouege Referendum“ sécherzestellen.

Wat d‘Bedeelegung um Referendum ugeet, esou war déi mat 80,63% „iwwerzeegend“. De Francis Lamy, President vun der Kontrollkommissioun, huet e Méindegmueren erkläert: „Et ass keng signifikativ Irregularitéit, déi d‘Resultat kéint a Fro stellen, festgestallt ginn“. Verschiddentlech ass et awer zu klengen Ausenanersetzunge komm, an déi virun allem jonk Leit verwéckelt waren.

E Sonndeg, kuerz no der Proklamatioun vun de Resultater, hat sech de franséisch President, Emmanuel Macron zu Wuert gemellt. Hien ass erfreet, datt et zesumme gelongen ass, dës historesch Etapp ze iwwerstoen an déi meescht Kaledonier sech fir Frankräich ausgeschwat hunn. Domatter wier elo kloer, datt et keen anere Wee gëtt, wéi dee vum Dialog.

De Wonsch „onofhängeg“ ze sinn

Gestäerkt duerch e gutt Resultat, hunn d‘Independantiste schonn um Sonndegowend ugekënnegt, datt si gewëllt sinn, bis un de Wupp vum Accord vun Nouméa (1998) ze goen. Si wëllen datt, wéi et am Accord virgesinn ass, an de nächste véier Joer nach zu zwee weidere Referende kënnt.

„Elo deet sech eng zweet Period op (…) mir sinn iwwerzeegt, ugesiichts de Resultater, datt de Projet vun der FLNKS (Kanakesch sozialistesch Front vun der Nationaler Befreiung) tatsächlech eng Alternativ ass“, ënnersträicht de Roch Wamytan, Chef vum Grupp UC-FLNKS an Nationalisten am Kongress. „Mir sinn nach net um Enn, ganz am Contraire“.

De Louis Mapou, Chef vum Grupp UNI-FLNKS (National Unioun fir d‘Onofhängegkeet) am Kongress: „d‘Independantiste sinn duerch dëst Resultat nach méi motivéiert wéi virdrun, fir den zweeten an drëtte Referendum unzefroen. Ab muer bereede mir d‘Braut vir, op datt se 2020 nach eppes méi schéin ausgesäit“.

Op där aner Säit, huet de Philippe Gomès nom Referendum eng ganz „honorabel Néierlag“ vun den Independantiste begréisst. „Et geet awer en Ecart vu 18.000 Stëmmen. E Referendum 2020 ass esou net iwwerzeegend ze gewannen“.

Et geet och a Neikaledonien ëm d‘Finanzen

Am Kontext vum Referendum muss nach drop higewise ginn, datt déi dräi Parteien, déi sech als „loyalistesch“ gesinn, an der Campagne op zwee ganz wichteg Aspekter opmierksam gemaach haten: dat ass engersäits de „Schutz“ dee Frankräich bitt, an anersäits 1,3 Milliarden Euro „Hëllef“. Si hunn dann och gehofft, datt eng „zolidd“ Victoire, nei Referende géif iwwerflësseg maachen.

Laut dem Sonia Backès, Presidentin vum Grupp „d‘Republikaner“ am Kongress, bréngt dësen neie Referendum „véier Joer Instabilitéit“ fir Neikaledonien. Si huet en Appell un d‘Unioun vun de Loyaliste geriicht „fir dem Getierkels vun de leschte Joren en Enn ze bereeden, wat eenzeg dozou gefouert huet, datt d‘Independantisten elo gestäerkt goufen“.

Fir de Pierre-Christophe Pantz, Dokter a Geopolitik, ass et kloer, datt een net de selwechten Toun an de Gespréicher uschléit, wann een 43% amplaz 30% erreeche konnt. „Dat zwéngt d‘Loyalisten zu Konzessiounen a Kompromësser“.

De Referendum am Neikaledonien, ass d‘Resultat vun enger grousser Versöhnungsaarbecht tëscht de Kanaken an de Kaldochen. Déi war 1988 mat den Accorde vu Matignon ageleet ginn. Accorden déi no de Gewaltausbréch an den 80er, déi hiren Héichpunkt mat der Geiselnam an der Erstiermung vun der Ouvéa-Grott – hei si 25 Mënschen am Mee 1988 gestuerwen – hat.

mam Claudine Wery an dem Marc Preel/AFP

Foto: Um Referendum fir d‘Autodeterminatioun an Neikaledonien, hunn vun iwwer 80% vun de Kaledonier deelgeholl. 56,4% vun der Wieler hunn sech fir de Verbleif a Frankräich entscheet. © Theo Rouby/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, Kaldochen, Kanaken, Kolonie, Neikaledonien, Onofhängegkeet, Referendum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel