Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix
International Neiegkeeten

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix

De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer

surprise
Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen
International Neiegkeeten

Europa muss sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen

Staatscheffen aus siwen EU- Länner vu Südeuropa waren um Mëttwochowend

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen
International Neiegkeeten

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel

Den Donald Trump huet beim Sommet zu Singapur, eng Invitatioun op Pyongyang vum Kim Jong-un ugeholl. Dat verséchert um Mëttwoch déi offiziell nordkoreanesche Presseagence. Op där aner Säit felicitéiert sech den US-President, eng nuklear Katastroph verhënnert ze hunn.

A senger éischter Zesummefaassung vum Sommet zu Singapur, huet d‘Agence KCNA den Avis ginn, datt dës eenzegaarteg Renconter d‘Dier fir e radikale Wiessel opgemaach huet: „De Kim Jong-un huet den Trump ageluede Pyongyang zu engem gënschtegen Zäitpunkt ze besichen, an den Trump huet den Kim agelueden an d‘USA ze kommen“. Laut KCNA hätt den US-President och en ophiewe vun de Sanktiounen ugeschwat.

„D‘Welt huet e grousse Schratt ewech vun enger potentieller nuklearer Katastroph gemaach! Keen Ofschoss méi vu Rakéiten, Tester oder nuklear Fuerschung!“, schreift den Donald Trump an engem Tweet, während der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch. Mat kengem Wuert bestätegt den US-President, datt hien d‘Aluedung vu Pyongyang ugeholl hätt.

Um Mëttwochmueren huet déi nordkoreanesch offiziell Zeitung „Rodong Sinmun“, op der éischter Säit d‘Foto vum historeschen Handschlag, virun enger Rei vun US a nordkoreanesche Fändelen, ënnert dem Titel „D‘Renconter vum Joerhonnert mécht de Wee fräi fir eng nei historesch Ära vun de Relatiounen tëscht zwee befeindete Länner“, verëffentlecht. E Sommet deen nach virun e puer Méint onvirstellbar war, wou sech béid Männer bal all Dag géigesäiteg beleidegt hunn.

D‘Japaner schéngen net iwwerzeegt

Trotz engem allgemeng gudde Feedback an de Medien, novollzéibare Resultater, notamment am Bezuch op d‘Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel, ass een a Japan méi virsiichteg wéi optimistesch. Déi konservativ Dageszeitung „Sankei“ denoncéiert carrement eng „Reality Show“ an eng Deklaratioun „ouni Substanz“.

Dem Kim Jong-un, deen sech zu Singapur op e neits fir „déi integral Denuklearisatioun vun der Hallefinsel ausgeschwat“ huet, gëtt net richteg getraut. D‘Ausdrocksweis déi vu Pyongyang benotzt gëtt, wier wäit dovunner ewech, wat vun den USA erwaart gëtt. Eng Denuklearisatioun esou wéi se geduecht ass, muss ausser datt se komplett ass, och iwwerpréifbar an irreversibel sinn.

Mee Pyongyang huet gutt Ursaache mam Sommet vu Singapur zefridden ze sinn, deen als grousse Succès fir en isoléierte Regime muss gewäert ginn. Engem Land, dat och nach vun extrem haarde Sanktioune betraff ass, a säit Éiwegkeeten drop aus, endlech eng gewësse Legitimitéit um globale Spillfeld ze erhalen. Datt elo d‘Denuklearisatioun net vun haut muer kënnt, ass gewosst.

Schluss mam Säbelgefuchtels

Bei enger spektakulärer Pressekonferenz nom Sommet, huet de Locataire aus dem Wäissen Haus ugekënnegt, datt d‘USA hir Militärmanöver mat Südkorea beendegen. Den Donald Trump huet dës Manöver selwer als „Provokatioun“ géintiwwer dem Norde bezeechent. A Pyongyang huet zanter laangem gefuerdert, datt déi militäresch Übungen opzehalen hätten.

De Regime huet d‘Manöver ëmmer als eng Virbereedung fir d‘Invasioun vu Nordkorea betruecht. Bei ronn 30.000 US-Zaldoten déi a Südkorea stationéiert sinn, dat ënnert dem Virwand de Süde virun enger méiglecher Aggressioun aus dem Norden ze schützen, ass de Gedanken novollzéibar. „Während mir derbäi sinn e globalen Accord ze verhandelen, sinn ech der Usiicht, datt et net ubruecht ass Militärmanöver ofzehalen“, esou den Trump.

Seoul an den US-Militärkommandant a Südkorea hunn hirersäits awer betount, datt si vun dëser Ausso iwwerrompelt gi sinn. Keen hätt si virgewarnt gehat. An der Serie vun Tweets, déi den US-President an der Nuecht op e Mëttwoch lassgelooss huet, ass den Trump op d‘Méiglechkeete vun enger wirtschaftlecher Entwécklung vu Nordkorea agaangen, wann et mat der Denuklearisatioun da klappe sollt.

Singapur

En Dokument mat der Ënnerschrëft vun zwee Staatscheffen, déi sech nach bis virun e puer Woche géigesäiteg esou beleidegt hunn, datt et scho bal engem Wonner gläicht, datt et zu gudder lescht dann awer nach zum Sommet tëscht dem Kim Jong-Un an dem Donald Trump komm ass. © Saul Loeb/AFP

Wéi d‘Welt op den „historesche Sommet“ reagéiert

Seoul: „Den Accord vu Sentosa bleift der Weltgeschicht als Evenement erhalen, mat deem de kale Krich op en Enn gaangen ass“ heescht et enthusiastesch säitens dem südkoreanesche President Moon Jae-In. Hien erkennt de Courage un, déi de Kim Jong-Un an den Donald Trump mat hirer Resolutioun bewisen hunn.

Peking: „D‘Tatsaach, datt déi héchsten Dirigente vun den zwee Länner nieftenaner sëtzen, fir e Gespréich op Aenhéicht ze féieren, huet eng grouss Bedeitung a stellt den Ufank vun enger neier Geschicht duer“, esou de chineseschen Ausseminister Wang Yi. „China begréisst an ënnerstëtzt dat. Et ass en Objektiv dat mir erhofft a fir dat mir eis agesat hunn“.

Fir de geschichtlechen Alliéierte vu Nordkorea, muss et – esou wéi dat och vun den USA gefuerdert gëtt – zu enger integraler Denuklearisatioun kommen. Dat geet awer nëmmen zesumme mat engem Friddensprozess fir déi koreanesch Hallefinsel. Deen eleng kann de Nordkoreaner esou eppes wéi e „Sécherheetsgefill“ vermëttelen, huet de Wan Yi ënnerstrach.

Moskau: „Eleng d‘Tatsaach datt dëse Sommet stattfonnt huet ass natierlech positiv“, begréisst de russeschen Ausseminister Serguei Lavrov d‘Entrevue tëscht béide Staatscheffen. „Mat de ganzen Aktiounen opzehalen, déi ëmmer als Provokatioun hu misse verstane ginn, ass eng essentiell a villverspriechend Mesure déi Vertraue schaaft“, heescht et am Communiqué.

Tokio: D‘Absicht vum Kim Jong-Un „eng integral Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel sécherzestellen, ass schrëftlech bestätegt ginn. Ech ënnerstëtzen dësen éischte Schratt an Richtung vun enger Léisung zum Ensembel vun de Froen déi sech mat Nordkorea stellen“, huet de japanesche Premierminister Shinzo Abe géintiwwer de Medien ausgesot.

UNO: Och op de Vereenten Natioune war de Sommet tëscht dem Kim Jong-Un an dem Donald Trump mat groussem Interesse verfollegt ginn. Et ass dann och, elo wou bekannt ass wéi et bei de Gespréicher gelaf ass, en zefriddenen UN-Generalsekretär gewiescht, deen sech zur Situatioun geäussert huet. „Eng wichteg Etappe“, esou den Antonio Guterres.

Bréissel: D‘Frederica Mogherini, EU-Kommissärin fir auswäerteg Ugeleeënheete stellt fest: „de Sommet vu Singapur ass eng wichteg a néideg Etapp fir d‘Denuklearisatioun. An d‘Zil muss et och sinn (…) zu enger vollstänneger, iwwerpréifbarer an irreversibeler Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel ze kommen. En Objektiv dat ze erreechen ass“.

Berlin: Den Däitschen Ausseminister Heiko Maas gesäit an dësem Sommet „e éischte Schratt an déi richteg Richtung. (…) Et muss ee begréissen, datt d‘Spiral vun der Eskalatioun, esou wéi mir si 2017 materlieft hunn, elo op Enn komm ass“. Mee och Berlin erhofft sech d‘Denuklearisatioun vun der Hallefinsel an datt „Pyongyang der internationaler Communautéit nees vertraue schenkt“.

Paräis: D‘Nathalie Loiseau, franséisch Ministesch fir europäesch Ugeleeënheeten, gesäit am Sommet e wichtege Schratt fir de Fridden, mee bezweiwelt, datt an deene puer Stonnen all d‘Ziler konnten definéiert ginn. Zudeem bedauert si, datt Washington en duebele Standard uwennt. Den Accord mat Teheran kënnegen, wou den Iran dëse respektéiert huet, an da mam Kim en Dokument ënnerschreiwen, an deem dëse belount gëtt fir géint all international Ofkomme verstouss ze hunn“.

London: Och zu London gëtt e „konstruktive Sommet“ begréisst. De briteschen Ausseminister: „De Kim Jong-Un huet zu gudder Lescht de Message verstanen, datt eenzeg e Richtungswiessel de Nordkoreaner eng besser Zukunft versprécht. Et bleift nach villes ze maachen a mir hoffen, datt de Kim och weiderhin éierlech am Sënn vun enger vollstänneger Denuklearisatioun verhandelt“.

Warschau: „Et muss engem bewosst sinn, datt et eng éischt Renconter war a sech hei mat engem gräisslechen Diktator ausenanergesat ginn ass“, esou de Jasek Sasin, Chef vum polnesche Ministerrot. „Historesch betruecht, sinn esou Accorde mat Diktatoren oft schlecht ausgaangen. (…) Dat war de Fall beispillsweis mam Hitler an dem Stalin. (…) Ech hoffen hei ass et anescht“.

Méi gemälleg, den Krzysztof Szczerski, Chef vum Cabinet vum polnesche President Andrzej Duda. „Déi lescht Wochen huet de President Donald Trump de facto e neit Relatiounsmodell tësche Staaten agefouert. Hien huet e puer Gesten an der internationaler Arena gewisen, déi hien als souveräne Spiller auszeechnen“.

Oslo: Fir déi norwegesch Ausseministesch, Ine Eriksen Søreide, war et ganz positiv datt et zu dëse Gespréicher komm ass. Et wier offensichtlech datt den Toun „frëndlech“ gewiescht ass. Mat der Deklaratioun sollt déi international Communautéit zefridde sinn, och wann elo déi eigentlech Efforte fir e Fridden an d‘Denuklearisatioun elo eréischt musse geleescht ginn.

Israel: De Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sengem Frënd aus Amerika zu dësem erfollegräiche Sommet gratuléiert, an gesäit heiranner, datt d‘Aussepolitik vun den USA, och seng Friichten am nuklearen Dossier mam Iran dréit. „De President Trump huet eng offensiv Positioun géint den Iran ergraff, wat sech schonn op d‘Wirtschaft auswierkt“, esou den israelesche Premierminister.

mam Park Chan-kyong/AFP

Foto: De Kim Jong-Un an den Donald Trump bei der Ënnerschrëft vun der Resolutioun iwwert d‘Denuklearisatioun vun der koreanescher Hallefinsel. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Denuklearisatioun, Donald Trump, Kim Jong-Un, Nordkorea, Singapur, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel