Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?
Love Meenung

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?

Lëtzebuerg ass elo sécherlech net fir séng Bierger bekannt. An

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an
Love Meenung

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an

E Méindeg hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) zu New

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
Love Meenung

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

love

Nom Wahlkampf ass virum Wahlkampf

Meenung

Nom Wahlkampf ass virum Wahlkampf

Kaum ass deen ee Wahlkampf zu Enn gaangen, fänkt och schonn deen nächsten un. Et huet een et haart an däitlech op den ënnerschiddlechen politesche Rentrée vun de Parteien héiere kennen. Dat läscht Joer vun der aktueller Regierung wäert nach emol wiesentlech méi mat haarde Streidereien iwwert d’Bühn goen. Well et wëll een sech jo am Kuerzzäitgediechtnes vun den eenzelen Wieler méiglechst breet maachen, fir dann eventuell am Oktober vum nächste Joer dKräiz ze ergatteren.

Wéineg verwonnerlech also, datt elo schonn iwwert d’Halschent vun de Leit mengen, datt des Gemengewahlen iergendwou och e Barometer fir d’Chamberwahle wier. Dat ass net onbedéngt onlogesch, virun allem, well et der vill ginn, déi kloer no hire politeschen Tendenzen wielen. Mee do ginn et dann dach e puer logesch Stolperfalen.

Éischtens kann een net an all gemeng all Partei wielen. Esou vill ass kloer, d’Kommunisten, der adr, d’Piraten, jo mol net déi gréng sinn iwwerall esou present, datt se och iwwerall eng Lëscht opgestallt kréien. Dann hu mer nach guer net vun deene klenge Gemengen hei am Land geschwat wou ee mol net Parteie wiele kann. An zu gudder läscht ass dann do och d’Tatsaach, datt bei Gemengewahlen nach e gutt Stéck méi panachéiert gëtt. De Verglach hinkt also.

An awer menge verschidde Parteien, dorënner d’DP, datt hier Regierungsparticipatioun dozou féiere géif, datt se op Gemengeniveau gestäerkt géife ginn. An och ëmgekéiert. Mee deen Ament kéint ee sech jo schonn den een oder anere Wahlkampf spueren, oder? Genau dorunner hapert et: Déi Wiesselwierkung kennt kloer Limitten. A grad dowéinst wäerte mer dat nächst Joer wahrscheinlech e Wahlkampf gesinn, dee nach emol wiesentlech méi mat haarde Bandage wäert gekämpft ginn.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Gemengewahlen 2017
Nächsten Artikel Virrechten Artikel