Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer
Neiegkeeten

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer

Gëschter huet S.E. d’Arlette Conzemius, Ambassadrice vu Lëtzebuerg zu Bréissel

Juristesch Néierlag fir den US-President
Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!
Neiegkeeten

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an

Méchs de d‘Grenz zou, da gëtt et näischt mat der Noperschaft (Analys)

Méchs de d‘Grenz zou, da gëtt et näischt mat der Noperschaft (Analys)

Datt Däitschland seng Grenzen dicht gemaach huet – also net esou ganz oder endgülteg – huet zuweilen zu eppes Dissonanze gefouert. Zum enge mat Holland, woubäi hei Den Haag den éischte Schratt gemaach huet, an den Armin Laschet huet misse „kämpfe“ fir se nees opzekréien, dofir hunn da Frankräich a Lëtzebuerg dëse Problem an ëmgedréinter Richtung. Abee Merd alors!

Gutt, a Saache Steierfroen am Kontext vum Homeoffice ware se op Zack d‘Germanen, woubäi wann si d‘Frontalieren op de Grenziwwergäng zréckhalen, war dat wuel eng „Noutwennegkeet“. Een deen sech awer nach ëmmer net akritt, dat ass eisen Ausseminister de Jean Asselborn (LSAP), ee vun de leschten oprechten Europäer – zumindest bezunn op de Projet EU – deen hei bedreet ass.

NoperschaftAm meeschten dierft sech de Mann vu Stengefort doriwwer iergeren, datt hie seng Relatioune mat den Däitschen ëmmer gefleegt huet. Hien huet hinne Spaghetti gekacht, war oft an Talkshowen deen eenzege Liichtbléck, an da si sech déi ondankbar Liichtgestalte vun der däitscher Politik nach ze schued, him zumindest ze soen, datt elo d‘Grenzen zu Lëtzebuerg bis op weideres de Virus hunn.

Si hunn dat Spill am iwwregen och mat de Fransouse bedriwwen, an eréischt no ganz vill Nodrock, d‘Restriktioune gelackert. Dat awer och, well si op all Hand am Fleegesecteur ugewise sinn, an hir Leit do aus Loutrengen ureese mussen, wat zwangsméisseg zur Grenziwwerschreidung féiere muss. Dee Sträit schéngt – zumindest partiell – bäigeluecht, dierft awer nach bestëmmt en Nospill hunn.

Schengen: Grenzstiedchen an europäescht Symbol

A wa Berlin sech schon net réiert, da gräift eisen Ausseminister zu deenen Instrumenter déi engem zur Verfügung stinn, dat heescht hien huet nom Telefon gegraff an direkt de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier (och ee Sozialist) ugeruff. Et heescht hie wier hei vum däitschen Ambassadeur, Henrich Kreft, ënnerstëtzt ginn. Um Enn ass et dann awer Berlin datt dat lescht Wuert kritt huet.

Vum Stengeforter Cyclist heescht et dann, datt ee sech konnt op néng Grenziwwergäng verstännege fir am Austausch géint Lëtzebuerger Presenz op dësen ausgewisene Standuerter, ee „kontrolléiere Passage“ ze erméiglechen. Dat héiert sech besser u wéi et dann am Endeffekt ass, an déi sëllech Posts wéi déi derzougehéiereg Commentairen op Facebook, si elo keen Ausdrock vu Solidaritéit.

Noperschaft

An de Jean Asselborn hat et dann och net eleng mat der Landesregierung vu Rheinland Pfalz ze dinn, nee och mat Saarlänner huet misse geschwat ginn. Béid Bundeslänner hunn, wa se da Verständnis haten, awer och nëmme mam Fanger op Berlin gewisen… Dat een esou – nenne mir d‘Kand roueg mam Numm – idiotesch a virun allem antieuropäesch Decisiounen hëlt, wäert sech rächen.

Iergendwann wäert och dës Kris säin Enn fannen, fir dann an vun enger gehéiereger Wirtschaftskris ofgeléist ze ginn. Wann een, ouni Iwwerhieflech mussen ze ginn, eng Kéier kuerz op de Beitrag vu Lëtzebuerg (wirtschaftlech a sozialgesellschaftlech) bléckt, dee eist Land an der Groussregioun ze leeschten Amstand ass, sollt engem eng „gutt Noperschaft“ eigentlech dat absolut wichtegst sinn.

Illustratioun: © Lawson Pierson / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Grenzen, Jean Asselborn, Sanitär Kris, Schengen-Raum, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel