Regierung schéisst den Honnertkommasiwen of
Bei Bertelsmann zu Köln dierft een d‘Nouvelle, datt de Regierungsrot
Bei Bertelsmann zu Köln dierft een d‘Nouvelle, datt de Regierungsrot
En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister
Mat der Plattform EPI-COVID-19 wëll een der Offer an Nofro,
Strikt Mesuren sinn, beispillsweis duerch d’Maskeflicht, och beim Deconfinement ergraff ginn. Datt d’Zuele vun den Neiinfektioune mat den neigewonne Fräiheeten klamme géifen, hat d’Gesondheetsministesch virausgesot, mee datt elo vun den Nopeschlänner mam Fanger op eis gewise gëtt, mir deelweis wéi déi eenzeg Iwwedroungsquell an Europa behandelt ginn an ee sech virum béise, kranke Lëtzebuerger an Uecht huele soll, kann een, duerch groussflächeg Tester an de gudden Iwwerbléck iwwert d’Situatioun am Land, net wierklech begräifen.
Esou deet sech ëmmer méi d’Fro op, ob mir net och vläicht dem amerikanesche Virbild sollten nogoen: „Wa mir net testen, hu mir och keng positiv Fäll!“
Genee dës Denkweis sollt ee méi schnell aus dem eegene Kapp verdreiwen, wéi een iwwerhaapt „Corona“ soe kann. Natierlech géife kuerzfristeg, d’Zuelen zeréckgoen, awer net déi tatsächlech positiv Fäll. Lëtzebuerg huet de Virdeel, mat de groussflächegen Tester vill Bierger a Grenzgänger gratis kontrolléieren ze loossen. Entspriechend den Infektiounszuelen kann een uschléissend handelen.
Ouni Large Scale Testing, Quarantaine an den analoge Contact Tracing wier d’Situatioun wuel schonn ausser Kontroll, wat ënnert anerem och op science.lu erkläert gëtt. Manner oder och keng Tester géifen op laang Siicht steigend Infektiounszuele provozéieren. Asymptomatesch positiv Persoune géifen de Virus weider droen.
Ma, dëse Prozess schéngt een um europäeschen Niveau nach net verstanen ze hunn, wouduerch Bettel a Lenert opklären a fir Verständnis suerge wëllen. Esou huet d’Gesondheetsministesch och ugekënnegt, just nach d’Zuelen un Neiinfektioune vun de Lëtzebuerger Residenten op Bréissel ze schécken, an d’Grenzgänger net méi unzeginn.
Schliisslech gëlle mir a Rheinland-Pfalz, wéi och dem Saarland als Risikogebitt, dierfen ouni negativem Test beispillsweis net méi un d’Grenz akafe goen oder och d’Phantasialand besichen. Wëll mir „extrem staark“ vun Neiinfektioune betraff sinn, solle just absolut noutwenneg Reesen an de Groussherzogtum gemaach ginn.
Aktuell zielt Lëtzebuerg 5.605 positiv Fäll, dovunner 4.396 Residenten. D’Zuel un Doudesaffer ass glécklecherweis mat 111 onverännert. Datt de Large Scale Testing an déi sanitär Moossnamen Friichten droe gesäit een u folgenden Zuelen: Eleng an der Woch vum 7. bis den 12 Juli sinn 62 % vun de positive Fäll opgedeckt ginn, wëll symptomatesch Persounen en Test gemaach hunn. An 38 % vun den Neiinfektiounen huet ee mam Large Scale Testing fonnt. Ganzer 41 % vun de Persoune ware schonn am viraus vu sech aus a Quarantaine.
Quell: sante.lu
Mat 50 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner sollte grad eis Nopeschlänner net an dësem Mooss iwwert eis hierzéien. Mat 600 Tester, déi pro 100.000 Awunner duerchgefouert ginn, steet een an der Belsch net grad mam gudde Virbild do. De belschen Ausseministère ass sech bewosst, datt zu Lëtzebuerg vill méi getest gëtt, vun der oranger Lëscht géif een eis trotzdeem net huelen.
An Däitschland kann een zu Mecklenburg-Vorpommern mat 50,1 positive Fäll op 100.000 Awunner den niddregste Wäert opweisen. A Bayern läit een iwwerdeems mat 380,6 Fäll op 100.000 Awunner e gutt Stéck méi héich. A Rheinland-Pfalz goufen iwwregens 179,1 Infizéierter pro 100.000 Awunner gezielt, am Saarland souguer 285,7 (Zuele vum 20. Juli 2020, 00:00 Auer).
Amerika First kritt wärend der Pandemie och eng ganz nei Bedeitung. An den USA läit een nämlech mat 3.773.260 confirméierte Fäll, 140.34 Doudeger an 765 positive Fäll op 100.000 Awunner op der traureger éischter Plaz vum weltwäite Podium.
Democracy Now / Twitter
Hält ee sech d’Zuelen, déi zu Lëtzebuerg vergläichsweis genee dokumentéiert ginn, virun Aen, kann een eisen Nopeschlänner jo just soen: Kiert emol virun Ärer eegener Dier, ier mam Fanger op eis gewise gëtt.