Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Steiervergënschtegung droen zu engem soziale Loyer bäi
https://moien.lu/is-the-bachelor-dating-lauren/ WTF

crew me dating app

Fir de Wunnengsbauministère, ass déi säit dem 1. Januar 2017

https://moien.lu/mobile-dating-sites-australia/
https://moien.lu/is-the-bachelor-dating-lauren/ WTF

Jemen: Nei Menace statt Friddensgespréicher?

Déi jemenitesch Regierung huet e Freideg domatter gedreet, sollten d‘Houthi-Rebellen

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
https://moien.lu/is-the-bachelor-dating-lauren/ WTF

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

surprise

Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS

Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS

D‘Gewerkschaft Banken an Assurancen (SBA) déi dem OGBL ugegliddert ass, huet um Freideg d‘Matdeelung kritt, datt NORDEA, eng schwedesch Bank, en Deel vu sengen Aktivitéiten, méi genee d‘Branche „Private Banking“ un d‘UBS oftriede wëll.

Eng Noriicht déi, wéi esou oft, op de leschte Stëppel och bei de Betraffenen ukomm ass. D‘Vertrieder vum Personal, déi sech scho méi laang Gedanken zu enger méiglecher Reconfiguratioun gemaach hunn, hätten dann och ewell ëfters beim Bankhaus, iwwert de Comité Mixte nogefrot, ouni eng Äntwert ze kréien.

Dobäi huet schonn zanter Méint Rumeure ginn, an och an der Press, war doriwwer geschwat ginn. Firwat sech d‘Bank enger Ausso géintiwwer de Personalvertrieder verweigert huet, ass net kloer. Bis heihinner ass just gewosst, datt d‘Bank der Personalvertriedung ëmmer virgehalen huet, net wëllen op Rumeuren ze Äntwerten.

Elo ass dann awer keng Rumeur méi, an den Ëmgang dee vu NORDEA géintiwwer sengem Personal gefleegt gëtt, weist op neits drop hin, wéi et an deem Secteur mam Respekt virun de Mataarbechter steet. De Salariéeë vun NORDEA jiddefalls ass um Freideg matgedeelt ginn, datt de „Private Banking“ an déi zougehéiereg „Back Office“ Aktivitéite verkaf solle ginn.

Bis déi Aktivitéite ganz „verkaf“ sinn, sollen nach ee puer Méint an d‘Land goen. Op den éischte Bléck wiere vun dëser „Vente“ 350 NORDEA-Mataarbechter betraff. Wéi d‘Gewerkschaft SBA-OGBL matdeelt, vir d‘Zukunft vu ville Mataarbechter aus de concernéierte Servicer a Fro gestallt.

Ugesicht dem Eescht vun der Lag, hunn d‘Gewerkschaft SBA an d‘Personalvertrieder eng Entrevue agefuerdert. Déi soll esou schnell wéi méiglech stattfannen, fir datt mat de Verantwortleche vun der NORDEA iwwert d‘Situatioun ka berode ginn. Do sollt dann och gefuerdert ginn, alles an d‘Weeër ze leeden, fir esouvill Plaze wéi méiglech ze erhalen.

Foto: Eng vue op de Siège vun der NORDEA Bank an der Neiduerf-Strooss. Hei kéinte bis zu 350 Mataarbechter hir Aarbechtsplaz verléieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bank, Gewerkschaft, NORDEA, SBA-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel