Search

You may also like

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?

Säit der Grënnung vum militäresche Bündnis vun der NATO sinn

En Debat fir den architektonesche Patrimoine ze schützen
International Neiegkeeten

En Debat fir den architektonesche Patrimoine ze schützen

D‘Petitioun zum Schutz vum architektonesche Patrimoine (1638) war den 22.

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

US-Geheimdéngscht: Nordkorea baut nei Rakéiten

US-Geheimdéngscht: Nordkorea baut nei Rakéiten

D‘US-Geheimdéngschter sinn der Meenung, datt Nordkorea nei Rakéite baut. Fir dës Behaaptung stäipen sech d‘Experte vum Renseignement op Satellittebiller vun enger Fabrick, an där déi éischt Rakéit gebaut gouf, déi Amstand solle gewiescht sinn, d‘Ostküst vun den USA ze erreechen.

Esou zumindest d‘Versioun vun der Washington Post den a senge Säite Verantwortlecher zitéiert: „Déi rezent erhale Beweiser, abegraff d‘Satellittebiller vun de leschte Wochen, deiten drop hin, datt d‘Aarbechten un mindestens enger, vläicht zwou Interkontinentalrakéiten (ICBM) am gaange sinn. Dat ganzt an engem grousse Fuerschungskomplex zu Sanumdong, onwäit vu Pyongyang“.

Interessant datt dat ganzt bekannt gemaach gëtt, e puer Deeg nodeems den US-Ausseminister Mike Pompeo, bei enger Auditioun am Kongress zougestanen huet, datt Pyongyang weiderhin nukleaart Material hierstellt. A knapps sechs Wochen nom historesche Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un.

„Dës nei Renseignementer deiten net op eng Zounam vun de nordkoreanesche Kapassitéiten hin, mee et weist, datt d‘Aarbecht un fortschrëttleche Waffe weidergefouert gëtt, e puer Wochen nodeems de President Trump op Twitter ugekënnegt huet, datt Pyongyang keng nuklear Bedreeung méi ass“, esou d‘Washington Post um Méindeg.

Vertrauen ass gutt, iwwerwaachen ass besser

Laut der Zeitung, weisen d‘Biller déi vun der nationaler Agence fir de Geospatiale Renseignement opgeholl gi sinn, dat zu Sanumdong un op mannst enger Interkontinentalrakéit vum Typ Hwasong-15 geschafft gëtt. Eng Rakéit mat enger Reechwäit vun 13.000 Kilometer. Domatter kéint d‘Rakéit och d‘Ostküst vun den USA erreechen.

Op engem Bild dat de 7. Juli opgeholl ginn ass, erkennt een eng gebaatschte Remorque vu rouder Faarf, déi bei enger Luede-Zon stationéiert ass, preziséiert d‘Washington Post. D‘Zeitung behaapt dann och, datt d‘Remorque „identesch schéngt“ zu deenen déi d‘Nordkoreaner genotzt hunn fir hir Interkontinentalrakéiten ze transportéieren.

D‘Washington Post berifft sech dann och nach op Experten, fir déi et net iwwerraschend ass, datt Pyongyang d‘Waffeproduktiounsstanduerter an Aktivitéit behält. Laut hinnen hätt de Kim Jong-Un kee Verspriechen an déi Richtung gemaach, wéi hien sech mam Milliardär zu Singapur getraff hat. E Kalenner oder Modalitéiten zu Prozedur, mussen nach verhandelt ginn.

Et ass allerdéngs och ersiichtlech, datt Nordkorea déi lescht Woch ugefaangen huet, seng Basis fir de Lancement vu Satellitten – vun där auszegoe war, datt se als Testgelänn fir den Ofschoss vun den Interkontinentalrakéite genotzt ginn ass – ofzerappen. Den 12. Juli zu Singapur, hat de Kim Jong-Un a senger gemeinsamer Deklaratioun mam Trump, sech fir d‘Denuklearisatioun ausgeschwat.

mat AFP

Foto: © Ed Jones/AFP

Related topics Donald Trump, Interkontinentalrakéit, Kim Jong-Un, Nordkorea, Washington Post
Next post Previous post