Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!
International Neiegkeeten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
International Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Algerien: Arméi wëll 82 järege President ofsetzen
International Neiegkeeten

Algerien: Arméi wëll 82 järege President ofsetzen

Zanter Woche gi sech es d‘Algerier net midd, eng nei

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Kënnt et nach dëse Mount zum Treffe mam Vladimir Putin?

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President, Kim Jong-Un, sech nach am Abrëll mam russesche President, Vladimir Putin, treffe wëll. Dat wier dann nom Test vun enger „neier Lenkwaff“ déi zweet Provokatioun géintiwwer dem Donald Trump, an zwee Deeg.

Dem US-Ausseminister Mike Pompeo dierft keen Zacken aus der Kroun gefall sinn, wéi him zougedroe ginn ass, datt de „Béise Jong vu Pyongyang“ net méi ma him schwätze wëll. Woubäi dëst „Spill mam Feier“ zu neiem Konfliktpotential bäidréit. E Konflikt dee sech net regional Begrenze léisst. Dat wier dann den Acteure geschëlt, déi bereetwëlleg Bensin an d‘Feier géissen.

Laut den Informatiounen déi de Kreml erausginn huet, war et de russesche President deen dem Kim Jong-Un agelueden huet. Béid Staatsmänner sollen sech nach dëse Mount e Sommet gënnen. Iwwer den Uert an de geneeën Dag gouf näischt gesot. Als „plausibel“ gëtt Wladiwostok ernimmt, dat wéinst der Proximitéit zur nordkoreanescher Grenz. Et wier dat de béiden hiert éischt Treffen.

Kann de Putin de Knuet léisen

An dësem Kontext hu sech gëschter zu Moskau dee fir Nordkorea zoustännegen US-Diplomat, Stephen Biegun an de russesche Vizeausseminister, Igor Morgulow zu enger Entrevue getraff. Vun dësem Treffen ass gewosst, datt sech nach emol iwwert déi gemeinsam Ziler (déi vollstänneg Denukleariséierung vun der koreanescher Hallefinsel) verstännegt ginn ass.

Zu dësem Zweck hat et d‘lescht Joer en éischte Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un ginn, an et huet dann och en Ament laang no „Entspanung“ ausgesinn. Zanter awer den zweete Sommet – Februar 2019 – am Vietnam ofgebrach ginn ass, kriselt et nees tëscht Nordkorea an den USA. Dobäi wieren se sech eigentlech iwwert eng noutwenneg Denukleariséierung eens.

Schlecht Zensur fir de Pompeo

Datt de Kim Jong-Un de Mike Pompeo net leide kann, an déi nordkoreanesch Regierung dësen net als „zentrale Verhandlungspartner“ akzeptéiert, huet vill Grënn. Déi offiziell Versioun allerdéngs verweist op dem US-Ausseminister seng Diplomatesch Qualitéiten. Déi wiere „begrenzt“, de Mike Pompeo géif näischt Positives zu de Gespréicher tëscht béiden Natioune bäidroen.

Wa Washington sech nees fir d‘Opnam vu Gespréicher wéilt asetzen, da brauch et en Diplomat deen der Bezeechnung gerecht gëtt, esou de nordkoreaneschen Ausseministère. „D‘USA mussen sech e Verhandlungspartner wielen, dee mat Beduecht a Maturitéit agéiere kann. Et géif keng Zukunft, wann d‘USA net den Haaptgrond ofschafen deen eis zur Entwécklung vun engem Atomprogramm gezwongen huet“ zitéiert déi staatlech Presseagence KCNA en héije Vertrieder vum Ausseministère.

mat indymedia sel/pyo/mow

Foto: Wladiwostok a Russland, läit zimlech no un Nordkorea a gëtt als Standuert fir de Sommet tëscht dem Vladimir Putin an dem Kim Jong-Un privilegiéiert. Dat muss allerdéngs nach bestätegt ginn.

Ähnlech Sujeten Denuklearisatioun, Kim Jong-Un, Nordkorea, Russland, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel