Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
International Neiegkeeten

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

D‘Ageständnis vum Emmanuel Macron
International Neiegkeeten

D‘Ageständnis vum Emmanuel Macron

Am Interview mat der franséischer Televisiounschaîne TF1, huet sech e

Politiker: déi nei bedreeten Aart
International Neiegkeeten

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un

Nordkorea bitt dem Trump eng Erausfuerderung un

Um Mëttwoch huet Nordkorea eng ballistesch Interkontinentalrakéit ofgeschoss, déi amstand ass de gesamten nordamerikanesche Kontinent ze erreechen. Eng erneit Erausfuerderung fir den US-President, deen seng Bedreeung vun engem Atomschlag e Krack eropsetzt.

Dësen Ofschoss vun enger Interkontinentalrakéit (ICBM) ënnerbrécht d‘Testpaus déi Pyongyang elo gutt zwee Méint laang agehalen huet. A Südkorea an a Japan ass ee consternéiert. Laut eng Schätzung vum Pentagon, hatt d‘Rakéit e puer dausend Kilometer hannert sech bruecht, iert se an der japanescher Schëfffaartserbuetszon opgeschloen huet.

E Spezialist ass der Usicht, datt d‘Form vun der Trajectoire de Schluss zouléisst, datt d‘Rakéit eng Reechwäit vun 13.000 Kilometer huet. Et wier dat déi gréisste Reechwäit déi jee enger nordkoreanescher Rakéit zougewise gi wier. Zudeem wier mat esou enger Rakéit all wichteg Stad vun den USA duerch d‘Nordkoreaner erreechbar.

Nordkorea huet via Yonhap matgedeelt, datt si am fréie Moien eiser Zäit eng „wichteg Annonce“ géif maachen, ouni weider an den Detail ze goen. Dësen Test hannerléisst den Androck, wéi wa Pyongyang dem Donald Trump emol labber géif de Mëttelfanger entgéintstrecken. Deen huet grad seng Asien-Tournée beendegt, déi zum Zil hat d‘Welt géint d‘Bedreeung „Nordkorea“ ze vereenen.

Weider Sanktiounen, wéi eng Sanktiounen?

Den Donald Trump, deen nach rezent nei Sanktioune géint Pyongyang ugekënnegt huet an Nordkorea nees op d‘Lescht vun de Länner gesat huet, déi den Terrorismus ënnerstëtzen, huet sech bei senger „Äntwert“ erstaunlecherweis zréckgehalen. „Mir këmmeren eis drëm“, war dann och dat eenzegt wat aus dem Wäissen Haus gedrongen ass.

Während den UN-Sécherheetsrot averstane war eng Drénglechkeetssëtzung ofzehalen, huet den US-Ausseminister Rex Tillerson ënnerstrach, datt bis elo nach ëmmer un den diplomateschen Optioune festgehale gëtt. Zumindest fir de Moment.

Dat gesinn d‘Nopere vu Nordkorea naturgeméiss anescht. De japanesche Premierminister Shinzo Abe huet de Virfall als „Gewaltakt“ bezeechent deen net ze toleréiere wier. De President vu Südkorea, Moon Jae-In veruerteelt d‘Onverantwortlechkeet vu Pyongyang. Béid Länner wieren dann och, bei engem US-Preventivschlag matten dran, statt nëmmen derbäi.

Den Ofschoss, deen éischte säit dem 15. September, sollt dann och allen, déi d‘Hoffnung haten, Nordkorea géif „eng Paus aleeën“, engem Bessere beléieren. Et gesäit net esou aus, wéi wann de „béise Jong“ aus Pyongyang sech op Gespréicher wéilt aloossen. D‘Kris déi de Kim Jong-Un mat sengem Nuklear- a Ballistikprogramm ausgeléist huet, huet e weidert Kapitel opgeschloen.

Wann‘s de eppes kanns, dierfs de et och weisen

Fir den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis, ënnersträicht dësen neien Ofschoss, datt Nordkorea weider Fortschrëtter an der Konstruktioun vu ballistesche Rakéite gemaach huet. Pyongyang wier elo „eng Bedreeung fir déi ganz Welt“. Eng Ausso, déi esou wei se formuléiert ass, vum nordkoreanesche Regimm als „luef“ dierft opgeholl ginn.

Den US-President sengersäits hält um „maximalen Drock“ op Pyongyang fest. Et wier dat déi „beschte“ Léisung fir d‘Nuklear-Ambitioune vu Nordkorea anzeschränken. Gemengt ass eng Verschäerfung vun de Sanktiounen an d‘Menace vu „Konsequenzen“ am Fall vun engem Ugrëff.

Et ass dat elo awer schonn den drëtten a vollem Ëmfang gelongenen Ofschoss vun enger ICBM. Den US-Waffenexpert David Wright wëll – ouni genau Donnéeën ze hunn – wëssen, datt d‘Fluch-Parameter vun der Rakéit, drop hiweisen, datt d‘Rakéit eng signifikativ méi grouss Reechwäit huet, wéi dat bei de fréiere Rakéiten de Fall war.

„Esou eng Rakéit hätt en Aktiounsradius dee bis Washington D.C. geet. Iwwerhaapt kéint esou eng Interkontinentalrakéit all Stad um nordamerikanesche Kontinent erreechen“, esou den David Wright um Blog vu senger Organisatioun „Union of Concerned Scientists“.

Begrenzt diplomatesch Méiglechkeeten

Wann een elo allerdéngs muss am Hannerkapp behalen, datt Pyongyang nach ze beweisen huet, datt se d‘Technologie beherrscht, den an Antrëtt an d‘Atmosphär aus dem Weltraum kontrolléiert ze steieren, esou ginn „d‘Spezialisten“ dovunner aus datt Nordkorea esouwäit Fortschrëtter gemaach huet, déi et erméiglecht eng operationell „force de Frappe“ ze entwéckelen.

„Dat muss een elo net gutt fannen, mee et wäert ee léiere mussen domatter ze liewen, datt Nordkorea d‘Kapassitéit huet d‘USA mat Atomwaffen ze erreechen“, esou d‘Deklaratioun vum Jeffrey Lewis, och e Spezialist, dee beim kanadeschen Institut Middlebury fir strategesch Etüden täteg ass.

All diplomatesch Efforten déi Washington engagéiert huet, notamment mat der Vermëttlung duerch China, fir de ballisteschen an nuklearen Aktivitéiten ze begéinen, fanne kaum Beuechtung zu Pyongyang. De Wonsch un China Nordkorea „falen ze loossen“ ass e frommen. Hie mengt awer, datt seng Asien-Tournée an deem Punkt erfollegräich wär.

Et sollt awer esou lues och dem US-President verständlech sinn, datt Nordkorea ni op seng Atomwaff wäert verzichten. Dat ass dem kommunistesche Regimm seng „Liewensversécherung“. Den 3. September huet Pyongyang mat dem Test vun enger Waasserstoffbomm gewisen, datt se och bei der Miniaturisatioun Fortschrëtter gemaach hunn. Kuerz virum Zil bleift Nordkorea net stoen.

mam Park Chan Kyong/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Interkontinentalrakéit, Kim Jong-Un, Nordkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel