Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De briteschen ënnert de Lëtzebuerger
International Neiegkeeten

De briteschen ënnert de Lëtzebuerger

Et gëtt Béier an et gëtt „Six Hands & The

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?
International Neiegkeeten

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?

Am Oktober gi mer emol an d‘Gemengewahlen an de Bierger

Stuerm „Leslie“ trëfft op Portugal
International Neiegkeeten

Stuerm „Leslie“ trëfft op Portugal

De Stuerm „Leslie“ huet mat Wandspëtzte vun 176 Km/H, iwwer

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall

Datt säitens dem Regime vu Pyonyang bis haut keen eenzegen Infektiounsfall am Kontext vun der Covid19-Pandemie gemellt ginn ass, dat halen esouguer d‘Chinese fir net kredibel. E Professer vun der „Chinese University“ zu Hong Kong versicht d‘Hannergrënn ze erläuteren.

Nordkorea, dat Land (mam Iran) deem déi heftegst Sanktiounen operluecht goufen, well et sech net vu sengem atomaren Arsenal wëll trennen an zudeem weider u senge ballistesche Waffesystemer bastelt, huet bis haut net een eenzege Fall vu Covid19 gemellt. Datt de Coronavirus sech hei net soll verbreet hunn, gëtt awer mëttlerweil och vun der chinesescher Regierung staark ugezweiwelt.

Fir de Professer Steve Chung vun der „Chinese University“ zu Hong Kong, ass et ausgeschloss, datt et a Nordkorea kee Fall mat Covid19 soll ginn. Datt awer offiziell keng Erkrankunge gemellt ginn, wier awer an éischter Linn dem Fait zouzeschreiwen, datt wéinst de Sanktiounen och keng Tester oder soss Mëttel dierfen an d‘Land agefouert ginn. „a kee „getest“ gëtt, ka keen infizéiert sinn…

Et wier awer ondenkbar, datt Nordkorea mat senger Grenz zum (bal) eenzegen Handelspartner China sollt vun der Pandemie verschount bleiwen. Och an den nordkoreanesche Medien ass de Covid19 bis ewell net wierklech opgetaucht. Laut dem Steve Chung géifen d‘Autoritéiten sech bedeckt hale fir d‘Bevëlkerung net ze veronsécheren. Dobäi ass d‘Gefor imminent a ganz reell.

Wat sollen se dann och maachen…

Elo ass et jo awer och esou, datt d‘Sanktioune vu leschte Joerzéngten den nordkoreanesche Gesondheetssecteur net manner wéi all déi aner Beräicher getraff huet, an d‘Spideeler am Land weder iwwert déi noutwenneg Infrastrukturen nach enstpriechend Material a Medikamenter verfügen. Enger sanitärer Kris huet Nordkorea faktesch absolut näischt entgéintzesetzen.

Dat erkläert zum Deel, firwat sech Nordkorea fir drastesch Mesuren entscheet huet. Si waren déi éischt, déi keen Auslänner méi an d‘Land eragelooss hunn. Si hu sech nach eppes weider vun der Aussewelt ofgeschott, firwat nach manner Informatiounen no baussen drénge wéi soss. Dat eenzegt wat de Nordkoreaner bleift, ass hir grouss Erfarung bei der Kontroll vun de Bierger.

Hei ass d‘Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet säit Éiwegkeeten d‘Normalitéit, an och wann si elo net direkt d‘Méiglechkeet hunn, eng Covid19-Infektioun ze diagnostizéieren, esou dierft et verhältnesméisseg einfach si ganz Regiounen ënner Quarantaine ze stellen. E wien an d‘Haaptstad areesen oder vun do ausreese wëll, brauch dofir souwisou schonn ëmmer eng Autorisatioun.

De Regime ass gutt informéiert

Elo kann een dann awer och dovunner ausgoen, datt d‘Autoritéiten zu Peking hir „Kollegen“ zu Pyonyang zäiteg informéiert hunn. China jo huet schliisslech ee grousst Interessi dorunner, datt et an Nordkorea „roueg“ bleift. Dat géif zudeem erklären, firwat Nordkorea schonn seng Grenzen dicht gemaach huet, nach laang iert déi chinesesch Autoritéite Wuhan ofgerigelt hunn.

Dorausser kann een ofleeden, datt d‘Kooperatioun – trotz alle Sanktiounen – tëscht béide Länner weiderhin zimmlech intensiv weiderbedriwwe gëtt. Mee ausser Masken a gutt Rotschléi „dierf“ Peking kaum Material iwwer d‘Grenz schécken. An esou dreet et bei engem Ausbroch hei nieft der sanitärer Kris och zur humanitärer Kris ze kommen. Zu Washington sinn dës Faiten och bekannt.

D‘Amerikaner, déi zesumme mat hire südkoreanesche Partner alles observéieren an notéieren, gesinn am Covid19 och eng Opportunitéit, ee Regimewiessel erbäizeféieren. Esou goufe scho Rumeure gestreet, laut deenen den Kim Jong-Un „dem Dout no wier“ an op de Grenze gi via Lautsprecher Hiweiser op d‘Pandemie verbreet. Esou gëtt de Covid19 zur politescher Waff…

mat indymedia/sel/hkg

Foto: Nordkorea wier net vun der Covid19-Pandemie betraff, esou den offizielle Wuertlaut vun der Regierung zu Pyonyang. Datt et éischter onwahrscheinlech ass, schéngt ersiichtlech, woubäi d‘Land och wéineg dergéint kéint ënnerhuelen, ausser déi souwisou scho brutal Aschränkunge fir d‘Bierger nach weider ze verschäerfen. © KCNA

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Kim Jong-Un, Nordkorea, Pyongyang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel