Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht
International Neiegkeeten

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Wien d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëll, muss zënter 2017 e Sproochentest packen.

dislike
Wëssenschaftler zerstridden iwwer den erlaabten Ofschoss vum Wollef
International Neiegkeeten

Wëssenschaftler zerstridden iwwer den erlaabten Ofschoss vum Wollef

Wann een den Ofschoss vum Wollef zouléisst, ermontert dat de

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)
International Neiegkeeten

Ass den „Jobday“ vun der ADEM eng Opportunitéit? (eng kommentéiert Analys)

Mir sinn schonn a gewësse Moossen eng „Spaassgesellschaft“ mee et

Nordkorea: Moskau net op der Linn vu Washington

Nordkorea: Moskau net op der Linn vu Washington

Um Donneschdeg hunn d‘USA hiren Drock op China erneiert, fir datt si kee Pëtrol méi u Pyongyang liwweren. Dat als Äntwert op de leschten Ofschoss vun enger Interkontinentalrakéit. Mee Russland denoncéiert US-Provokatiounen, déi d‘Zil sollen hunn, de Kim Jong-Un „aus den Aangelen ze hiewen“.

„Ech mengen datt d‘Chinese scho vill maachen, mee mir gleewen och drun, datt si mat Pëtrol méi erreeche kënnen. Mir verlaangen, datt si d‘Liwwerunge vum Pëtrol nach weider kierzen“, esou den US-Ausseminister Rex Tillerson, no engem ähnlechen Appell vun der US-Ambassadrice op de Vereenten Natiounen, Nikki Haley, beim UN-Sécherheetsrot.

„D‘Liwwerunge vu Pëtrol astellen, datt war déi beschte Waff, wéi d‘Nordkoreaner déi leschte Kéier un de Verhandlungsdësch erugetruede sinn“, huet den Rex Tillerson sengem däitschen Homolog Sigmar Gabriel ze verstoe ginn. Deen huett dann och den Ofzuch vun Diplomaten aus Nordkorea ugekënnegt, ganz wéi et vun den USA gefrot gi war. Domatter wëll Däitschland den Drock erhéijen.

Engem handfeste Sträit net ofgeneigt

Wéi no all Test, op ballistesch oder nuklear, vergéisst Washington verbal Attacken. Den „Test“ vun enger ballistescher Interkontinentalrakéit (ICBM), aus deem ze schlussfolgere wier, datt Nordkorea egal wou um nordamerikanesche Kontinent kéint „zouschloen“, mécht do keng Ausnam.

De Rex Tillerson huet awer verséchert, datt déi „diplomatesch Optiounen“ och weiderhin um Dësch leien an och de Verdeedegungsminister Jim Mattis huet versprach mat Nodrock no „pazifistesche Léisungen“ ze sichen. D‘Nikki Haley dogeint, huet Pyongyang versprach, d‘Land „ze zerstéieren“ falls et zum Konflikt kënnt.

Washington, datt déi chinesesch Efforten déi bis ewell gemaach goufe, begréisst, schéngt op e neits op hir „Zesummenaarbecht“ ze zielen, fir de Nordkoreaner den „Aarm ze béien“. Schliisslech wier Peking nach ëmmer den Haaptpartner vu Pyongyang. Dat huet den Donald Trump allerdéngs net dovunner ofgehalen, um Donneschdeg säi Frust, ugesicht de wéineg iwwerzeegende Resultater, auszedrécken.

De Milliardär ass „onzefridden“

„De chineseschen Ofgesandten dee grad aus Nordkorea zréck komm ass, schéngt keen Impakt op de klenge Rakéite-Mann gehat ze hunn“, bedauert de Milliardär aus dem Wäissen Haus, a sengem Moies-Tweet. Hie benotzt gären dësen Alias fir de Kim Jong-Un, deen hien ee Mëttwoch, och nach als „jonken tollwütegen Hond“ bezeechent huet.

„Schwéier ze gleewen, datt säi Vollek a seng Arméi et aushalen an esou erbäermleche Konditiounen ze liewen“, esou den US-President weider, während seng Regierung beméit ass ze ënnersträichen, datt „een net drun interesséiert wier e Regimm-Wiessel zu Pyongyang virzehuelen.

Elo ass et dann awer wichteg am Hannerkapp ze halen, datt den Donald Trump erfreet ass, datt esouwuel China wéi och Russland, no de leschte Rakéitentester, sech dem Vote fir drastesch Sanktioune géint Nordkorea ugeschloss hunn. Béid Länner haten dann och den Ofschoss vu gëschter entspriechend veruerteelt.

Wéi wäit kënne China a Russland matzéien?

Mee den Appell vun den USA de Nordkoreaner nach weider Sanktiounen opzëerleeën, gëtt vu Moskau ofgeleent a vu Peking ignoréiert. Déi sinn net drop aus en integralen Embargo op Pëtrolsproduiten ze ënnerstëtzen, deen d‘Nopeschland géif an d‘Gette goen doen.

Et wier jo och ze erwaarden, datt esou eng Mesure China géif eng Well u Refugiéeë bréngen. Méiglech wier och eng militäresch Interventioun vun den USA an hirem „Grenzberäich“. China, huet sech um Donneschdeg drop beschränkt, seng Ënnerstëtzung zu de bestoende Sanktiounen oprecht ze erhalen.

Russland dogéint, huet e ganz anere Standpunkt. „Mir hu scho widderholl ënnerstrach, datt den Drock vun de Sanktiounen elo héich genuch ass, an datt all déi Resolutiounen déi zu de Sanktioune gefouert hunn, zwéngend d‘Opnam vum politesche Prozess fuerderen an et un der Zäit d‘Verhandlungen nees opzehuelen“, esou de russeschen Ausseminister Sergueï Lavrov . „D‘Amerikaner ignoréieren dës Fuerderung an dat ass e grousse Feeler“.

Alles eng eenzeg Provokatioun

Laut dem Lavrov sinn „déi rezent Aktioune vun den USA mat der Absicht ënnerholl ginn, fir Pyongyang zu enger emotiounsgesteierter Reaktioun ze verleeden. Et huet den Uschäin, wéi wann alles géif dru gesat ginn, fir sécher ze goen, datt de Kim Jong-Un aus den Aangele fiert“, denoncéiert de russeschen Ausseminister.

Den Ofschoss vun enger sophistiquéierter ICBM ass fir den Trump eng „Néierlag“, hat hien dach groussspuereg ausgeschloss, datt d‘Nordkoreaner amstand wieren esou eng Rakéit ze bauen. Säitens der nordkoreanescher Agence KCNA, soll awer eng Hwasong-15 um Mëttwoch ofgeschoss gi sinn, déi en „x-tra large“ Sprengkapp mat sech féiere kann.

Laut Pyongyang, huet dës Interkontinentalrakéit eng Héicht vun 4.475 Kilometer erreecht huet. Bis elo nach eng reng Hypothees, soll dës Rakéit awer eng Reechwäit vun 13.000 Kilometer hunn, also all Zil um nordamerikanesche Kontinent kënnen erreechen. Wéi wäit d‘Nordkoreaner déi Technik beherrsche ka mat Sécherheet kee soen.

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: Kim Won-Jin / AFP

Ähnlech Sujeten China, Kim Jong-Un, Nordkorea, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel