Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mir bezéie Stellung!
International Neiegkeeten

Mir bezéie Stellung!

Et gëtt kaum eng Plaz op der Welt, wou esouvill

USA: De Covid19 am Schluechthaus
International Neiegkeeten

USA: De Covid19 am Schluechthaus

D‘Amerikaner hunn eng eppes speziell Ëmgangsweis mat der Pandemie demonstréiert,

Afrikanesch Schwéngspescht bedreet d‘Groussregioun
International Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht bedreet d‘Groussregioun

Fir d‘Schwéngsziichter zu Lëtzebuerg an am Grenzgebitt, gëlle maximal Sécherheetsmoossnamen.

Nordkorea hëlt deel un den Olympesche Wanterspiller

Nordkorea hëlt deel un den Olympesche Wanterspiller

No enger exzeptioneller Entrevue um Dënschdeg, hunn sech Nord- a Südkorea op Gespréicher verstännegt. Zudeem huet sech Nordkorea bereet erkläert eng Delegatioun zu den olympesche Wanterspiller op Pyeongchang ze schécken.

„Nordkorea schéckt eng Delegatioun vum nationalen olympesche Comité, Athleten, Pom-Pom Meedercher, eng Grupp Artisten, eng Equipe déi Demonstratiounen am Taekwondo wäert maachen, an e e Pressedéngscht“ hu béid Länner an hirem éischte gemeinsame Communiqué zanter 2 Joer gemaach. Déi olympesch Wanterspiller vu Pyeongchang gi vum 9. bis de 25. Februar ofgehalen.

Vu Lausanne aus, huet de President vum internationalen olympesche Comité (IOC) d‘Nouvellen aus Korea begréisst: „Dës Ukënnegung markéiert ee grousse Schratt no vir, am olympesche Gedanken“.

Endlech Gespréicher

Seoul a Pyongyang hunn zudeem ofgemaach „d‘Spannungen erofzesetzen a Gespréicher iwwert déi militäresch Lag ze féieren“. Déi „al Telefonsleitung“ wou am Februar 2016 gekappt gi war, soll och nees en Uschloss kréien. Esou soll de Kontakt tëscht béiden Arméien erliichtert ginn. Technesch betruecht befannen sech Nord- a Südkorea nach ëmmer am Krich.

D‘Gespréicher haten zu Panmunjom stattfonnt, der Grenzstad wou de Waffestëllstand sengerzäit ënnerschriwwe gi war, an der entmilitariséierter Zon (DMZ) déi d‘Hallefinsel an zwee Deeler spléckt.

Déi nordkoreanesch Delegatioun hat d‘Demarkatiounslinn ze Fouss iwwerschratt, fir an d‘Haus vum Fridden ze gelaangen. Et ass déi südkoreanesch Säit wou sech traditionell ënnerhale gëtt; net wäit ewech vun där Plaz, wou viru gutt zwee Méint en „Iwwerleefer“ fir eng gréisser Schéisserei gesuergt hat. De nordkoreaneschen Zaldot huet de Grenziwwertrëtt iwwerlieft…

Am Haus vum Fridden

De südkoreanesche Minister fir d‘Unifikatioun, Cho Myoung-Gyon an de Verantwortleche vun der nordkoreanescher Delegatioun, Ri Son-Gwon hunn sech, iert se an d‘Haus vum Fridden agetruede sinn, demonstrativ d‘Hänn ginn. En Bild dat si virum Verhandlungsdësch widderholl hunn.

Konform zu de nordkoreanesche Bräich, huet de Ri Son-Gwon e Badge um Revers gedroen, op deenen de Grënnungspapp vu Nordkorea, Kim Il-Sung mat sengem Bouf an Nofolger Kim Jong-Il ze erkenne sinn. De Cho Myoung-Gyon hat eenzeg e Badge an de Landesfaarwen op der Veste vum Kostüm.

Seoul huet d‘Geleeënheet vun dëser Entrevue genotzt, fir d‘Nordkoreaner ze bieden, parallel zu den olympesche Wanterspiller eng Reunioun vun de Familljen ze organiséieren, déi duerch de Krich (1950-53) vun enaner getrennt goufen. Et ass och en Opruff gemaach ginn, fir Verhandlungen tëscht dem Roude-Kräiz vu béide Länner ze erméiglechen.

E Kaddo zu Neijoerschdag

„Schenke mer dem Vollek e wäertvolle Kaddo vir Neijoerschdag“ huet de Ri Son-Gwon ausgeruff an weider gemengt: „Et seet een, datt eng Rees déi een zu Zweet ënnerhëlt, méi laang dauert, wéi eng Rees déi een eleng mécht“. D‘Stëmmung war däitlech méi entspaant wéi een et sech erhofft hat.

Dorops d‘Äntwert vum Cho Myoung-Gyon: „D‘Vollek wënscht sech näischt méi wéi de Norden an de Süden zesummen op de Fridden an d‘Versöhnung zougoen ze gesinn“. En Toun dee sech däitlech vun der, an der leschter Zäit ugewannter Rhetorik, ënnerscheet huet. Bis heihinner war ausser Beleidegungen a Menacen, haaptsächlech tëscht dem Kim Jong-Un an dem Donald Trump, net vill Guddes ze héieren.

Et ännert sech zwar elo net direkt d‘Verhältnis tëscht Nord- a Südkorea. D‘Relatiounen tëscht béide Länner hu sech iwwer déi lescht zwee Joer esou verschlechtert, datt dës éischt Entrevue eenzeg als Ufank ka betruecht ginn. Datt d‘Situatioun allerdéngs esou ass, wéi et ass, läit an éischter Linn um Wëlle vu Nordkorea eng Atommuecht ze ginn.

D‘Olympiad vum Fridden

Seoul ass dann och beméit d‘olympesch Wanterspiller, déi keng 80 Kilometer vun der Demarkatiounslinn stattfannen, als d‘Olympiad vum Fridden duerzestellen. Et war awer de Kim Jong-Un, deen op Neijoerschdag d‘Hand ausgestreckt hat, sécher och am Hibléck op d‘olympesch Wanterspiller. D‘lescht Woch ass dann och nees de „rouden Telefon“ ugeschloss ginn…

Op béid Delegatiounen dann och zesumme bei der Erëffnungszeremonie optrieden, wéi et zu Sydney (2000), Athen (2004) oder Turin (2006) de Fall war, datt war nach net gewuer ze ginn. Zudeem muss ee sech nach iwwert d‘Gréisst vun der nordkoreanescher Delegatioun an hirer Ënnerbréngung eens ginn. D‘Käschten heifir soll Seoul iwwerhuelen.

Well sech nëmmen zwee nordkoreanesch Athlete qualifizéiert haten, ginn Experten dovunner aus, datt de Norden en imposante Kontingent u Pom-Pom Meedercher wäert an de Süden delegéieren. Südkoreanesch Medie spekuléieren, datt Pyongyang héich Vertrieder kéint schécken, wourënner och dem Kim seng kleng Schwëster d‘Yo-Jong.

No den olympesche Wanterspiller

Ze begréissen ass och de Fait, datt sech béid Parteie wënschen och Sujeten déi iwwert dat sportlecht erausginn, ze diskutéieren. Pyongyang huet bis ewell ni op d‘Ufroe vu Seoul reagéiert, wou et ëmmer nees drëms geet Familljen zesummenzeféieren. Woubäi et, dat soll och gesot sinn, ëmmer nëmme vu Norde Richtung Süde geet.

„Béid Parteie kréien ouni grouss Schwieregkeeten en Accord fir Pyeongchang zustane, mee wat ass duerno?“, freet sech de Koh Yu-Hwan, Professer op der Dongguk-Universitéit.

D‘USA a Südkorea haten sech déi lescht Woch bereet erkläert, hir Militärmanöver eréischt no den olympesche Wanterspiller ofzehalen. Dat sollt d‘Spannungen „léisen“. Esouguer den Donald Trump hat de Wëllen zu Gespréicher begréisst, an schéngt ze hoffen, datt de Kontakt och iwwer de sportlechen Event eraus oprecht erhale ka ginn.

De Wee (zum Fridden) ass d‘Zil

Um Mëttwochmueren huet de südkoreanesche President Moon Jae-In sech och zu Wuert gemellt, a gemengt: „Den Ofbau vum nuklearen Arsenal op der koreanescher Hallefinsel ass de Wee zum Fridden an och eist Objektiv. (…) Mir mussen eis Efforte verstäerke fir d‘Wanterspiller zu den olympesche Spiller vum Fridden ze maachen. (…) Mir mussen déi nuklear Fro friddlech léisen“.

De Moon Jae-In ass dann och bereet d‘Dirigente vu Nordkorea ze begéinen, wann een d‘Konditiounen zesummekritt. „Ënner gudde Konditioune kann ech zu all Ament un engem Sommet deel huelen“, sot de südkoreanesche President, „mee et gëtt keng Entrevue fir de Prinzip an ee puer Resultater musse garantéiert sinn“.

Entgéint der sturer Haltung vun der fréierer Presidentin Park Geun-Hye (Konservativ) war de Moon Jae-In (Mëtt-Lénks) ëmmer fir den Dialog mat Nordkorea. Mee do ass dann och den Afloss vun den USA, dee spierbar fir Spannunge suergt, och wann de Moon Jae-In mengt: „Mir hu keng aner Meenung wéi d‘USA. (…) D‘USA hunn ëmmer déi koreanesch Diskussiounen ënnerstëtzt“.

mam Hwang Sunghee/AFP

Foto: De südkoreanesch Minister fir d‘Unifikatioun Cho Myoung-Gyon (l) an de nordkoreanesch Chef vun der Delegatioun Ri Son-Gwon tauschen hir respektiv Erklärungen aus. D‘Entrevue huet am Grenzduerf Panmunjom op der Demarkatiounslinn stattfonnt. Technesch gesinn, ass de Krich jo och nach net eriwwer. © Dong-A Ilbo/AFP

Ähnlech Sujeten Nordkorea, Olympesch Wanterspiller, Pyeongchang, Südkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel