Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil
International Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil

Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen
International Neiegkeeten

Editorial: Wat d‘USA wierklech am Venezuela wëllen

Beim Kampf ëm d‘Muecht am Venezuela, steet fir d‘USA vill

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
International Neiegkeeten

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend

Experte bezeechnen den Dialog tëscht Pyongyang a Washington als gescheitert

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend

Et ass de nordkoreaneschen Etat-Major deen d‘Noriicht ausginn huet. Heiranner heescht et, datt eng Rei Rakéite mat kuerzer Reechwäit ofgeschoss goufen. Dësen „Test“ soll an der Küstestad Wonsan stattfonnt hunn. D‘Rakéite sinn an ëstlecher Richtung op dat oppent Mier geschoss ginn.

D‘Arméi huet sech awer mat Detailer opgehalen, an esou ass et den Ament nach onkloer, ëm wéi e Waffentyp et sech heibäi handele kéint. Spekuléiert gëtt, datt d‘Rakéite vun enger multipeller Ofschossariichtung lancéiert gi sinn. Si wieren tëscht 70 an 200 Kilometer wäit geflunn. De Virfall gëtt awer den Ament nach vum südkoreanesche Militär analyséiert. Washington hält sech bedeckt.

Elo stellt sech d‘Fro, wéi en Zweck datt ganzt soll hunn? Wëll Pyongyang op dës Manéier Drock op d‘USA ausüben? Nom gescheiterte Sommet zu Hanoi am Februar, soll et widderholl zu Aktivitéiten an den nordkoreaneschen Testanlage komm sinn. Et koum an der tëscht zu engem Sommet mam russesche President Vladimir Putin, dee sech och fir d‘Denuklearisatioun vun der Hallefinsel asetzt.

mat indymedia/sel

Foto: Joeskeeter/Pixabay

Ähnlech Sujeten Denuklearisatioun, Kuerzstreckerakéiten, Nordkorea, Pyongyang, Rakéiten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel