Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen
pb dating Neiegkeeten

https://moien.lu/radiometric-dating-environment-definition/

„Quand viendra le Feu“ ass eng Koproduktioun vun Tarantula Lëtzebuerg,

compare and contrast relative dating and absolute dating
pb dating Neiegkeeten

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock

D‘Wiederdéngschter bei eisen Nopere warne virun den Auswierkunge vum éischte

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?
pb dating Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?

Och dës Woch hu mer erëm Wierder begéint, wou mer

Nordkorea versus Amerika: kuerz virum Showdown?

Nordkorea versus Amerika: kuerz virum Showdown?

„D‘Lompe sténken net, se brennen“ – esou kéint een d‘Situatioun beschreiwen an där sech mëttlerweil de Kim Jong-un a säi Géigner de Donald Trump befannen.

Nordkorea huet um Mëttwoch tatsächlech gewarnt, et kéint ee Rakéiten a Richtung Guam ofschéissen. Den amerikanesche President huet sengersäits Pyongyang „d‘Feier an Ierger“ versprach.

Laut der offizieller nordkoreanescher Presseagentur KCNA huet Pyongyang gesot: „aktuell gëtt mat grousser Opmierksamkeet de Plang studéiert, fir op Zonen, déi ronderëm Guam leien, eng ballistesch Mëttelstreckerakéit Hwasong-12 ofzeschéissen“. E Plang deen nach finaliséiert muss ginn, dann awer zu all Moment ëmgesat ka ginn. Dat wann de Kim Jong-un den ieweschte Kommandant vun nuklearer Kraaft vun der DPRK (Demokratesch Volleksrepublik Korea) et fir gutt empfënnt.

Guam ass een net ugeglidderten Territoire vun den USA, wou haaptsächlech eng Marinn- a Militärbasis ënnerhale ginn.

Iert allerdéngs Nordkorea sech zu senge Pläng am Bezuch op Guam ausgelooss huet, hat den Donald Trump sech zu Wuert gemellt. Hien hat op eng gewinnt diplomatesch Aart a Weis dem kommunistesche Regimm „Feier an Ierger“ versprach. „Nordkorea géif gutt drun doe, keng Bedreeunge géint d‘USA auszeschwätzen“ hat den amerikanesche President vu sengem Golf-Terrain zu Bedminster (New Jersey) matgedeelt. D‘Menacen, wann se da weider ausgefouert géife, kéinten eng Reaktioun ausléisen „wéi se d‘Welt nach net gesinn hätt“ esou den Trump weider.

Ass d‘Léisung de Problem?

Bei der nuklearer Entwécklung soll Nordkorea seng Problemer geléist hunn. Dat zumindest behaapt d‘Washington Post. Esou soll Nordkorea eng Léisung fonnt hunn, déi nuklear Sprengkäpp an der gréisst esou ugepasst hunn, datt se op de Laangstrecke- an Interkontinentalrakéite Plaz fannen.

Wëll also heeschen, datt Pyongyang net méi nëmmen theoretesch, mee och ganz praktesch eng Bedreeung fir d‘USA duerstellt. Esou zumindest de Bericht vun der DIA, engem militäreschem Geheimdéngscht, dee vun der Washington Post zitéiert gëtt.

Dat Nordkorea elo dës Fortschrëtter gemaach huet, gëtt fir d‘Amerikaner zum Problem. Si stellen eng nuklear Muecht duer, déi net gutt op d‘USA ze spriechen ass an allem Uschäin no och net vum eenzegen Alliéierte China ze bremsen ass.

Zur Stonn huet Nordkorea eng ganz Rëtsch un Atomwaffen ausprobéiert. Och ass hinnen de Lancement vun zwou ballisteschen Interkontinentalrakéite gelongen, déi d‘USA erreeche kënnen. Eenzeg en Zweiwel huet bestanen, op si eng Atombomm esou miniaturiséiere kéinten, datt déi an eng vun de Rakéite kann agebaut ginn.

De Feeler läit an der Analys

D‘Analysten an aner Membere vun de Geheimdéngschter sinn bis haut dovunner ausgaangen, datt Nordkorea d‘Miniaturisatioun net am Grëff hätt. Dobäi haten déi an den vergaangenen zéng Joer säit dem éischten nuklearen Test vun 2006, vill Zäit der Léisung no bäi ze kommen.

Elo dann, laut deem vun der Washington Post zitéierte Rapport vum 28. Juli: „ginn d‘Geheimdéngschter dovunner aus, datt Nordkorea Atomwaffen hiergestallt huet an déi och an ballistesch Rakéiten, dorënner och Interkontinentalrakéiten, kann abauen“. Nach ëmmer laut dem Washington Post, soll och de japanesche Verdeedegungsministère zu dëser Conclusioun komm sinn.

Déi stänneg Menacen, an d‘Reiefolleg vun den Tester aus de leschte Méint, déi Nordkorea duerchgefouert huet, bereeden dann och dem Donald Trump Kappzerbrieches. Seng diplomatesch Beméiungen, China mat Nodrock drop hinzeweisen datt Peking sengem Schützling misst raisonnéieren, hunn och net den erhofften Erfolleg bruecht.

UN-Sanktiounen

Op der diplomatescher Bühn awer konnten d‘USA wéinstens China derzou beweegen, nei Sanktioune géint Nordkorea duerchzesetzen. Déi Sanktioune, déi dann och Eestëmmeg vum UN-Sécherheetsrot ugeholl gi sinn, suerge fir grousse wirtschaftlechen Drock. Ginn d‘Sanktioune reell agehalen, sollt Pyongyang bis zu enger Milliard US-Dollar an der Staatskeess feelen.

Mat dëse Moossname soll Nordkorea zu Verhandlunge gezwonge ginn. Et muss awer festgestallt ginn, datt schonn déi sechs lescht Sanktioune-Päck de jonke Leader Kim Jong-un net impressionnéiert hunn. Erënner mer eis dach, datt Nordkorea säi leschten Atomtest den 9. September 2016 duerchgefouert huet. Hei gouf eng Explosioun, déi zwee mol der Kraaft vun der Hiroshima-Bomm hat, ausgeléist.

Verschidden Usiichten zu Washington

An der amerikanescher Haaptstad hunn sech Stëmme géint dem Trump seng Virgoensweis erhuewen. Den Demokrat Eliot Engel, Member vun der aussepolitescher Kommissioun vun der Representantekummer, bedauert déi „absurd rout Linn“ vum President.

„D‘Sécherheet vun Amerika baséiert net nëmmen op der Arméi, mee och a virun allem op der Kredibilitéit vun eisem ieweschte Kommandant“, ënnersträicht den Engel, an denoncéiert déi „impulsiv Reaktioun“ vum Milliardär.

Esou huet och de republikanesche Senateur John McCain seng Schwieregkeete mam Trump. Fir hien zeechent sech e grousse Leader net doduerch aus seng Feinden ze bedreeën. Ausser se si bereet och ze agéieren. „Ech si mer awer net sécher op de President bereet ass, ze agéieren“, esou de McCain.

Fir den Anders Fogh Rasmussen, fréieren NATO-Generalsekretär, sollt dem Trump seng Ausso, „drop zilen Peking am gläiche Mooss wéi Pyongyang Angscht maachen“. Hie warnt allerdéngs: „Rout Linne vun engem President, déi ouni Aktioun iwwerschratt ginn, schafe geféierlech Prezedenzfäll“.

mam Jerome Cartillier an Shahzad Abdul/AFP

Foto: E südkoreaneschen Zaldot kuckt sech op der Tëlee d‘Grafik un, déi d‘Distanz tëscht Nordkorea a Guam verdäitlecht. Op dem Donald Trump seng apokalyptesch Warnung „Fire an Fury“ de Kim Jong-un beandrockt huet, ass bis ewell nach net gewosst. (© Jung Jeon-je/AFP)

Ähnlech Sujeten Nordkorea, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel