Search

You may also like

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“
International Neiegkeeten

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“

Wann d‘Angscht grouss war, datt et méiglecherweis net méiglech kéint

Projet Areta am ale Postgebai: Et muss een den neie Wahnsinn vum Lydie Polfer stoppen!
International Neiegkeeten

Projet Areta am ale Postgebai: Et muss een den neie Wahnsinn vum Lydie Polfer stoppen!

D’Lydie Polfer an d’DP bleiwe standhaft an ënnerschreiwen: Andeems si

Nees Migranten an engem Camion entdeckt
International Neiegkeeten

Nees Migranten an engem Camion entdeckt

Ass et eng Serie oder gëtt „besser“ kontrolléiert? An de

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major verkënnt gëtt, datt d‘Nordkoreaner nees zwou Rakéiten an den Himmel geschoss hunn, da wier et dee 6. Test bannent sechs Wochen, dee sech Pyongyang trotzt heftegste Sanktiounen erlaabt hätt.

E puer Stonnen iert d‘Südkoreaner den Ofschoss vun de Rakéite gemellt hunn, hat Nordkorea un d‘Regierung vu Südkorea geschriwwen, an dem US-ënnerstëtzte Regimm matgedeelt, datt et fir den ament wéineg Sënnvoll wier en innerkoreaneschen Dialog opzehuelen. Esoulaang wéi Südkorea zesumme mat den USA Militärmanöver veranstalten, kéint et keng Gespréicher ginn.

Schonn e Freideg hat den nordkoreanesche Comité fir d‘Wiedervereinegung weidere Gespréicher mat Seoul eng Ofso erdeelt. Et géif näischt méi ze berieden, esou déi kuerz an däitlech Ausso. Et wieren dann och keng weider Treffe mat de Vertrieder aus Seoul geplangt. Dat widdersprécht dem südkoreanesche President Moon Jae-In, deen nach um Donneschdeg „zouversiichtlech“ war.

Deen hat um Donneschdeg „duerchblécke“ gelooss, datt all Ustrengunge géifen ënnerholl ginn, an et esouguer esou eppes wéi e Plang géif, mat deem bis 2045 de Fridden an Wiedervereinegung soll erreecht ginn. Et kann een allerdéngs och dovunner ausgoen, datt de nordkoreanesche Leader Kim Jong-Un eppes „onzefridde“ mam Donald Trump senger Verhandlungsstrategie ass…

mat indymedia/sel/tpe

Related topics Donald Trump, Militärmanöver, Nordkorea, Rakéiten, Südkorea, USA
Next post Previous post