Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée
u series dating of paleolithic art

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

miroku dating
u series dating of paleolithic art

good dating profile greetings

An de leschte Méint hunn ech a mengem Facebook an

Verwiesslungsgefor am Casino
u series dating of paleolithic art

Verwiesslungsgefor am Casino

Iwwer dräi Deeg war am Casino 2000 zu Munneref de

Nordstad: Déi éiweg Baustell

Nordstad: Déi éiweg Baustell

D’Nordstad ass e Projet, dee gutt gemengt, awer schlecht gemaach ass. En drëtten urbane Pol, deen d’Land a seng Entwécklung viru brénge soll, ass d’Nordstad ze vill a separat Gemengen zersplittert, als datt dat ganzt eng Realitéit duerstelle kéint. Dobäi stinn sech d’Akteuren och selwer am Wee.

An der Luxemburger Wort vum Mëttwoch war an däer Hisiicht e ganz bemierkenswäerten Artikel ze liesen. De Fokus gouf op Dikrech geluecht, dat am Kontext vun de Gemengewahlen. De Buergemeeschter vun Dikrech, de Claude Haagen äussert sech do ënnert anerem zum Thema Gemengefusiounen: Do wier am Moment näischt ugestriewt, well dat mat Bettenduerf jo net geklappt hätt. Gläichzäiteg gesteet en awer an, datt de Projet Nordstad nëmmen schrëttweis geeschéihe kéint. Fir d’éischt misst de Gedanken an de Käpp vun de Leit ukommen.

Mir erënneren eis, ganz kuerz koum et tëscht Dikrech a Bettenduerf zu engem Gedanke vun der Fusioun. D’Gespréicher goufen allerdéngs gestoppt, de Buergermeechter vu Bettenduerf Albert Back huet gemengt, et wéisst een net, wéi dat géif ausgoen an et domadder verglach, virun den Zug ze sprangen. Dat géif ee jo och nëmmen eng Kéier maachen. E Verglach, dee villes ausseet.

Mee dat stéiert Ierpeldéng/Sauer net: do gouf de Wëlle gewisen, eng Fusioun anzegoen. Datt et eng vun de klenge Gemengen huet misse sinn, fir de Gedanken opliewen ze loossen, léisst ee Vermuddungen ustellen. Ettelbréck an Dikrech sinn déi offensichtlech stäerkste Polen, mee iergendwéi ginn se sech net gréng. Läit dat och dorunner, datt un der Uelzecht d’CSV an un der Sauer d’LSAP um Rudder ass?

Ëmmerhinn huet ee beim Friedhaff bewissen, datt een zesumme kann. Beim Kino huet Dikrech en Allenggang gemaach, ma wann een der Oppositioun nolauschter, war et souguer e renge Prestige-Projet vun der LSAP. Déi hunn nimmlech d’allengesch Majoritéit zu Dikrech. A wann et ëm d‘Schafung vum engem Méizwecksyndikat an der Nordstad geet, spille fënnef vu sechs Gemenge mat. Just eng blockéiert, an dir hutt richteg geroden: Et ass déi vun Dikrech.

Et gesäit deemno ferm duerno aus, wéi wann den Thema Fusioun dann an de Gemengewahlen duerchaus eng Roll spille kéint. Just wéi staark se wäert sinn, dat steet definitiv oppen. Zu Ierpeldeng hunn se eng kloer Visioun: All sechs Gemenge solle bis 2027 fusionéiert sinn. Do kann een dann nëmmen bonne chance wënschen.

Ähnlech Sujeten Dikrech, Ettelbréck, Nordstad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel