Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt
Neiegkeeten

D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt

Well mëttlerweil ëmmer méi oft d’Ried vun engem Handelskrich mat

money
USA a China maache bei Singapur-Konventioun mat
Neiegkeeten

USA a China maache bei Singapur-Konventioun mat

D‘USA a China leien sech an den Hoer an eng

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
Neiegkeeten

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

D’Nordstad kritt keen Zucharret bäi

Et gëtt awer investéiert

D’Nordstad kritt keen Zucharret bäi

D’Nordstad ass mat Ettelbréck an Dikrech eng wichteg Achs fir den ëffentlechen Transport. Och dowéinst gëtt hei investéiert: 5,5 Milliounen ginn an d’Antenne Ettelbréck-Dikrech gestach. Mee en neien Arrêt kënnt net dobäi, esou den zoustännege Minister François Bausch (déi gréng) a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum Deputéierten André Bauler (DP). D’Geld fléisst, fir d’Bréck iwwert d’Sauer ze renovéieren. Déi soll d’Gestioun vum Floss erliichteren, géing déi nei Bréck op e Pilier am Laf vun der Sauer verzichten.

Zäitgläich lafe säitens der CFL d’Aarbechten zur éischter Phas vum Projet “Nouveau Pôle Multimodal Ettelbruck” un. An deem Kader kritt d’Stad Ettelbréck eng nei Gare, fir der wuessender Demande nozekommen. Dës Aarbechte féieren awer och dozou, datt an där Zäit d’Streck ëfters gespaart muss ginn.

Eng Opstockung vum Fuerpark kënnt eréischt mi spéit

De Fuerpark vun der CFL gëtt och opgestockt, mee dat léisst nach op sech waarden. 34 nei Zich sollen tëscht Dezember 2021 an Dezember 2024 urullen, dat och op der Streck Dikrech – Ettelbréck – Lëtzebuerg.

De Minister verëffentlecht an engems e puer Donnéeë,. wéi staark d’Deelstéck Ettelbréck – Dikrech genotzt gëtt:

  • Duerchschnëttlech 1.500 Passagéier benotzen dëst Deelstéck
  • 875 vun Dikrech op Ettelbréck
  • 676 vun Ettelbréck op Dikrech
  • Déi héchste Notzung gëtt echt 14 a 15 Auer (216 Clienten) an 7 an 8 Auer (150 Clienten) gemooss

Foto: Vum Ernmuhl at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0

Ähnlech Sujeten André Bauler, CFL, Dikrech, Ëffentlechen Transport, Ettelbréck, François Bausch, Lëtzebuerg, Nordstad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel