Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“
Neiegkeeten

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“

Dat schlecht Wieder huet den dausende Party-Gäscht vun der Technoparad

tongue
Saudiarabien: Fraen däerfen sech sportlech Veranstaltungen am Stadion ukucken
Neiegkeeten

Saudiarabien: Fraen däerfen sech sportlech Veranstaltungen am Stadion ukucken

Am streng reliéise Saudiarabien soll et ab 2018 Fraen erlaabt

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!
Neiegkeeten

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…

Vill zefridde Gesiichter huet et e Freideg am Nomëtteg ginn, wéi d‘Carole Dieschbourg (déi gréng), de François Bausch (déi gréng) an de Fernand Etgen (DP) der Natur dat zréckginn hunn, wat hir sengerzäit fir de Bau vun der Nordstrooss geholl gouf. Et dierf ee soen, datt et awer Zäit ginn ass.

Ageweit gouf d‘Nordstrooss Enn September 2015, an och hei hat sengerzäit vill zefridde Politiker ginn. Et war jo och keng „mince“ Affär déi Nordstrooss op d‘Been ze stellen. Iwwer 20 Joer hunn sech d‘Diskussiounen, d‘Pläng an zu gudder Lescht och d‘Aarbechten higezunn, bis dës fir d‘Land esou wichteg Nord-Zentrum-Verbindung endlech och den Automobilisten opgedoen hat.

Et war dann och d‘Gesetz vum 27. Juli 1997 dat endlech zum Ufank vun den Aarbechte gefouert huet. E Gesetz an deem Kompensatiounsmesure enthale waren, mat deenen een der Natur sollt dat zréck ginn, dat hir wéinst dem Bau vun der Nordstrooss entzu ginn ass. Wéi d‘Nordstrooss ageweit ginn ass, waren awer grad emol 30% vun de Moossnamen ëmgesat ginn.

Den Infrastrukturminister, huet drop hinzeweisen, datt zanterhier d‘Politik Fortschrëtter gemaach huet. Hie konnt et sech net verknäifen, datt et och fir de Bau vum Tram zu Kompensatiounsmesure komm ass, déi awer schonn ëmgesat goufen, nach iert de Grondstee geluecht ginn ass. De François Bausch hält dann och fest, datt villes bei der Nordstrooss an der Illegalitéit realiséiert ginn ass.

Fir d‘Kompensatiounsmesure vun der Nordstrooss waren deemools 21 Milliounen Euro an de Budget gesat ginn, vun deenen der bis haut 15,3 genotzt goufen. Am ganze sinn 81% vun de Mesuren ëmgesat ginn. Et si Beem geplanzt ginn, méi wei een der „erausgerappt“ huet, betount de Minister, deen dovunner ausgeet, datt déi 100% geschwë missten erreecht sinn.

Extensiv Landwirtschaft séchert d’Biodiversitéit

Alles an allem sinn eng 100 Hektar Terrainen als Kompensatioun vum Staat opkaf ginn. Heirop sinn Wëld-Iwwergäng gebaut ginn, et ass eng Fiicht-Zon am Uelzechtdall ugeluecht ginn an de Mamerdall konnt opgewäert ginn. D‘Carole Dieschbourg, hält an dësem Kontext fest: „Mir wollten d‘Natur notzen a se gläichzäiteg schützen, mee och de Baueren nei Perspektive bidden“.

Op de meeschten Terrainen huet een eng extensiv landwirtschaftlech Notzung op d‘Bee gestallt. Dat dréit derzou bäi, datt mir eng Verbesserung vun der Biodiversitéit erhalen, a gläichzäiteg d‘Betribskäschte fir den Exploitant reduzéiert ginn. Hei gëtt et keen Asaz vu Pestiziden an och soss geet een op dëse Parzelle méi beduecht mat der Ëmwelt ëm.

Déi extensiv Landwirtschaft-Zon déi e Freideg virgestallt ginn ass, bedréit 77 Hektar, an ass och nëmmen eng vu vill Mesuren. Esou kann op d‘Fiichtgebitt am Uelzechtdall – 64 Hektar tëscht Lëntgen a Luerenzweiler – higewise ginn. D‘Terrainen déi fir déi extensiv Landwirtschaft leien zum Deel am Uelzechtdall (55 Ha) an op der Kopp tëscht Pretten an dem Schwunnendall (22Ha).

Well déi landwirtschaftlech Notzung vun dësen Terraine kompatibel mam fiichte Charakter vun de virleiende Biotopen ass, soll déi och zur Renaturéierung vum Uelzechtdall bäidroen. Hei soll dann och nach en Natur-Pad entstoen. Deen erlaabt et spéiderhin eng flott Aussiicht op d‘Ufer vun der Uelzecht ze hunn. En Tuerm fir Villercher ze observéiere sollt och nach am Budget stoen.

Ähnlech Sujeten Biodiversitéit, Carole Dieschbourg, Fernand Etgen, François Bausch, Kompensatiounsmesuren, Nordstrooss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel