Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt

Laut engem Bericht vun Eurostat ass Lëtzebuerg dat Land an

Wa sech d‘Waffenhändler d‘Hänn reiwen
International Neiegkeeten Stories

Wa sech d‘Waffenhändler d‘Hänn reiwen

D‘Marillyn Hewson ass un der Spëtzt vum mäerdereschste Konzern deen

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!
International Neiegkeeten Stories

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!

An der aller Seeërei zu Dikrech huet sech den OGBL

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet

Den tierkeschen Ugrëffskrich féiert um direkte Wee an eng humanitär Kris

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet

Säit Ankara seng offensiv géint d‘Kurden an Nordsyrien ageleet huet, sinn d‘Mënschen nees op der Flucht. Mënschen déi virum Islamesche Staat (IS) Schutz fonnt haten, gi vun der tierkescher Arméi an de „Rebellen“ op en neits verdriwwen. D‘Situatioun gëtt dann elo och „bedenklech“.

Am Grenzgebitt tëscht der Tierkei a Syrien beschéisst a bombardéiert kurdesch Milizen. Dat ënnert anerem an der Grenzstad Ras al-Ain. E weidert Zil vum Sultan sengen Zaldoten: Manbij. Hei ass allerdéngs elo och déi syresch Arméi ukomm. Esou wéi sech dat Ganzt den Ament entwéckelt, ass net méi auszeschléissen, datt sech Konflikt bis an den Irak ausdehnt. An Ankara wëll net noginn…

Während sech zu Bréissel d‘NATO och esou lues muss „positionnéieren“ an zwee Amerikaner an der Tierkei ee Waffestëllstand aushandele wëllen, kéint iwwersi ginn, datt et an dësem Gebitt och Ziviliste gëtt, déi dës Invasioun weder erausgefuerdert nach provozéiert hunn. D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ (MSF) warnt virun enger humanitärer Kris. Hire Bericht ass bedréckend.

NordsyrienD‘Crystal van Leeuwen, dat den Asaz fir MSF leed, an de Robert Onus (Emergency Manager) hunn zu Amsterdam iwwert d‘Realitéit um Terrain geschwat. Si an hir Mataarbechter observéiere grouss Fluchbewegungen an der Regioun Hasaka. „D‘Mënsche flüchte vun der Front a Richtung Süden. E Spidol ass regelrecht iwwerrannt an d‘Lag ass oniwwersiichtlech ginn“, esou d‘Infirmiere.

Entspriechend de leschten iwwerpréifbaren Informatiounen, huet den tierkeschen Etat-Major seng Operatiounen an der Regioun intensivéiert. Heibäi sinn och Spidäler beschoss ginn, wat derzou gefouert huet, datt d‘Mataarbechter vu MSF hir Aarbecht hu missen astellen. Esou huet MSF d‘Spidol zu Tall Abjad missen Opginn. Den Ament ass d‘Grenzstad Akcakale de „Mëttelpunkt“.

D‘Invasioun riicht sech och géint Zivilbevëlkerung

Wéi et zur Stonn zu Tall Abjad ausgesäit, léisst sech opgrond de lafenden Operatiounen net mat Sécherheet soen, mee MSF war hei zanter Jore present. „Esou en Uert ze verloossen ass batter, de Mënschen net méi Hëllefen ze kënnen d‘Ageständnis vun enger Néierlag“, esou d‘Crystal van Leeuwen. Mee och déi lokal Mataarbechter hu sech an hir Famillje missen a Sécherheet bréngen.

Mat zu de gréisste Suerge gehéiert d‘Versuergung vun de Flüchtlingen. Si brauchen Drénkwaasser, Liewensmëttel a Medikamenter. Si ware virun den Dschihadiste vum IS geflücht, haten hei eppes wéi Schutz fonnt an mussen elo, mat den eigentlechen Awunner op en Neits d‘Flucht ergräifen. MSF beklot dann och keen Zougang zu de Flüchtlingen ze hunn, mécht awer alles wat nach geet.

Nordsyrien

Eng al Fra zu Manbij huet iwwert dat erlieften ënnert dem IS beriicht. Si ware frou zu Ain al-Arab engnei heemecht fonnt ze hunn. Elo mussen si op en neits flüchten, dat virun den tierkeschen Zaldoten an den islameschen Extremisten déi sech hinnen ugeschloss hunn. © Jake Simkin/MSF

Zur elementarer Versuergung gehéiert d‘Verdeele vun Decken (d‘Nuechte a Syrien si kal), Iessen an d‘Erschléisse vu Waasserquellen. Wat d‘Berichter vu Mënscherechtsverletzungen duerch tierkesch Zaldoten a Rebellen ugeet, esou seet d‘Crystal van Leeuwen: „De Risk vu Mënscherechtsverletzung ass an all Krich grouss, mir musse bestänneg d‘Lag nei bewäerten an all Schratt nei entscheeden“.

A während d‘Leit op der Flucht sinn, wat virun allem dem Fait geschëlt ass, datt den US-President den Tierke quasi de rouden Teppech fir d‘Invasioun ausgerullt huet, beméit sech déi international „Wäertergemeinschaft“ Ankara opzehalen. Washington huet mëttlerweil Sanktiounen agefouert an de Vizepresident Mike Pence mam Sécherheetsberoder Robert O‘Brien bei de Sultan geschéckt.

Wéineg Aussicht op e Waffestëllstand

Datt de Finanzminister Steven Mnuchin e Strofzoll vu 50% op de Stol aus der Tierkei festgeluecht huet, dierft ugesiichts dem Montant vu 16 Milliarden US-Dollar un Importer wéineg Androck zu Ankara maachen. Ëmmerhin huet d‘Tierkei eng Wirtschaftsleeschtung vun iwwer 700 Milliarden US-Dollar, do beandrocken d‘Sanktioune wéineg. Mee dat ass jo nach net alles wat d‘USA kënnen.

Wou se sech zu Ankara méi dierften iergeren, ass datt och d‘Verhandlunge fir en Handelsofkommes sollen ofgebrach ginn. An d‘USA sinn fir d‘Tierkei een immens wichtegen Handelspartner an eigentlech haten sech de Recep Tayyip Erdogan an den Donald Trump eréischt kierzlech op den Ausbau vun den Handelsbezéiunge verstännegt. Dat ass hifälleg an déi tierkesch Lira geet ënner.

NordsyrienVëlleg zerstéieren awer kann de Milliardär déi tierkesch Wirtschaft net, dofir bréicht et scho massiv Ënnerstëtzung vun der EU, den eigentlechen Handelspartner vun Ankara. Trotzdeem huet dat alles en däitlechen Impakt a verschäerft d‘Wirtschaftskris an der Tierkei. Problemer déi allerdéngs virun allem vun der Bevëlkerung ze erdroe sinn, de Sultan an säin Haff sinn dovunner éischter net betraff.

An de Recep Tayyip Erdogan huet sech jo och méi wéi däitlech positionéiert. Eng Wafferou a Syrien kann et vun tierkescher Säit fréistens da ginn, wann déi grondsätzlech Objektiver erreecht goufen. Dat ass d‘Vernichtung vun den Syreschen Demokratesche Kräften (SDF), déi vun der Kurdemiliz YPG ugefouert gëtt, an d‘Usiidlung vun de syresche Flüchtlingen aus der Tierkei.

mat indymedia/ams/tlv

Foto: Op en Neits zur Flucht gezwongen. Fraen a Kanner déi am vun de Kurde kontrolléierte Gebitt Schutz fonnt hunn, musse virun de Bomme vum NATO-Partner Tierkei flüchten. © MSF

Ähnlech Sujeten Flüchtlingskris, Kurdemiliz YPG, MSF, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel