Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino

Eis all ass déi kleng Mierjongfra Arielle vu Walt Disney

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien
International Neiegkeeten Stories

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien

Am Rapport vun 2018, huet sech d‘ONG Reporter ouni Grenzen

Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit
International Neiegkeeten Stories

Just zur Erënnerung: Hënt gëtt un der Auer gedréit

Et ass sécherlech verständlech, datt engem zur Stonn aner Saachen

Tierkeschen „Ugrëffskrich“ an Nordsyrien verstëmmt Washington

Bei der Offensiv géint d‘Kurde sollen tierkesch Kampfverbänn US-Truppe beschoss hunn

Tierkeschen „Ugrëffskrich“ an Nordsyrien verstëmmt Washington

Si hunn den Ugrëffskrich méiglech gemaach, jo eigentlech erbäigefouert, a sinn elo veriergert, datt Ankara iwwert dee vun den USA ausgerullte rouden Teppech an Syrien amarschéiert. Washington dreet dem Recep Tayyip Erdogan mat wirtschaftleche Sanktiounen, wann d‘Offensiv net ophält.

Washington huet der tierkescher Regierung eng regelrecht „Invitatioun“ zur Invasioun, vun där a Syrien ageriichte „Sécherheetszon“ zoukomme gelooss, wéi den Donald Trump entscheet huet déi ronn 2.000 US-Zaldoten ofzezéien. Elo versicht déi selwecht Administratioun Drock op d‘Tierkei auszeüben, fir datt d‘Offensiv an déi geplangten ethnesch Säuberung opgehale gëtt.

Washington

Net all d‘Amerikaner sinn dovunner iwwerzeegt, datt hir Regierung hei eng gutt Entscheedung getraff huet.

Et ass dann och net den US-Ausseminister Mike Pompeo, mee den US-Finanzminister Steven Mnuchin deen sech amëscht. Hien huet Ankara wäitreechend Wirtschaftsstrofen ugedreet. Déi solle géint „Persounen“ déi a Verbindung mat der tierkescher Regierung stinn, verhaange ginn. „Et sinn staark Sanktiounen a mir hoffen dës net verhänken ze mussen“, esou de Steven Mnuchin.

Alles waarm Loft?

Den US-Finanzminister huet nach betount: „mir kënnen déi tierkesch Wirtschaft stëll leeën“, mee eng „Absicht“ ass doranner net ze erkennen. Woubäi dës vun der US-Regierung geäussert Folgen duerchaus kéinte séier erzwonge ginn. De Pentagon huet virun e puer Stonne bestätegt, datt déi tierkesch Artillerie och US-Stellungen (déi hinne musse bekannt sinn) an der Nuecht beschoss huet.

Washington

An der Tierkei sinn se verwonnert, datt d‘Kurden a Syrien sech wieren. An natierlech gëtt dann och Affer ënnert der tierkescher Zivilbevëlkerung am Grenzgebitt (Hei Biller vun Nuseybin). © Anadolu Agency

Ankara wéist d‘Uschëllegungen aus Washington zréck a widderhëlt, datt déi eenzeg Ziler déi vun der Artillerie uviséiert ginn, kurdesch Positioune sinn. Hir Offensiv (déi faktesch eng Invasioun ass) géif sech eenzeg géint d‘Terrororganisatioun YPG riichten, déi de Fridden an d‘Sécherheet an der Tierkei géife bedreeën. D‘Tierkei misst seng Grenzen an d‘Demokratie schützen, esou Ankara.

Dat konnt dach kee wëssen

Elo heescht et dann och vum Steven Mnuchin, datt de Léierbouf aus dem Wäissen Haus wéinst der tierkescher Invasioun „besuergt“ wier. Gutt, den Donald Trump war selwer ni Zaldot, an wéi hien et richteg festgestallt huet, et gëtt an der Regioun kee Räichtum dee sech ze verdeedege lount. Zudeem hätten d‘Kurde jo och keng Hand ugepaakt, wéi d‘US-Truppen an der Normandie gelant sinn…

Washington

Nach esou een Held: de Jens Stoltenberg, NATO-Generalsekretär, huet sech mat der tierkescher Regierung iwwert d‘Invasioun vu Syrien – wat en däitleche Verstouss géint d‘Vëlkerrecht ass – an déi berechtegt tierkesch Sécherheetsbedenken am Grenzgebitt ënnerhalen. De Jens Stoltenberg, dee vun de Kurden och net „iwwerzeegt“ ass, huet de Sultan gebueden, seng ethnesch Säuberung net all ze opfälleg duerchzeféieren, well dat an Europa a vun deenen aneren NATO-Partner net gäre gesi gëtt.

Réckendeckung erhält den Donald Trump vum US-Verdeedegungsminister Mark Esper. Deen ass sech tatsächlech net ze schued, dem US-President seng Entscheedung – an domatter och all gemaachten Aussoen zu a géintiwwer senge kurdeschen Alliéierten am Kampf géint den Islamesche Staat (IS) – ze rechtfäerdegen. Et hätt een alles versicht d‘Tierke vun enger Invasioun ofzehalen…

E verlässleche Partner?

„Mir hunn d‘Kurden net am Stach gelooss. Keen huet der Tierkei gréng Luucht fir den Asaz ginn. Am Géigendeel. Mir hunn eis ob allen Niveaue schwéier dergéint gestemmt, datt d‘Tierken dësen Asaz ufänken. Gott (dee schonn erëm) weess, Si ware géint eng Allianz tëscht den USA an de Kurdemilizen, an dat vun Ufank un“, esou d‘Erklärung vum Mark Esper. Jo wann et esou ass.

Washington

Uecht gedoen… dat wat sech hei als immens Glafwierdeg duerstellt ass reng Propaganda. Hei soll eng Meenung ugeholl ginn, déi eng ethnesch Säuberung als noutwennege Kampf géint eng Terrororganisatioun verkläert. Richteg ass: Journalisten déi „positiv“ iwwer de Courage vun der Kurdemiliz YPG beriichten, op Krichsverbriechen hiweisen oder ganz generell d‘Offensiv als Invasioun bezeechnen, sollten net an d‘Hänn vun der tierkescher Arméi oder hire radikaliséierte Milizen (déi sougenannt „Rebellen“) falen.

Erstaunlech datt de Mark Esper, no esou engem Statement nach d‘Erkenntnis huet, datt d‘Invasioun an déi ugestrieften ethnesch Säuberung – zu Washington nennt een dat en „inhumanen“ Ëmgang mam Géigner – eng „Belaaschtung an der Bezéiung zum NATO-Partner“ ass. E Verhältnis, dat längst vun Ankara a fro gestallt gouf, nodeems si bei de Russe Waffesystemer akaf hunn.

D‘Lige vum „Réckzuch“

Elo kéint een awer esou eppes wéi Versteesdemech fir den Donald Trump hunn, dee wéi all seng Virgänger och versprach huet „d‘Jongen heemzebréngen“. Zaldoten déi just „Sand“ verdeedegen, Kurden déi wuel daper awer aarm sinn, waren och sécherlech nëtzlech, dat awer nëmmen esoulaang et d‘Bedreeung duerch den IS ginn huet. D‘Kalifat ass gescheitert, de „Krich gewonnen“ heescht et.

Washington

Déi staatlech Noriichtenagence „Anadolu Agency“ ass och Deel vun der Propagandamaschinn a verbreet – ganz gutt gemaachte – falsch Informatiounen. Woubäi all tierkesch Organisatiounen déi am Web Aktiv sinn, stänneg dëser „Fäll“ vu Kanner verbreeden déi solle vun de Kurden ëmbruecht gi sinn. Iwwer 50 dëser „Beispiller“ – also e villfacht vun de genannten Afferzuelen – kurséieren eleng op Twitter. An Natierlech stierwen och Kanner an engem Krich… d‘Kugele wéi d‘Bomme maache keen Ënnerscheet…

Wann elo awer déi a Syrien agesaten Zaldoten ofgezu ginn, esou suergt den Dissens tëscht dem Iran a Saudiarabien (Jemen-Konflikt) dofir, datt den Donald Trump senge saudesche Frënn – dat sinn déi mam Pëtrol an dem ville Geld – zousätzlech 3.000 US-Zaldoten, Loftofwiersystemer (Patriot) an ganzer zwee Kampfjet-Geschwader schéckt. Dat alles natierlech nëmmen zur Verdeedegung.

Dat sinn – obwuel d‘USA kee Krich mam Iran féiere wëllen – 1.000 Zaldote méi wéi Washington a Syrien „ofzitt“. Elo soll een dat eent vun aneren trennen heescht et, woubäi sech aus dësem Fakt ergëtt, datt den Donald Trump net een eenzegen US-Zaldot „heembréngt“. An Europa kuckt deem ganze séileroueg no, och wann ee sech verbal – de Schäi muss erhale bleiwen – eppes „iergert“.

mat indymedia/tlv/nyc

Foto: Just datt ee sech e Bild vun deem maache kann, wat déi tierkesch Regierung als eng Band vun Terroriste bezeechent. Si hunn sech daper op der Säit vun der internationaler Allianz géint den IS geschloen, benotzen net wéi et behaapt gëtt Kanner an Zivilisten als Schutzschëld, mee sinn net gewëllt hir Heemecht den Tierken ze iwwerloossen. © indymedia (Archivbild)

Ähnlech Sujeten ethnesch Säuberung, Genozid, Kurdemiliz YPG, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei, Ugrëffskrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel