Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 7
International Neiegkeeten

gute frage online dating

Och dës Woch hu mer erëm e puer Wierder ausgesinn,

https://moien.lu/i-just-have-no-interest-in-dating/
Vum Fluchhafen op d‘Cloche d‘Or a 40 Minutten
International Neiegkeeten

Vum Fluchhafen op d‘Cloche d‘Or a 40 Minutten

Den ambitiéise Plang en Tram duerch d‘Stad Lëtzebuerg fueren ze

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann
International Neiegkeeten

What the Fakt – 56 Joer Till Lindemann

Mat senger déiwer dominanter Stëmm ass de Sänger als Rammstein-Frontmann

Nordsyrien: Washington an Ankara verstännegen sech op Sécherheetszon

Nordsyrien: Washington an Ankara verstännegen sech op Sécherheetszon

Dräi ganzer Deeg hu se verhandelt, elo de Communiqué: d‘USA an d‘Tierkei eenegen sech op eng Sécherheetszon am Norde vu Syrien. Syresch Flüchtlinge sollen aus der Tierkei hei ugesidelt ginn.

Während sech de Regime vun Ankara engersäits vu senge syresche „Gäscht“ trennen, gläichzäiteg awer och d‘Kurden – méi prezis déi vun der YPG-Miliz déi den IS bekämpfen – wa net direkt ëmbréngen, da wéinstens aus der Regioun verdreiwe wëll, halen sech d‘USA un hir Zousoen a stinn och weiderhin hannert hiren „Alliéierten“. Hei huet et eng Léisung gebraucht an déi hu se fonnt…

AnkaraBei de Verhandlungen hätt ee sech och éischt Moossnamen zur Zefriddestellung vun den tierkesche „Sécherheetsbedenken“ eenege kënnen, esou den offizielle Wuertlaut. Wéi dat soll ausgesinn, a wat genee gemengt ass – virun allem wat et fir d‘Kurde bedeit déi vun Ankara als Terroriste gestempelt goufen – doriwwer hu sech d‘Verhandlungspartner net ausgelooss. An dat ass kee gutt Zeechen.

Hei ass ze befierchten, datt déi kurdesch Bevëlkerung an Nordsyrien wäert opgefuerdert ginn, sech anzwousch anescht néierzeloossen. Ankara geséich nawell gären, wann déi kurdesch Ethnie, duerch syresch „Araber“ géif ersat ginn, wéinst deenen et den Ament an der Tierkei e politeschen Dissens gëtt. D‘Tierken erhoffen sech esou och, den Assad Regime ze schwächen, deen nees Opwand huet.

Territorial Erweiderung

Et ass bekannt datt den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan d‘Gebitt laanscht déi syresch-tierkesch Grenz kontrolléiere wëll, wat bedéngt, datt sech déi kurdesch Truppe musse verfuussen. Bis elo gëtt dës Regioun vun den Kurdemiliz beherrscht. D‘YPG wieren de bewaffenten Aarm vun der kurdescher Aarbechterpartei PKK, déi net nëmme vun Ankara als Terrororganisatioun gesi gëtt.

AnkaraD‘Tierkei war dann och schonn zweemol mat Panzer an Zaldoten an Syrien amarschéiert. 2016 mat der Operatioun „Schutzschëld Euphrat“ hunn d‘Tierke wuel den IS bekämpft, allerdéngs och d‘Kurdemiliz direkt ugegraff. Ufank 2018 dunn huet Ankara „Rebellen“ ënnerstëtzt, déi sech an der kurdesch gepräägter Regioun, de Bezierk vun Afrine gekroopt, an d‘YPG verdriwwen hunn.

mat indymedia/was/tlv

Foto: D‘Kämpfer vun der Kurdemiliz YPG sollen aus dem nordsyresche Grenzgebitt verdriwwe ginn, esou d‘Fuerderung vun Ankara déi sech mat Washington op eng Sécherheetszon verstännegt hunn. D‘Tierkei géif hei gären déi syresch Flüchtlingen déi si bei sech opgeholl hunn, endlageren. © Press TV

Ähnlech Sujeten Kurdemiliz YPG, Kurden, Sécherheetszon, Syrien, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel