Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wien näischt mécht, deen näischt brécht
International Neiegkeeten

Wien näischt mécht, deen näischt brécht

Eigentlech war dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), säi Gesiichtsausdrock wéi

5 Grënn, dëse Weekend Blade Runner 2049 kucken ze goen
International Neiegkeeten

5 Grënn, dëse Weekend Blade Runner 2049 kucken ze goen

Nodeems de Kino e relativ rouege Summer hannert sech huet,

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser
International Neiegkeeten

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser

De Projet, d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg nees ze rehabilitéieren, war

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!

Eng mysteriéis Krankheet an Norwegen huet an de leschten Deeg zuelräich véierbeeneg Affer gefuerdert. Bluddegen Duerchfall an Erbrieche gehéieren zu de Symptomer. Doduerch, datt schonn zuelräich Hënn kollabéiert a gestuerwe sinn, gëtt elo viru Reese mat Hond an déi skandinavesch Länner gewarnt.

Wéi déi norwegesch Autoritéite fir Liewensmëttelsécherheet Mattilsynet um vergaangenen Donneschdeg matgedeelt hunn, sollen an de vergaangene Wochen divers Fäll gemellt gi sinn, wou Hënn mat bluddegem Duerchfall an Erbriechen an d’Déiereklinik ageliwwert gi sinn. Ufanks si just am Raum Oslo, Norwegen, krank Véierbeener gemellt ginn, spéider koumen nach weider skandinavesch Regiounen dobäi.

Bis ewell ass nach net gewosst, wéi d’Krankheet ausgeléist gëtt. Am Daarm vun zwee obduzéierten Hënn hunn Experten d’Bakterie vun der Aart Providencia a Clostridium perfringens fonnt. Op elo aner Erreeger, wéi beispillsweis Viren, Keimen, Pilzer oder Parasitte mat am Spill sinn, ass net kloer gewosst.

Norwegen

Mir ginn dovun ass, datt [d’Erreeger] Viren oder Bakterie sinn, mee d’Studien, déi mir bis elo un den Hënn duerchgefouert hunn, hunn net beäntwert, wat d’Ursaach vum Ausbroch si kéint“, sou d’Ann Margaret Grøndahl vu Mattilsynet. D’Resultater vun den Ënnersichunge konnten nach keng eendeiteg Gemeinsamkeeten opweisen.

Momentan ass och net gewosst, ob d’Krankheet ustiechend ass oder ob et sech just ëm traureg Eenzelfäll handelt. D’Autoritéite bieden Hondsbesëtzer drëm, de Kontakt mat anere Véierbeener ze vermeiden. De Verband vum däitsche Schlittenhondssport warnt souguer viru Reesen a Skandinavien.

Laut BBC solle bis zu 40 Hënn Symptomer vun der mysteriéiser Krankheet gewisen hunn, zuelräich Déieren si souguer duerno gestuerwen. Verschidde Medien, dorënner och den norwegesche Sender NRK, hu matgedeelt, datt a 25 Fäll d’Krankheet déidlech ausgaangen ass. Offiziell bestätegt goufen dës Zuelen nach net.

Ähnlech Sujeten BBC, Bluddegen Duerchfall, Clostridium perfringens, Hond, Mattilsynet, Mysteriéis Krankheet, Norwegen, Providencia
Nächsten Artikel Virrechten Artikel