Search

You may also like

Auszeechnung fir déi zwee talentéiertst Diplom-Techniker an der Logistik 19/20
International Neiegkeeten

Auszeechnung fir déi zwee talentéiertst Diplom-Techniker an der Logistik 19/20

Als Zeeche vu Wäertschätzung fir déi bedeitend Leeschtunge vun de jonken Diplom-Techniker

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen
International Neiegkeeten

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon ass dat, wat een gemengerhand

Changementer an der Regierung
International Neiegkeeten

Changementer an der Regierung

Gëschter huet de Franz Fayot d‘Mandater fir d‘Wirtschaft an Kooperatioun

NOT A TARGET – Brutal Attack op Persoune vun der Entwécklungshëllef am Niger

NOT A TARGET – Brutal Attack op Persoune vun der Entwécklungshëllef am Niger

Um Sonndeg, den 9. August 2020 koum et am Niger zu engem grujelegen Attentat, bei deem 8 Persounen déidlech blesséiert gi sinn. Ënnert hinne ware 6 jonk Fransousen, déi fir d’Entwécklungshëllef an Westafrika waren. An dësem Kader mécht S.A.R. D’Groussherzogin op déi weltwäit Sensibiliséierungscampagne NOT A TARGET opmierksam.

Wéi den Tidjani ibrahim Katiella, Gouverneur vun der Tillaberi-Regioun erkläert, wier de Grupp ëm 65 km vun der Haaptstad Niamey, wou déi lescht Giraffegruppéierungen a Westafrika virkommen, ofgefaangen an ëmbruecht ginn. Ufanks duecht een, et hätt sech bei den Doudegen ëm Touriste gehandelt, wat den Issoufou Katambe, Verdeedegungsminister vum westafrikanesche Land dunn richteg gestallt huet.

Nieft de 6 Fransousen soll och een Touristeguide an de Chauffeur ënnert den Affer sinn.

Niger

Emmanuel Macron / Twitter

Als Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz erënnert d’Groussherzogin Maria Teresa mat hirer Associatioun Stand Speak Rise Up! dorun, datt humanitär Aarbechter, generell humanitär Organisatiounen a Rettungskräft keng Zilscheif fir Uschléi an Attacken dierfe sinn.

Am Joer 2018 hat d’Rout Kräiz déi weltwäit Sensibiliséierungscampagne NOT A TARGET lancéiert. Den dramatesche Virfall beweist, datt et ëmmer erëm zu bluddege Virfäll kënnt, bei deenen net nëmmen déi eege Bierger, mee och déijéineg, déi hëllefe wëllen, blesséiert ginn.

Opmaacherbild © Croix-Rouge luxembourgeoise

Related topics Attack, Attentat, Emmanuel Macron, Entwécklungshëllef, Frankräich, Niger, Not a Target, Rout Kräiz, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, Sensibiliséierungscampagne, Westafrika
Next post Previous post