Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn
International Neiegkeeten

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn

Bei der Sëtzung vum Biisser Gemengerot vu gëschter, war de

money
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
International Neiegkeeten

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

surprise
Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt
International Neiegkeeten

Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt

Um Mëttwoch waren d‘Kroate geschockt, nodeems si live materlieft hunn,

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren

D‘Gestreids tëscht dem US-President Trump an dem FBI hëlt keen Enn. Den FBI, dee géint den Donald Trump a seng „Entourage“ an der „Russland Affär“ ermëttelt, hätt géint d‘Gesetz verstouss, a fir dat och der ganzer Welt ze beweisen, gëtt elo en ëmstriddene Memo verëffentlecht.

Nodeems d‘Geheimdéngschtkommissioun vum Representantenhaus schonn Ufank der Woch fir eng Verëffentlechung gestëmmt hat, huet dat Wäisst Haus wéi erwaart d‘Schrëftstéck „fräi ginn“. Mat der Deklassifikatioun vun dësem Memo wëll den US-President dem FBI „Feelverhalen“ noweisen.

Ëm wat et gëtt…

De Memo, e vertraulecht Schrëftstéck vun dräi an eng hallef Säit, war vu Republikaner aus dem Kongress redigéiert ginn. Den Donald Trump behaapt unhand vun dësem Memo „gewësse Suergen opzewerfen, wat d‘Legitimitéit an d‘Legalitéit vu verschidden Aktiounen betrëfft“ déi vum FBI an Zesummenaarbecht mat Justizministère duerchgefouert gi sinn.

Béiden Institutioune gëtt virgeworf Mëssbrauch begaangen ze hunn fir vun engem Riichter e Mandat ze erwierken, datt et hinnen erlaabt huet de fréieren diplomatesche Beroder Carter Page ofzelauschteren. Dee war Member vun der Equipe Trump während dem Wahlkampf, a soll Kontakt mat de Russe gehat hunn.

FBI

Datt dat iwwerhaapt méiglech ass, läit um FISA-Gesetz (Foreign Intelligence Surveillance Act), dat viru gutt 40 Joer geschafe ginn ass. Dëst Gesetz zwéngt d‘Enquêteure vum Justizministère, engem federale Magistrat zolidd Elementer virzeleeën – déi de Verdacht zouloossen, dat eng Persoun verdeckt fir eng auslännesch Muecht géif schaffen – fir d‘Recht ze kréien de Verdächtegen ofzelauschteren.

Wat an der „Notiz“ behaapt gëtt:

Fir dëst wichtegt Mandat ze kréien, hunn de Ministère an den FBI sech op Informatioune bezunn, déi vum Christopher Steele, engem fréiere britesche Spioun, zesummegedroe gi sinn. Deen huet am Kader vun enger vun den Demokraten an der Clinton-Equipe finanzéiert Missioun agéiert. Domatter wier däitlech, datt hei Partei géint den Trump ergraff ginn ass.

D‘Demande fir d‘Mandat vun der „Ecoute“ déi dem Riichter virgeluecht ginn ass, war vu véier héije Verantwortlechen ënnerschriwwen, déi absichtlech déi politesch Motivatioune vum Christopher Steele verheemlecht hunn: den deemolege FBI-Direkter James Comey, säin Adjoint Andrew McCabe, dem Sally Yates vum Ministère, an déi aktuell Nummer 2, de Rod Rosenstein.

Den „Dossier“ vum Christopher Steele wat maassgeeblech, fir d‘Demande vum Mandat fir d‘Oflauschteren engem Magistrat virzeleeën. Mee de britesche Spioun war och eng Source vum FBI, an seng Zouverlässegkeet net geséchert: hien huet zum Beispill den FBI belunn, wat seng Kontakter ugaangen ass an huet och de Medie Geheimes verroden.

Wat d‘Notiz „net“ erzielt:

Aus de Note déi verëffentlecht gëtt, ass net erauszeliesen, datt de Carter Page schonn zanter 2013 vum FBI verdächtegt ginn ass. Also laang iert de Christopher Steele mat senge „Recherchen“ ugefaangen huet.

Et ass och net den Dossier vum britesche Spioun, deen den Ausléiser vun der vertraulecher Enquête vum FBI war, déi sech mat enger méiglecher Kollusioun tëscht Moskau an dem Team-Trump beschäftegt. Déi war am Juli 2016 opgemaach ginn, nodeems dem US-Geheimdéngscht den intensiven „Informatiounsaustausch“ tëscht Leit aus dem Trump-Entourage an de Russen opgefall ass. Hei ass et notamment ëm de Beroder George Papadopoulos gaangen.

Zudeem ass d‘Tatsaach, datt ee virun engem Riichter Informatioune vun enger „Quell“ benotzt, déi offensichtlech Viruerteeler oder verstoppten „Interessen“ huet (wéi dat beim Christopher Steele de Fall ass) éischter Usus, wéi d‘Ausnahm. Et ass dem Magistrat iwwerlooss wéi hie mat dësen Informatiounen ëmgeet.

Den Donald Trump ass net „ameséiert“

Dat alles gewosst, an ënnert der Berécksiichtegung datt den Ugrëff déi beschte Verdeedegung ass, huet den Donald Trump seng Trëmp ausgespillt. Hie sot dann och, datt hien dëse Memo fräi gi well d‘Bierger e Recht op dës Informatioun hätten.

An Rose war den US-President och nach. „Wat an dësem Land virgeet ass eng Schan! Vill Leit sollten sech Schummen“, esou den Donald Trump, deen op d‘Fro, op hien nach Vertrauen an de stellvertriedende Justizminister Rod Rosenstein hätt, ganz dréche geäntwert huet: „Dat kënnt der iech bestëmmt denken!“.

FBI

Den Demokrate kann dat net gefalen, an dat maachen si dann och däitlech. D‘Verëffentlechung vun dësem „geheime“ Memo hätt eenzeg den Zweck, den FBI, de Justizministère an de Sonderermëttler Robert Mueller ze diskreditéieren. An natierlech huet den US-President vill gutt Grënn d‘Enquête ze ënnergruewen. All d‘Virwërf goufen a ginn och weiderhi vum Trump a vu Moskau bestridden.

Elo awer esou e Memo ze verëffentlechen, zerstéiert d‘Vertrauen tëscht dem FBI an dem Kongress. Ëmmerhin ass ze bedenken, datt déi Informatiounen ënnert dem Sigel vum Vertrauen un d‘Parlamentarier weidergereecht ginn. Den James Comey huet via Twitter op en irritéierende Memo higewisen, deen d‘Vertrauen zerstéiert hätt.

mat AFP

Foto: Deklassifizéiert! De Memo mat deem d‘Aarbecht vum FBI a Fro gestallt gëtt, huet den Donald Trump gëschter fräi ginn. © Eric Baradat/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, FBI, James Comey, Russland Affär, US-Justizministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel