Guardian-LuxGuard: déi Lénk stäipt de Salariéen de Réck
D’Direktioun vu Guardian-LuxGuard an d’Representante vun der Gewerkschaft schéngen de
D’Direktioun vu Guardian-LuxGuard an d’Representante vun der Gewerkschaft schéngen de
D’Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei
Den ILR (Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut) huet am Dezember seng statistesch Fiche
Et war schonn déi 63. Editioun vun der Eemaische, déi dëse Weekend iwwert ganzer dräi Deeg fir vill a lëschteg Amenter zu Nouspelt gesuergt huet. Den Héichpunkt vum ganzen awer ass a bleift den Ouschterméindeg. Dann ass am Duerf d‘Eemaischen ugesot, a wéi gewinnt eng méi lass.
Offiziell ginn d‘Stänn zu Nouspelt ab 14 Auer opgemaach, mee wéi gewinnt gëtt et der ëmmer méi déi esouvill Gedold net opbrénge wëllen, an esou hate vill Péckvillercher schonn e Besëtzer fonnt, nach iert et richteg lassgaangen ass. Berécksiichtegt een nach dat gutt – scho bal summerlecht – Wieder, kann ee sech virstellen, datt déi Nouspelter Eemaischen entspriechend gutt besicht war.
Nouspelt en Duerf vu ronn 750 Awunner, verzéngfacht um Ouschterméindeg säi Volleksbestand an et komme längst net méi nëmme Residente laanscht luussen. Nee och am Ausland ass dëst drolegt Fest mat de stenge Villercher, déi päife wann een hinnen „hannen era bléist“, mëttlerweil beschtens bekannt. Ganz Busser bréngen esou ëmmer méi interesséiert Péckvillercher-Sammler op Nouspelt.
Dem Eugène „Usch“ Biver seng Péckvillercher sinn Unikater a garantéiert Wäertbestänneg. Awer nëmmen Echt mam Stempel… © Martine de Lagardère/moien.lu
Elo gëtt et nieft de Péckvillercher an anere „Souveniren“ nach vill Attraktiounen an Animatiounen. Gastronomesch sollten och keng Wënsch opbliwwe sinn, fir all Geschmaachsrichtung gouf et de passende Maufel. Am groussen Zelt hat een traditiounsgeméiss d‘Wiel tëscht „Bouchée à la Reine“ an „Judd mat Gaardebounen“. Hei war een dann och gutt beroden sech ugemellt ze hunn…
Laut der Asbl „Nouspelter Eemaischen“ sinn um Méindeg iwwer 800 Menüen zerwéiert ginn. Dat ass och fir eis Verhältnesser net näischt. Fir datt e Volleksfest wéi déi Nouspelter Eemaischen awer erfollegräich bleiwe kann, brauch et eng grouss an zouverlässeg Equipp. An dësem Kontext, dann och vun eiser Säit e grousse Merci un déi honnerte Fräiwëlleg, déi de Succès séchergestallt hunn.
Den Usch – deen am biergerleche Liewen Eugène Biver heescht – ass dat wat een als Urgestee vun der Nouspelter Eemaischen dierf bezeechnen. Hien, dee gefillt schonn zanter engem Joerhonnert déi begierte Péckvillercher hierstellt, ass e Magnéit fir d‘Krapperten. Déi dierfen dem Usch net nëmmen nokucken, nee hei dierf een de Leem selwer „uréieren“ a „betriwwelen“. Einfach „Cool“!
Foto: Beim Usch, een vun den „Unikater“ mat laanger Péckvillercher-Erfahrung, si besonnesch eis Butze wëllkomm. Hei dierf mat „Hand ugepaakt“ ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu