Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet
Neiegkeeten

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas
Neiegkeeten

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch
Neiegkeeten

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch

RTL gehéiert zur Geschicht vun eisem Land wéi de Gromperekichelchen

Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung

Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung

Zesumme mat der Lëtzebuerger Police an dem Parquet huet den Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch iwwert d’Mesuren informéiert, déi am Kader vum Nationalen Noutstand geholl ginn. „D’Situatioun ass eescht a mir mussen eis un d’Moossnamen halen!“

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 335 confirméiert Fäll vu Persounen, déi um neiaartege Cornavirus erkrankt sinn. Dës weideren ziele mir zënter haut am Ganzen 4 Doudesfäll.

Nationalen Noutstand

Mir sinn an enger schwéierer Zäit, wäerten se awer iwwerbrécken. De Minister François Bausch weist sech zouversiichtlech, hieft awer ervir, datt mir all zesummeschaffe mussen, fir dës Kris ze iwwerstoen. Nodeems gëschter Owend den Nationalen Noutstand a Kraaft getrueden ass, gouf elo een Iwwerbléck verschaaft. Dat groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020 fannt Dir HEI.

Wat ass erlaabt?

  • Liewensmëttel akafen, an d‘Apdikt oder soss essentiell Produite besuerge goen (Akafen ass keng Frizäit-Aktivitéit!);
  • d‘Acquisitioun vu landwirtschaftleche Produiten;
  • de Wee an eng Gesondheetsstruktur;
  • de Wee op d‘Schaff;
  • d‘Visitten an d‘Soine fir eeler Leit, d‘Garde vu Mannerjäreger, Hëllef fir ofhängeg Persounen, Mënsche mat engem Handicap an därer déi besonnesch vulnerabel sinn;
  • den dréngende Besuch bei engem Organ vun der Sozialversécherung;
  • den dréngende Besuch vu Finanzinstituter, Assurancen, a Postdéngschter;
  • den Deplacement aus héijer Gewalt;
  • d‘Fräizäitaktivitéiten, wann se perséinlech oder am Grupp mat Leit mat deenen een zesummewunnt ofgehale ginn, an dat och nëmmen ënnert der Konditioun, datt sech un de sozialen Ofstand vun op mannst zwee Meter gehale gëtt.

Et ass net den Ament fir Partyen ze feieren. Dofir handelt een ëmsou méi streng bei Caféë, Restauranten a Geschäfter, déi zou solle sinn. Empfänkt een an dëser Situatioun trotzdeem Gäscht, handelt een op kee Fall responsabel fir d’Gesondheet vun der Bevëlkerung, wat deementspriechend sanktionéiert gëtt.

Zum Transport

Dës weideren huet de Minister Bausch ervir gehuewen, datt d’Passagéierflicht bis Enn der Woch komplett agestallt ginn. Eleng Lëtzebuerger, déi zeréck an d’Heemescht wëllen, gëtt gehollef. Et existéiert keng allgemeng gëlteg Reegelen zum Remboursement, hei soll ee sech un d’Fluchgesellschaft riichten. Natierlech ass d’Cargolux weiderhin ënnerwee, fir Wueren a medezinescht Material ze transportéieren.

Wat den ëffentlechen Transport ugeet, esou schrauft een den Trafic an Etappen zeréck. Duerch dës Moossnamen fir Bus, Zuch, Tram an aner Transportmëttel sollt een d’Fuerpläng op mobiliteit.lu am A halen.

Nationalen Noutstand

Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Police

Mir doheem, si dobaussen

Als zweete Spriecher war de Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Police Philippe Schrantz um Mikro. Wärend d’Majoritéit vun der Bevëlkerung doheem bleiwe soll, suergen d’Beamten elo verstäerkt dofir, datt den Ordre Publique oprecht gehale gëtt. Ëm 1.500 Polizisten sinn operationell, fir den Eeschtfall kann een op eng Reserv vun 20 % zeréckgräifen. Weider Verstäerkung kréien d’Beamten duerch 40 Douanieren. D’Personalsituatioun erweist sech momentan net als kritesch.

De Philippe Schrantz huet bemierkt, datt sech zu Lëtzebuerg de Message „bleift Doheem“ gréisstendeels verstane ginn ass. Bis ewell goufen et honnerte Kontrollen, eng Hand voll Entreprisen hu misse sanktionéiert ginn.

Ma, bei de verstäerkte Kontrollen an den Dierfer a Stied kënnt een net dolaanscht Persounen direkt unzespriechen. D’Zil wier et net, all eenzele Mënsch, dee bausse spadséiere geet, auszefroen. D’Kontrollen déngen dem Zweck, gréisser Versammlungen u Leit ze verhënneren. An dësem Kader gëtt nach emol drun appeléiert am Respekt vun de vulnerabele Persounen, wéi och de Persounen am Asaz ze handelen a sech un d’Moossnamen ze halen.

Nationalen Noutstand

Martine Solovieff; Procureur Général d’État

All Verstouss gëtt berécksiichtegt

Zu gudder Lescht war et d’Procureur Général d’État, d’Martine Solovieff, déi d’Sanktiounen dorop opmierksam gemaach huet, datt d’Geriicht all Verstouss wäert zur Kenntnis huelen an d’Prozeduren, am Fall vun enger Mëssuechtung, garantéiert duerchgefouert ginn. Eng Strof sollt déi lescht Etapp sinn, an awer kënnt ee momentan net dolaanscht, streng duerchzegräifen.

Privatpersounen kënne mat 145 € bestrooft ginn. Dëse Betrag muss bannescht 30 Deeg bezuelt ginn, soss verduebelt sech de Montant.

Entreprisen kënnen eng administrativ Amende vu 4.000 € kréien. Och hei kann de Montant beim Net-Bezuele verduebelt ginn. Am schlëmmste Fall kann Police oder d’Douane de Betrib komplett zoumaachen.

Alle Beamten vun der Police, der Arméi an der Douane, wéi och den Affekoten gëtt fir hiren Asaz Merci gesot.

De ganze Video fannt Dir hei:

Ähnlech Sujeten Amende, Coronavirus, Covid-19, François Bausch, Geriicht, Groussherzoglecht Reglement, Martine Solovieff, nationalen Noutstand, Philippe Schrantz, Police, Verstouss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel