Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat sech 2019 alles ännert…
georgie henley dating ben barnes

Wat sech 2019 alles ännert…

Dem Land geet et gutt. Keng giel Gileten a Siicht,

https://moien.lu/100-questions-dating/
georgie henley dating ben barnes

gay dating sites indianapolis

Am Ufank vun engem akademesche Joer, gëtt um Héichschoulministère ëmmer

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
georgie henley dating ben barnes

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!

Virun der grousser Vakanz zitt den OGBL nach emol all Regëster

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!

Eigentlech hätt ee sech en eppes méi entspaanten OGBL-President erwaart, schliisslech war et déi lescht Sëtzung vum Nationalvirstand virun der politescher Rentrée am September. Dofir huet sech den Änder Roeltgen dann awer gehéierlech iwwert de politeschen Ëmgang mat der Logementskris missen iergeren. Seng Argumenter ware wéi gewinnt pikéiert a ganz fundéiert.

Erënnere mir nach séier dorunner, datt de Logement e „Grondrecht“ ass an als solches och an der neier Verfassung soll verankert ginn. Et wier de Politiker also batter Eescht eppes géint dës Kris, zu där si och villes bäigedroen hunn an nach bäidroe wäerten, ze ënnerhuelen. Richteg ass, datt et am Koalitiounsaccord steet, mee wien dem OGBL-President gutt nogelauschtert huet, geet dat net duer.

Géif et dem OGBL no goen, esou den Änder Roeltgen, géif et scho muer Gesetz, mat deenen de Spekulanten an onséilege Promoteuren d‘Handwierk géif geluecht ginn. Mee leider ass déi gréisste Gewerkschaft net de Legislateur, an deen, esou zumindest den onverhuelene Virworf, géif dësen d‘Instrumenter bidden, mat deenen si sech op Käschte vun der Allgemengheet géif beräicheren.

Bauland an Immobilien si „Gold“ wäert

An hei ass et dann och wou de Schong dréckt. Dem OGBL ass et zuwidder, wéi einfach et dësen „Leit“ gemaach gëtt. Laut der Analys vun der Gewerkschaft, sinn et an éischter Linn déi ominéis „spezialiséiert Fongen“ déi d‘Regierung eigentlech zur Fërderung vum Wunnengsbau initiéiert hat, déi d‘Spekulanten (ob Fonds oder Privatpersoun) zu hirem Virdeel ze notze wëssen. Dat ass „Aua“.

Fir et ze ënnersträichen eng Zuel: 159 physesch Persounen (déi dovunner si matenaner Famill) besëtzen Terrainen am Wäert vu ronn 3,4 Milliarden Euro. Fir 0,03% vun der Bevëlkerung net emol déi schlechtst Spuerstrëmp. Dovunner kënne Matbierger déi sech der Mëttelschicht vun der Gesellschaft zourechnen nëmmen dreemen. Fir gutt en Drëttel ass den Dram schonn e Luxus.

Den OGBL stellt zudeem fest, datt d‘Salairen zwar „gewuess“ sinn, sech awer a kenger Hisiicht un der Deierecht vum Immobiliëmaart orientéiert hunn. Fir 40% vun den Awunner heescht et e Choix maachen: entweder dezent wunnen, oder um gesellschaftleche Liewen deel huelen. Si bis Kanner do fält d‘Wiel flaach, firwat d‘Logementskris och eng Bedreeung vun der sozialer Kohäsioun ass.

Dat alles belaascht och d‘Wirtschaft

Zudeem sollt een net vergiessen, datt Menagen déi bis zu zweedrëttel vum Akommes fir de Loyer oder de Prêt vum Haus ausginn, net méi als „Konsumenten am Sënn vum Eenzelhandel“ ugesi ginn. Dat huet iwwer kuerz oder laang och Konsequenze fir d‘Wirtschaft. Déi hätt awer gären, datt sech d‘Menagen all 3 Joer eng nei Wäschmaschinn an all 5 Joer en neien Auto kafen. Mee woumadder?

Deem wëll den OGBL e Reedel virleeën an huet Léisungsvirschléi. Esou misst een d‘Spekulatioun esouwuel ënnerbannen, wéi se och nach esou deier maachen, datt guer keen Interêt méi besteet sech asozial senge Matmënsche géinteniwwer ze behuelen. Den OGBL-President geet esouwäit ze fuerderen, datt wien an den eegene véier Wänn wunnt, vun der Grondsteier sollt befreit sinn.

Fir all déi aner Proprietaire soll d‘Grondsteier „progressiv“ sinn, an dat an engem Mooss, datt wann e „gewëssent Immobiliekapital“ accumuléiert ass, et finanziell kee Sënn mécht „weider anzekafen“. Zudeem sollt endlech déi Tax op eidel stoende Wunnraum oder Bauterrainen déi bewosst zréck behale ginn agefuerdert ginn. Bis ewell maachen dat eng 5 Gemengen, allerdéngs hallefhäerzeg.

Wa sech näischt ännert féiert et zum Konflikt

Fir den OGBL muss sech dat änneren. Wann d‘Gemengen et net hikréien eng bestoend Tax vun de betraffene Proprietairen anzezéien oder anzekloen, da muss dat eng national Tax ginn, déi ouni Ausnam muss ugewannt ginn. Zudeem mussen d‘Präisser, déi vun den Terrainen, den Haiser an Appartementer, mee och a vläicht ganz besonnesch d‘Loyere plafonnéiert ginn.

Gefuerdert gëtt och eng Reform vun der Loyer-Subventioun an déi spezialiséiert Fonge gehéieren ofgeschaaft. Et muss däitlech méi an de soziale Wunnengsbau investéiert ginn (laut OECD läit den Undeel u soziale Wunnengen zu Lëtzebuerg bei 1,6%, aner Quelle gi vu 5,1% aus) zemools elo och bekannt ass, datt all fënnefte Bierger vun Altersaarmut bedreet ass. An dat ass absolut kee Witz.

Datt d‘Politik dovunner ausgeet, wann een d‘Offer erhéicht ginn d‘Präisser an de Keller, ass totale Blödsinn well genee dat spillt de Spekulanten an soss knaschtege Gesellen an d‘Hand. Woubäi se zum Dank och nach extreemst Steiervirdeeler hunn. Den OGBL wëll dat net méi hinhuelen an elo kann sech d‘Regierung bis zur politescher Rentrée Mesuren afale loosse fir deem ze begéinen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, FIS, FIS-Sicav, Koalitiounsregierung, Logement, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel