Search

You may also like

De Chantier um Pont Buchler geet a seng nächst Ronn (31.10-01.11.2020)
Neiegkeeten

De Chantier um Pont Buchler geet a seng nächst Ronn (31.10-01.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt et duerch Aarbechten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt
Neiegkeeten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?
Neiegkeeten

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?

Säit enger gefillten Éiwegkeet gëtt am Land gefuerdert, datt et

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

+2,7% Chômeure méi an awer bleift de Chômagetaux zu Lëtzebuerg stabil

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir sollt een et ervirhiewen. En Dënschdeg huet d‘ADEM déi Zuele vum Juli virgeluecht an déi sinn net wéi all déi Méint virdrun „encourageant“. Mat 15.668 ageschriwwenen Demandeuren hu se um Aarbechtsamt missen eng Zounam ëm 406 Eenheete misse feststellen. Op ee Joer gekuckt ass dat eng Hausse vu ganzer 2,7%, déi awer keng Inzidenz hunn.

Elo awer kann een dat mat Liichtegkeet relativiséieren, well et op de Chômagetaux u sech nëmme marginal Afloss huet. Dee steet och weiderhi bei 5,5%. Interessant och de Fait, datt aus den Zuelen ervirgeet, datt et eng Baisse bei den Demandeuren aus dem Grenzberäich gëtt. Et waren am Juli 2.457 sougenannt Frontalieren ageschriwwen an dat entsprécht enger Baisse vu 7,9% op ee Joer.

Fraen a Mënsche mat héijer Qualifikatioun gehéieren zu de Looser

Bedauerlech och de Constat, datt vun der Zounam besonnesch d‘Frae betraff sinn (+6,1%) während d‘Häre vun der Schëpfung (-0,5%) gutt ewech kommen. Bezitt ee sech op den Alter, da sinn et déi tëscht 30 bis 44 Joer wou schlecht ofschneiden (+7,5%) an déi iwwer 45 Joer, wou sech am beschte geschloen hunn (-1,7%). Leit mat engem „klengen“ Diplom si mat -4,7% och gutt ewech komm.

Fir déi Demandeure mat engen „groussen“ Diplom – dat si Mënschen déi en Héichschoulofschloss hunn – gesäit dann nees schappeg aus (+14,9%). Hei dierf e bemierken, datt et déi klengste Klass vun Demandeuren ass (3.422 Persoune sinn ageschriwwen), wat elo deem dee betraff ass natierlech net hëlleft. Mee d‘Zuele ginn net op d‘Ursaachen an, wat de Spekulatiounen nees Fudder liwwert.

Vu „Moossnamen“ an enger vereinfachter Prozedur

Aus deene vun der ADEM virgeluechten Zuele gëtt dann och nach ervir, datt d‘Zuel vun de Leit déi an enger „Aarbechtsmoossnam“ sinn, mat 4.044 Eenheeten och ëm 3% ofgeholl huet. Dofir huet mam Akraafttriede vun der vereinfachter Aschreiwungsprozedur d‘Zuel vun den neien Dossiere massiv zougeholl. Eleng fir de Mount Juli wieren et laut Aarbechtsamt 2.605 nei Aschreiwungen.

Dat sinn alles Dossiere vu Residenten an et bedeit eng Hausse vu 15,1%. Bei de Grenzgänger ass dofir eng Hausse op e Joer an héicht vu +124%. Eng Hausse déi laut ADEM och bei den Dossier-Clôturen ze notéieren ass. Wéi kënnt dat? Ma fréier war et „ustrengend a laangwiereg“ sech bei der ADEM anzeschreiwen. A fir ee Mount huet sech keen dëser Prozedur ënnerzunn, behaapt d‘ADEM.

Zuel vun den oppenen Aarbechtsplazen och réckleefeg

Wann ee sech also doriwwer erfreeë kann, datt de Chômage un a fir sech stabil bliwwen ass, an esou Lëtzebuerg an der EU „virbildlech ass“ esou muss een de Ball „um lafen halen“. Dat heescht Wuesstem, Wuesstem an nach emol Wuesstem. Deen awer hält sech den Ament a Grenzen. D‘Zuel vun den ugebuedene Plaze läit den Ament bei 7.945, dat entsprécht enger Baisse vun 2,5%.

A wéi enge Beruffer gi Leit gesicht? Vun den zéng Beruffer déi no fläissegen Hänn sichen, ass et de „Comptabel“ deen d‘Nues vir huet (26,3%), dann eréischt kommen d‘Informatik, d‘Juristerei an de Bankesecteur zum droen. Mee och an der Gastronomie, Administratioun, dem Eenzelhandel, wéi am „Genie-Civil“ gëtt no fäegem Personal Ausbléck gehalen. Also kee Grond zur Klo… gutt esou.

Foto: Alexa/Pixabay

Related topics Aarbechtsamt, ADEM, Chômage, Plein Emploi
Next post Previous post