Search

You may also like

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“

Brasilianesch Impfstrategie geet sech net op
International Neiegkeeten

Brasilianesch Impfstrategie geet sech net op

Ëmmer méi Leit infizéieren sech, a folgerichteg stierwen och ëmmer

An Erënnerung un den Novemberpogrom vun 1938

An Erënnerung un den Novemberpogrom vun 1938

An der Nuecht vum 9. op den 19. November 1938 goufen zuelräich jüddesch Gotteshaiser an Däitschland, Éisträich an der Tschechoslowakei ofgebrannt, Geschäfter a Wunnenge vu Judden zerstéiert, hir Besëtzer mësshandelt. Mam Novemberpogrom, oder och Reichskristallnacht genannt, sinn Antisemitismus a Rassismus mat Mord offiziell vum Staat erlaabt ginn.

D’Wuert Pogrom kënnt aus der russescher Sprooch a bedeit iwwersat „Zerstéierung“ a „Verwüstung“. Dobäi kënnt et zu gewaltsamen Ausschreidungen géint Membere vu reliéisen, nationalen, ethneschen oder anere Minoritéiten.

Novemberpogrom© DerDon123 – CC BY-SA 3.0 DE

Nodeems um 9. November 1923 e Putsch op den däitschen Diktator Adolf Hitler gescheitert ass, huet sech d’Féierung vun der NSDAP zesummefonnt, fir un dësen Dag ze gedenken. Just zwee Deeg virdrun koum et zu Paräis zu engem Attentat op de Legatiounssekretär vun der däitscher Ambassade, den Ernst vom Rath, deen duerch den eréischt 17 järegen Herschel Grynszpan ëmbruecht ginn ass. Domat wollt de jonke Kärel op d’Ofschiebe vun ëm 17.000 polnesche Judden – dorënner och seng eegen Elteren – opmierksam maachen.

Den Haass op d’Reliounsgrupp war esou grouss, datt dëst Ereegnis als Begrënnung an Ulooss zum uschléissenden „Akt des Volkzorns“ erkläert ginn ass. Beim Treffen huet de Reichspropagangdaleeder Joseph Goebbels op fréier Pogromen higewisen. Direkt huet hien net zu antisemiteschen Aktiounen opgeruff, mee verhënneren géif een se och net. Schliisslech gouf den Uerder zum Terror awer iwwert Telefon weiderginn.

NovemberpogromEn zerstéierte Buttek zu München
Bundesarchiv, Bild 183-86686-0008 / CC-BY-SA 3.0

No engem Schreiwes vum Reinhard Heydrich, Chef vun der Sécherheetspolice, dierfte bei de Moossname keng Gefor fir däitscht Liewen oder Eegentum bestoen. A jüddesche Gotteshaiser dierft just Feier geluecht ginn, wa ronderëm keng Brandgefor besteet. An och d’Geschäfter a Wunnenge vu Judden dierfte „just zerstéiert“, mee net geplündert ginn.

Unhänger vun der Schutzstaffel (SS) an der Sturmabteilung (SA) hu sech un d’Wierk gemaach. Fënsteren goufen ageschloe, Geschäfter verwüst, Wunnengen zerstéiert, hir Bewunner mësshandelt an attackéiert, Gottes- a Gemengenhaiser ugezünt. Den Numm „Kristallnuecht“ kënnt deemno vun de ville Glasschierbelen, déi duerch d’Roserei duerch d’Géigend geflu sinn. Laut dem offizielle Rapport sollen dobäi 91 Persounen ëmbruecht gi sinn. Ganzer 267 Synagogen an 7.500 Geschäfter hätt ee futti gemaach. Ma, dat si wéi gesot just d’Zuelen aus dem Geheimrapport vum Ieweschte Parteigeriicht vum 13. Februar 1939. Bei der Donkelziffer gëtt vun ënnert anerem méi wéi 1.300 Persoune geschwat, déi un den direkte Folge vum Terror gestuerwe sinn.

NovemberpogromD’judde ginn zur “Schutzhaft” an d’Konzentratiounslager bruecht
Bundesarchiv, Bild 183-86686-0008 / CC-BY-SA 3.0

Mam Novemberpogrom war et leider net gedoen: Diskriminéierung, Entrechtung, Enteegnung an eng nei Aart vu Verfolgung mat „roueger“ Eliminéierung vu Judden sinn ëmmer méi heefeg a brutal ginn. Eleng den Dag durno, um 10. November 1938, si méi wéi 30.000 jüddesch Männer an d’Konzentratiounslagere vu Buchenwald, Dachau a Sachsenhausen deportéiert ginn.

Opmaacherbild:

En zerstéierte Buttek zu Magdeburg (1938)
Bundesarchiv, Bild 146-1970-083-44 / Friedrich, H. / CC-BY-SA 3.0

Related topics Adolf Hitler, Antisemitismus, Diskriminéirung, Enteegnung, Haass, Joseph Goebbels, Konzentrationslager, Novemberpogrom, Reichskristallnacht, Synagogen, Zerstéierung
Next post Previous post