Search

You may also like

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op
Erkläert

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op

2018 war, esou zumindest aus der Siicht vun der Gesondheetskeess,

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen
Erkläert

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen

D‘Stroossebauverwaltung huet beschloss d‘Vitessereguléierung op den Autobunnen „A6“ an „A1“

Guardian-LuxGuard: déi Lénk stäipt de Salariéen de Réck
Erkläert

Guardian-LuxGuard: déi Lénk stäipt de Salariéen de Réck

D’Direktioun vu Guardian-LuxGuard an d’Representante vun der Gewerkschaft schéngen de

D’NRA, erkläert

D’NRA, erkläert

NRA. Dëst sinn déi dräi Buschtawen, déi no all Schéisserei an den USA an de Medien ze fanne sinn. Et ass eng aflossräich Lobby, souwuel op lokalem wéi och nationalem Plang. Mir erklären, wat et mat dëser Organisatioun op sech huet.

Wat sinn d’Urspréng vun der NRA?

Zwee fréier Kämpfer vum Sezessiounskrich hunn d’National Rife Association (NRA) 1871 gegrënnt. Si ware besuergt ëm d’Schéiss-Kenntnisser vun den Zaldoten. D’Haaptzil vum Grupp ass et “d’Schéisse mam Gewier op wëssenschaftlecher Basis ze promovéieren an ze encouragéieren”.

Politesch ass et dann zënter 1975 ginn: “[D’NRA] erkennt e kritesche Besoin fir d’politesch Verteidegung vum Second Amendment a grënnt en Institut fir legislativ aktiv ze ginn”, heescht et um Site vun der Organisatioun.

Et ass deen Ament, wou d’NRA sech an eng politescher Maschinn verwandelt a mam Lobbyismus ufänkt. Am Zentrum steet den Second Amendment, deen de Besëtz vu Waffen erlaabt. E Recht, wat vun der Verfassung zënter 1791 garantéiert gëtt a räichlech vill Plaz fir Interpretatioune léisst.

Wéi vill Geld a Memberen huet d’NRA?

D’NRA huet 5 Millioune Memberen. Si ginn am Joer 300 Milliounen Dollar aus. Laut dem Center for Responsive Politics, enger Organisatioun déi sech op Wahl-Finanzéierung spezialiséiert, hunn se 5 Milliounen Dollar am Joer 2017 vir Lobbyismus ausginn.

Si hunn och eng eegen Tëleeschaîne, NRATV.

Laut der New York Time finanzéiert sech d’Organisatioun duerch hir Memberen a Spenden. Waffefabrikanten sinn dobäi staark vertrueden.

Wéi beaflosst d’NRA d’Politik?

De republikanesche Senator aus Florida, Marco Rubio, ass e perfekt Beispill fir d’Lobbyaarbecht vun der NRA. E jonken Iwwerliewende vu Parkland huet de Senator op der Tëlee opgefuerdert, keng Spende méi vun der NRA unzehuelen. Dëst huet hien refuséiert. Op direkt oder indirekt, d’NRA huet him a senger politescher Karriär laut dem Center for Responsive Politics mat dräi Milliounen Dollar ënnerstëtzt.

Mee net nëmmen hie profitéiert: d’NRA huet den Donald Trump mat 10 Milliounen Dollar ënnerstëtzt. Gläichzäiteg hunn Geld géint d’Hillary Clinton agesat – ganzer 20 Milliounen Dollar!

Ofgesi vun der finanzieller Ënnerstëtzung bewäert d’NRA op hirer Säit alleguerten d’Kandidaten a Parlamentarier. Et ginn – wéi an der Schoul – Nott verdeelt. Wien hirer Positioun vis à vis vu Waffe mi no kënnt, kritt eng besser Nott.

Wat kéint sech nom Drama vu Parkland änneren?

D’Schüler vu Parkland hu mobil gemaacht. Dëst huet schonn dozou gefouert, datt Partner sech vun der NRA distanzéiert hunn. Mee ännert sech elo eppes?

Fir d’Lobby op alle Fall net: Si refuséieren schonn en Unhiewe vum Mindestalter fir d’Keefer vun hallef-automatesche Waffen. Den Donald Trump hat ugedeit, dee kéint vun 18 op 21 Joer ugehuewe ginn. Och Republikanesch Politiker weisen sech zeréckhalend wat nei Waffegesetzer ugeet.

Den Donald Trump fir säin Deel ass e grousse Frënd vun der NRA: “Et gëtt kee gréissere Fan vum Second Amendment an der NRA wéi mech”.

Mat AFP – AB/faa/dar

Related topics Erkläert, NRA, USA
Next post Previous post