Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Glécksspill an de Bistroen: d‘Brigange kruten den Dicks gebéit
india most dating site WTF

https://moien.lu/dating-websites-moldova/

An éischter Linn e „portugisesche Fait divers“ huet och Lëtzebuerg,

speed dating colocation
https://moien.lu/oldies-dating-uk/
india most dating site WTF

Editorial: Wéi konnt dat nëmme geschéien?

Ech weess jo net, op et nëmme mir opfält, mee

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
india most dating site WTF

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

surprise

Nuddelen, Bësch-Champignonen a Käschten

All Joreszäit huet seng Spezialitéiten an mir hunn do eppes Besonnesches fir iech

Nuddelen, Bësch-Champignonen a Käschten

Wéi kritt een den Hiecht an d‘Kichen? Dat war eng vun de Froen déi eis dëser Deeg an der Redaktioun beschäftegt hunn. Dat huet jo och eppes mat Nohaltegkeet ze dinn, wann ee sech gastronomesch de Joreszäiten upasst an op lokal Wueren zréckgräift. A wie mengt et géif net genuch Choix, deen iert. Hei dann och emol en einfacht awer lackelegt Rezept.

Lëtzebuerger „Bësch-Pasta“ (fir 4 Leit)

Wat gëtt gebraucht? 1 Déck Zwiwwel, 250 Gr Bësch-Champignonen, 170 bis 180 Gr Käschten (am beschte geschielt a virgekacht), 50 ml Riesling, 4 Läffele Crème, e Grapp frësche Péiterséileg, 500 Gr Nuddelen (Fusili oder Penne si perfekt, mee do soll jidderee maache wéi en denkt). Dozou kënnt nach Salz, Peffer an Ueleg (mir ware vum Lëtzebuerger Rappsueleg gnz iwwerzeegt).

Käschten

Bis dohinner ass d‘Rezept och fir Vegetarier gëeegent, mee falls dat „egal“ ass, kann een nach 100 Gr Speck mat aplangen.

Zoubereedung

D‘Zwiwwel (a falls et zoutrëfft de Speck) a kleng Wierfel schneiden, eppes Ueleg an d‘Pan an dat ganzt goldgiel ubroden, vum Feier huelen an op d‘Säit stellen. D‘Champignone gi „Mondgerecht“ geschnidden, d‘Käschte jee no gréisst wéinstens a véier gedeelt. Dat ganz an der Pan mat der Zwiwwel (an dem Speck) mëschen, déi genannte Mooss Wäin derbäiginn,

KäschtenUschléissend kënnt dat ganzt nees op d‘Feier, wou et kuerz soll opgekacht ginn. Ass dat geschitt, d‘Flam op mëttel-hëtzt erofsetzen an eng 20 Minutte bei zouem Deckel brutschele loossen. Sollt uschléissend nach Flëssegkeet an de Pan stoen, hëlt een den Deckel erof an et léisst een et nach mat eppes Gefill akachen. Ass dat geschitt, da kann d‘Crème an de Péiterséileg ënnergeréiert ginn.

D‘Nuddele sollten dann och esou lues „al Dente“ sinn a wann dat de Fall ass, d‘Waasser ofschëdden an dann an d‘Pan domatter. D‘Flam dann nach emol kuerz héich fueren (3-4 Minutten) an alles gutt mëschen. Zu dësem Plat kann een eng kleng gemëschten Zalot zerwéieren, an eise gudde Miseler Wéngche sollt um Dësch net feelen…

D‘Redaktiounsequipe wënscht senge Lieser e gudden Appetit

Ähnlech Sujeten Bësch-Champignonen, Kachen, Käschten, Nuddelen, Wäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel