Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!
https://moien.lu/find-her-on-dating-sites/ mombasa arab dating

ismacs dating

Um 29. Juli huet d’Réidener Schwämm matgedeelt, datt zwee jonk

dating ingles
https://moien.lu/find-her-on-dating-sites/ mombasa arab dating

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

D‘Nationalbibliothéik plënnert
https://moien.lu/find-her-on-dating-sites/ mombasa arab dating

D‘Nationalbibliothéik plënnert

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

Nuit de la Culture: Dëse Samschdeg dréit sech ëm d’Waasser!

Nuit de la Culture: Dëse Samschdeg dréit sech ëm d’Waasser!

Scho fir eng 8. Kéier gëtt zu Esch-Uelzecht déi sougenannt Nuit de la Culture organiséiert. Bei der Editioun 2019 wäert sech de ganze Programm ronderëm d’Waasser an d’Uelzecht dréien!

D’Uelzecht ass een nationale Lëtzebuerger Floss, deen zwar duerch Esch leeft, awer net wierklech siichtbar ass. Wärend dem ganze Samschdeg Owend bis an déi fréi Mueresstonnen era wäert déi sougenannt Nuit de la Culture mat sengen iwwer 50 Artisten eis dem Element Waasser méi no bréngen. Tëscht Geschichten, Performancen a ganz vill Humor kënne Kleng a Grouss um fräien Dag ënnerhale ginn. D’Spektakelen zéien sech dobäi vun der Place de la Résistance bis zum Park Laval.

Nuit de la Culture

© Nuit de la Culture

Ënnerwaasser-Paraden, Niwwel, Luuchten an eng festlech Atmosphär

Wou op der enger Plaz Matrassen dozou alueden am Däischteren ee Kuerzfilm ze kucken, do zéien an engem aneren Eck fantastesch Gestalten duerch Esch. Zu dëser Geleeënheet presentéiert d’Kulturfabrik „Flipper den Delfin“, ee Spektakel vum Evandro Serodio am Haff vun der Kulturfabrik, oder och „Erzielunge fir Radioen a Krinn“, eng Propositioun vum Arno Fabre an der Galerie Terres Rouges. Donieft kann een am grousse Sall vun der Kufa dem Max Vandervorst seng Installatioun „En attendant Kyoto“, wéi och dem Sandy Flinto a Pierrick Grobéty hir Installatioun „Déluges“ am Kinosch bewonneren.

Wou, wat a wéini?

  • Flipper den Delfin, vum Evandro Serodio
    um 17:00 an 19:00 Auer am Haff vun der Kulturfabrik
  • En attendant Kyoto vum Max Vanervorst
    Vu 16:30 bis 19:30 Auer am grousse Sall vun der Kulturfabrik
  • Erzielunge fir Radioen a Krinn vum Arno Fabre
    Vun 16:00 bis 20:00 Auer an der Galerie Terres Rouges vun der Kulturfabrik
  • Déluges vum Sandy Flinto a Pierrick Grobety
    Vu 16:00 bis 20:00 Auer am Kinosch
Nuit de la Culture

© Nuit de la Culture

Nieft dëse Propositioune vun der Kulturfabrik fënnt een natierlech an all Eck vun der Stad Esch een Artist, eng Show oder ee Spektakel am Thema Waasser. De ganze Programm heizou fannt Dir op nuitdelaculture.lu. Donieft kënnt Dir Iech de ganze Programm och HEI eroflueden. Mir wënsche vill Spaass!

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Kulturfabrik, Nuit de la Culture, Programm, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel