Search

You may also like

Kee glécklechen Dag fir d‘ADR
Kultur Neiegkeeten

Kee glécklechen Dag fir d‘ADR

Et war wuel keng laang Dagesuerdnung, an awer huet sech

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen
Kultur Neiegkeeten

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen

Mam Slogan „D‘Zukunft op Lëtzebuergesch“ geet déi Demokratesch Partei (DP)

Weess du, wéi een dës Wierder schreift?
Kultur Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift?

[onionbuzz quiz-id=27][/onionbuzz] D’Lëtzebuergesch Orthographie kann heiansdo richteg schwiereg sinn. Mee

Nuit des Lampions 2018 – eng magesch Nuecht fir dausende Leit

Vergaangene Samschdeg huet d’Stad Wolz erëm Kleng a Grouss op der Nuit des Lampions begeeschtert. Ee räichhaltege Programm u Spektakelen, Musek an, net ze vergiessen, handgemaachte Lampionen am Gaart gouf gebueden.

Et war schonns déi 11. Editioun vum originelle Format, wat déi ursprénglech orientalesch Lampionen als Konschtwierk a Symbol fir Gléck an de Virdergrond stellt. Wou d’Nuechten ugefaangen hunn méi kuerz a frësch ze ginn, huet d’Luucht vun den Lampionen eng eemoleg an heemlech Atmosphär am Orient entstoe gelooss. Genau esou een Erliefnis wëllen d’Organisateuren zu Wolz och schafen.

D’Visiteure konnten net nëmmen déi kreativ gestalte Konschtwierker bewonneren, mee konnten och ervirhiewe Platze vun der Stad Wolz besichen. De Gaart vu Wolz, den 1985 vum deemolege Kulturminister Robert Krieps ageweit gouf, huet säi ganzt Potential duerch Fakelen, faarwege Luuchten an Lampionen an de verschiddenste Forme gewisen.

Am Amphitheater hunn Lëtzebuergesch Gruppe wei When Airy Met Fairy oder Them Lights oder Them Lights, mee och international Kënschtler, wéi Half Waif (USA) oder Hugar (Island) d’Publikum musikalesch ënnerhal.

Mëttelpunkt vun de Spektakele war Place des Martyrs, wou souwuel Kleng a Grouss op hir Käschte koumen. Sou huet d’Feiershow vum Anna Goriachko eng eemoleg mystesch Ambiance geschaf. Highlight vum Owend war d’Oper „Compagnie off: Les Giraffes“, bei der rout Giraffe mat hiren Dompteuren duerch Stroosse gelaf sinn, ëmmer a Begleedung vum Gesang vun hirer Kinnigin.

D’Stad Wolz huet sech erëm selwer iwwerschat an jiddweree begeeschtert. Mir freeën eis schonn op nächst Joer!

Foto & Gallerie: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Concerten, Konscht, Nuit des Lampions, Stroossekonscht, Wolz
Next post Previous post