Search

You may also like

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!
Kultur Neiegkeeten

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!

Dräi Méint nom Ufank vun den éischte Moossnamen zur Andämmung

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun

Fir hei am Land als Journalist un Informatiounen ze Kommen,

Verbuet vu Glyphosat: Hoffentlech just een éischte Schrëtt
Kultur Neiegkeeten

Verbuet vu Glyphosat: Hoffentlech just een éischte Schrëtt

natur&ëmwelt begréisst d’Decisioun vun der Regierung, ab 2021 den Asaz

Nuit des Musées – Méi wéi 23.500 Visiteuren si begeeschtert ginn

Nuit des Musées – Méi wéi 23.500 Visiteuren si begeeschtert ginn

A festlecher Ambiance huet déi 19. Editioun vun der Nuit des Musées nees een immense Succès erlieft. Am Ganze konnten 23.541 Visiteuren an alle Muséeën zesumme gezielt ginn.

Vergaangene Samschdeg hu ganzer 7 Muséeë vun dem Grupp d’stater muséeën och um spéiden Owend hir Dieren den zuelräiche kulturinteresséierte Leit opgemaach. Fir déi 19. Editioun vun der Nuit des Musées huet een de Motto „Museums – be moved“ erausgesicht, an esou d’Kultur an eng gewëss Beweegung an Dynamik versat.

Dobäi hu siwen Athleten aus verschiddene sportlechen Disziplinnen d’Roll vum Guide ageholl an de Visiteuren hire Choix u Wierker an engem vun de Muséeë presentéiert. Mat Concerten, Ateliere fir Kanner, kulinareschen Iwwerraschungen an informatiounsgeluedenene Visitten ass de Kaderprogramm completéiert ginn.

D’Villa Vauban huet mat verschiddene Wierker vum Corneille Lentz d’Opmierksamkeet op sech gezunn, sou wéi och d’Kasematten am Park vun der Villa. Am Casino Lëtzebuerg ass et zur gläicher Zäit ëm eng Liichtinstallatioun gaangen. De belsche Kollektiv LAb[au] huet hei am Kader vun der Expo „If Then Else“ d’Wierk „Zäit Wuert“ un der Fassad vum Casino gewisen.

Iwwerdeems hunn am Lëtzebuerg City Museum d’Kanner äifreg un hiren Origami-Sirenen gebastelt, déi ganz am Zeeche vum Melusina stoungen. Am selwechte Musée konnt een, zesumme mam Colette Flesch d’Ausstellung „Bauhaus à Luxembourg“ bewonneren. Wien de Wee bis an de Gronn gepackt huet, dee konnt am natur musée duerch déi nei Expo „Geckeg Vullen“ schlenderen an eng lecker Kürbiszopp zou sech huelen.

Fir déi speziell kulturell Nuecht ass um Kierchbierg fir eng magesch Atmosphär gesuergt ginn. Beim Musée Dräi Eechelen huet den engleschen Artist Bryan Tweedle, zesumme mat senge Studente vu Maastricht, fantastesch Lampione kreéiert. E puer Meter weider ass zu enger klanglecher Erfarung komm. De MUDAM huet, zesumme mam Victor Kraus Group, deen aus siwe Spëtzemuseker aus der Lëtzebuerger an internationaler Zeen besteet, ee Konschtwierk fir d’Ouere geschaf. An dësem Kader ass och dem Anri Sala seng nei Expo ageweit ginn.

Tëscht de verschidde Muséeën konnt een entweder zu Fouss goen, oder och op den M-Express, d’Busser vun der Stad Lëtzebuerg oder historesch Busser zeréckgräifen. De räichhaltege Programm huet dobäi vum klenge Kand, iwwert d’Erwuessener, bis hin zu de Senioren a Famille jiddwereen ugesprach.

Dat eemolegt Evenement wäert iwwregens säin 20. Gebuertsdag den 10. Oktober 2020 feieren.

Related topics Casino, Geckeg Vullen, Lëtzebuerg City Museum, MUDAM, Musée Dräi Eechelen, natur musée, Nuit des Musées, Villa Vauban
Next post Previous post