Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op
https://moien.lu/dating-someone-who-still-lives-at-home/ https://moien.lu/wow-hookup-dating/

hay fever and dating

Den 12. Mäerz fannen d‘Sozialwahle statt, a wie gëschter am

https://moien.lu/why-are-scott-and-tessa-not-dating/
https://moien.lu/dating-someone-who-still-lives-at-home/ https://moien.lu/wow-hookup-dating/

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!
https://moien.lu/dating-someone-who-still-lives-at-home/ https://moien.lu/wow-hookup-dating/

Jonk Piraten: Fir ee Plastikverbuet an de Schoulen!

Fräi nom Motto „Direkt handelen!“ fuerderen déi jonk Piraten d’Regierung

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord opgestallt an ënnerschriwwen hunn, dee verhënnert dat déi islamesch Republik eng Atombomm baut, si vum Donald Trump op e neits gutt widder de Kapp gestouss ginn. Den US-President huet um Freideg drop higewise, datt een d‘Ofkommes zu all Moment kéint opginn.

A säin emotiounsgeluedene Plaidoyer géint „dee schlëmmsten Accord dee jeemools vun den USA verhandelt ginn ass“ huet sech dann en enger éischter Linn un seng Wieler aus dem amerikanesche „Midwest“ gewannt. Zum Schluss huet den US-President jo dann awer verséchert, fir de Moment den Accord net opzekënnegen.

Dofir war den Donald Trump alles anescht wéi manéierlech, wéi hien sech un den iranesche Regimm adresséiert huet. E Regimm deen hien als „diktatoresch“ qualifizéiert an deem hien op kee Fall kéint zertifiéieren, datt e géif seng Engagementer anhalen. An et wier him och egal datt déi international Agence fir Atomenergie (IAEA) dat anescht gesäit.

Dobäi huet de President vun der IAEA, Yukiya Amano, nach emol bestätegt, datt den Iran déi strengste Kontrollen operluecht kritt an sech u säin Deel vum Ofkommes hält. Den Accord ze zerrappe, géif sech net kënnen op Verstéiss géint d‘Ofkommes beruffen. Den Accord opzeginn, wier zudeem dat falscht Signal.

Provokatioun mat Effet

Wa gewosst ass, datt dem Trump seng Ried gläichzäiteg och sollt „Provokatioun“ sinn, esou huet déi hiren Effet net verpasst. Zu Teheran awer, ass de President Hassan Rohani dem US-President net an d‘Fal gaangen an huet just kuerz gemengt: „D‘USA si méi wéi jee eleng géint d‘Vollek vum Iran“.

A Russland gëtt dem Trump seng Strategie schaarf veruerteelt an och Europa geet op Distanz zum US-President. D‘EU-Ausseministesch Frederica Mogherini warnt d‘USA dann och virum „zerleeë vun engem Ofkommes dat funktionéiert a seng Verspriechen hält“.

An enger „note Diplomatique“ – wéi et genannt gëtt wat de Sujet batter eescht gëtt – vum Theresa May, Angela Merkel an Emmanuel Macron un den US-President, ënnersträichen d‘Signatairen datt si um Accord wäerte festhalen. Sir fuerderen all déi op, wou sech dem Ofkommes ugeholl hunn, hire Flichten nozekommen.

Den Emmanuel Macron huet, esou war gewuer ze ginn, sech dann och mam iranesche President um Telefon ënnerhalen. De franséische President huet dem Hassan Rohani verséchert, datt Frankräich dem Ofkommes vun 2015 verbonne wier an och anhale géif. Et soll och eng Staatsvisite am Iran ugeschwat gi sinn.

Wat d‘Amerikaner wëllen

Fir den US-Ausseminister Rex Tillerson, ass alles net esou schlëmm wéi et sech op den éischte Bléck ugesäit. Dofir sot hien: „Ech erwaarde vun eisen Alliéierten, europäeschen a regionale Frënn, datt si eisen Effort ënnerstëtzen, sech der iranescher Bedreeung entgéint ze stellen“. Just datt Europa aktuell éischter mam Accord zefridden ass an op wirtschaftlech Bezéiunge setze wëll.

„Wat ass de Sënn vun engem Ofkommes dee beschtefalls déi nuklear Kapassitéit vum Iran kuerzfristeg verzögert?“, freet den Trump an ënnersträicht, datt hien sech besonnesch wënscht den Echeance lass ze ginn, déi zouloossen, datt ab 2025 verschidde Restriktioune vum iraneschen Nuklearprogramm entfalen.

Den US-President huet dann och nei Sanktioune géint d‘“Wiechter vun der Revolutioun“, d‘Elite vun der iranescher Arméi, ugekënnegt. Hie beschëllegt déi d‘Wirtschaft ze mëssbrauche fir de Krich an den Terrorismus ze finanzéieren. A well et keng Ried ouni Tweet ka ginn, huet den Donald Trump geschriwwen: „d‘Partner vum Accord sinn am gaange vill Geld ze maachen an deem se Geschäfter mam Iran maachen“.

Op ee muss een sech kënne verloossen

Wann et ëm, oder besser „géint“, den Iran geet, da kann ee sech zu Washington sécher sinn, datt Israel sech uschléisst. An esou ass et net weider verwonnerlech, datt den israelesche Premierminister Benjamin Netanyahu dem Donald Trump fir déi couragéiert Entscheedung gratuléiert huet.

Natierlech huet sech och Saudi-Arabien, eng sunnitesch Monarchie, den Ausféierunge vum US-President ugeschloss. Saudi-Arabien gesäit et net mat engem gudden A, datt säi schiiteschen Äerzfeind sech politesch a wirtschaftlech op der Welt etabléiert. D‘Strategie vun den Amerikaner gëtt also zu Riad begréisst.

An deem den Donald Trump a senger Ried awer villes „opstoe“ gelooss huet, huet hien och d‘Verantwortung un den US-Kongress weidergereecht. An op do dem Trump seng Iwwerleeung gedeelt gëtt ass alles just net sécher. Och bei de Republikaner schéngt et keng Majoritéit ze gi fir den Accord ze kippen an nei Sanktioune géint den Iran unzehuelen.

Als Léisung, déi vun zwee republikanesche Senateuren an Zesummenaarbecht mam Wäissen Haus ausgeschafft ginn ass, gëtt e neit Gesetz virgeschloen. Mat dësem Gesetz soll eng nei Grenz geschaaft ginn, déi wann se iwwerschratt ass, zu neie Sanktioune géint den Iran féiert. Eigentlech eppes wéi en „update“ vum aktuellen Accord.

Eesäiteg Ëmgestaltung

Wann een dann elo schonn net kann den Accord „zerrappen“, esou d‘Siicht vu ville Volleksvertrieder, esou sollt een d‘Limitten déi der nuklearer Entwécklung gesat goufen, permanent maachen. „Mir proposéieren e Wee déi d‘Lächer vum Ofkommes stoppt an d‘Administratioun am Accord dran hält“, esou de Bob Corker, President vun der aussepolitescher Kommissioun vum Senat.

„Alles wat a Richtung nei Konditioune geet“ déi dem Accord sollen „ugehaange“ ginn, muss als „eesäitege Broch vum Ofkommes selwer“ betruecht ginn, warnt d‘Wendy Sherman, d‘Negociatrice vum Text ënner dem President Barack Obama. Och de fréieren Ausseminister John Kerry warnt: „Et ass eng Gefor fir d‘Interessen, déi national Sécherheet an déi nächsten Alliéiert“.

A wann ee sech drun erënnert, datt Teheran a Washington all diplomatesch Verbindungen 1980 ofgebrach hunn, dann huet ee mat der Entscheedung vum Barack Obama op besser Zäiten agestallt. Et war den Accord, deen et sollt méiglech maachen eng nei, méi friddlech Zukunft an Zesummenaarbecht wuessen ze loossen. Mee mam Trump, ass vun dëser Hoffnung net vill bliwwen. Den neie Chef am Wäissen Haus léisst dann och kee gutt Hoer um Iran an dem Accord.

Et beweist awer, datt den Donald Trump op „Kontinuitéit“ setzt. D‘USA hunn oder wëllen eng ganz Rei Accorde gekënnegt. Esou den transpazifesche Partenariat (TPP), den Accord zum nordamerikanesche Fräihandel (Alena) and d‘Paräisser Klimaofkommes. Zanter Donneschdeg sinn d‘USA dann elo (zesumme mat Israel) och net méi Member vun der UNESCO.

mam Jerome Cartillier a Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: A senger Ried géint d‘Atom-Ofkommes mam Iran, huet den Donald Trump kee gutt Hoer um iranesche Regimm gelooss. D‘Leader vun der islamescher Republik Schëmmel a Bless ze vernennen ass eng Saach, mee d‘Verantwortung vun enger Entscheedung un de Kongress weiderzereechen déi aner.

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Donald Trump, Iran, Nuklearofkommes, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel