Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?
International Neiegkeeten

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?

An eisen Uertschaften si fir Autosfuerer nëmme 50 Km/h erlaabt.

Weess du, wéi grouss d’Distanz tëscht dësen Uertschaften ass?
International Neiegkeeten

Weess du, wéi grouss d’Distanz tëscht dësen Uertschaften ass?

Wien d’Landkaart gutt kennt, deen huet hei keng Problemer. Gëllen

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt
International Neiegkeeten

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt

D‘Konferenz fënnt statt den 28. Februar um 19 Auer am

Nuklearofkommes mam Iran: Eng däitlech Ofso fir den Duo Trump-Macron

Nuklearofkommes mam Iran: Eng däitlech Ofso fir den Duo Trump-Macron

Iran a Russland hunn um Mëttwoch kategoresch de Versuch vun de Presidenten Trump a Macron, e neit Nuklearofkommes zeréckgewisen. Déi haten um Dënschdeg ugekënnegt, zesummen un engem neien Accord ze schaffen.

„Den Iran dierf ni d‘Atomwaff besëtzen“, huet de franséische President Emmanuel Macron virum US-Kongress vehement betount. Dobäi huet den Iran sech bis ewell ëmmer drop behaapt, net wëlles ze hunn, esou eng Waff bauen ze wëllen.

An ofgesi vu Teheran a Moskau, sinn och London, Berlin a Bréissel (EU) net „iwwerzeegt“ vum Projet, deen d‘Presidenten Trump a Macron „eesäiteg“ ugekënnegt hunn. D‘Briten, Däitschland an d‘EU hunn op e neits betount, datt si um Accord vun 2015 fréckele wëllen.

Dësen Accord gesäit vir, datt et eng progressiv Ophiewung vun de Sanktioune géint den Iran soll ginn, am Tosch géint Garantien, datt d‘Land sech keng Atomwaff zouleet. Den Accord tëscht dem Iran dem Grupp 5+1, deen zu als „Accord vu Wien“ Geschicht geschriwwen huet, gëtt vum Donald Trump als „lächerlech“ ofgedoen. Den US-President huet domatter gedreet, dësen ze „kënnegen“.

Wéi elo „hire Projet“ am Detail soll ausgesinn, doriwwer hu weder den US-President, nach den Emmanuel Macron sech ausgelooss. „Zesummen, mam Chef vun engem europäesche Land soen si: ‚Mir wëllen eis fir en Accord den zu siwen ofgeschloss gëtt‘. Fir wat ze maachen? Mat wéi engem Recht?“, beschwéiert sech den Hassan Rohani, President vum Iran.

„Mat dësem Accord hu mir d‘Beschëllegunge vum Dësch gewëscht a bewisen, datt d‘USA an Israel säit Joerzéngte Ligen iwwert den Iran verbreet hunn“, an den iranesche President wennt sech direkt un den Donald Trump:

„Dier hutt absolut keng Expertise a Politik, weder wat internationaalt Recht, nach international Accorde betrëfft. E Geschäftsmann, een deen Tierm baut, wéi soll sech esou een e Jugement zu internationalen Affairen erlaben?“.

Ouni Alternativ

Déi international Agence fir Atomenergie (IAEA), déi um Terrain Inspektiounen duerchféiert, huet widderhuelt bestätegt, datt den Iran seng Engagementer anhält, an datt Teheran keng Verfeelunge kënne virgeworf ginn, wat d‘Ëmsetzung vum Nuklearofkommes betrëfft.

Och Russland huet sech an dëser Hisiicht onflexibel gewisen, wat eng nei Verhandlung vum Accord ugeet. Berlin a Bréissel sinn och skeptesch: „Den aktuellen Accord muss erhale ginn“, esou d‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Diplomatie, Frederica Mogherini. „E neit Nuklearofkommes läit net um Dësch, affirméiert den däitschen Ausseminister, Heiko Maas.

Den Heiko Maas huet awer ënnerstrach, datt och Berlin besuergt ass, wat den iranesche Programm zum Ausbau vun de ballistesche Rakéiten ubelaangt. Hie mengt, datt de Macron „geschwat hätt, fir Äntwerten op dës Froen ze ginn, op d‘Noutwennegkeet, zousätzlech Accorden ze fannen“.

Fir London, klappt et ganz gutt mam aktuellen Accord, an den Iran huet säi Stock vun ugeräichertem Uran ëm 95% reduzéiert. D‘Spriecherin vun der Premierministesch Theresa May, huet drop higewisen, datt Groussbritannien mat sengen Alliéierten zesummeschafft, fir op gewëssen Erausfuerderungen, déi den Iran am mëttleren Osten duerstellt, äntweren ze kënnen.

Op Besuch zu Teheran, huet den US-Realisateur Oliver Stone sech besonnesch „schockéiert“ gesot, datt et grad den Emmanuel Macron ass, dee mam Trump fir eng Revisioun vum aktuellen Accord virzeschloen.

mam Eric Randolph/AFP

Foto: Den iraneschen Ausseminister Javad Zarif (l) an d‘EU-Kommissärin fir auswäerteg Diplomatie, bei der EEAS Konferenz „Supporting the future of Syris an d’ the region“ zu Bréissel. D‘Frederica Mogherini wëll um Accord vun 2015 festhalen. © Stépahnie Lecocq/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Emmanuel Macron, EU, Frederica Mogherini, Iran, Moskau, Nuklearofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel