Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Den tierkesche President fuerdert e séiere Prozess fir den Demirtas
Fail example of a good female profile for online dating dating agreement form

esea cs go matchmaking

Kuerz virun de Presidentschaftswahlen an der Tierkei, huet de Recep

https://moien.lu/sm-entertainment-dating-contract/
Fail example of a good female profile for online dating dating agreement form

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach

2017 war weder fir Migranten nach fir Refugiéeën e gutt

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…
Fail example of a good female profile for online dating dating agreement form

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…

Et wierkt wéi eng Ironie vum Schicksal, datt direkt zwee

dislike

D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor

D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor

E ballistesche Rakéitentest vum Iran setzt den internationalen Accord zur Notzung vun Atomenergie a Fro. Dat ass dem Donald Trump seng Siicht op d’Entwécklung vu neie Waffesystemer vun der Islamescher Republik. Den amerikanesche President behaapt zudeem, den Iran géif mat Nordkorea zesummeschaffen.

Wéi schonn üblech, huet den Donald Trump sech an engem Tweet un d’Welt gewannt: „Den Iran huet eng ballistesch Rakéit getest déi amstand ass Israel ze erreechen. Si schaffen och zesumme mat de Nordkoreaner. Mir hu net méi wierklech en Ofkommes“.

Richteg ass, datt d’Iraner um Samschdeg matgedeelt haten, eng nei Rakéit vun enger Reechwäit vun 2.000 Kilometer „mat Erfolleg“ getest ze hunn. Eng Distanz déi et hinnen theoretesch erméiglecht Israel ze erreechen, den „éiwege Feind“. Et wier domatter esouguer méiglech amerikanesch Militärbasen an der Géigend ze treffen.

Schlecht gewielten Zäitpunkt

Den Test intervenéiert an engem extrem ugespaante Klima tëscht dem Iran an den USA. Woubäi den US-President scho wäit am Virfeld vum Versuch domatter gedréit huet sech aus dem Accord zréckzezéien. D’Nuklearofkommes mat Teheran war 2015 vu Washington, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Russland a China ënnerschriwwe ginn.

Et muss allerdéngs drop higewise ginn, datt den Accord dem Iran net verbitt seng ballistesch Entwécklung weiderzeféieren. Déi eenzeg Fuerderung déi an der UN-Resolutioun 2231 enthalen ass, betrëfft de Verbuet vum Ausbau, déi et erlaabt Atomsprengkäpp ze montéieren. Den Accord sollt dem Iran awer eng zivil Notzung vun der Atomenergie erlaben a progressiv d’Sanktiounen ophiewen.

Zanter den Donald Trump am Wäissen Haus wunnt, hunn d’USA awer stänneg den Iran verbal provozéiert a versicht den Accord a Fro ze stellen. En Accord deen den Trump versprach huet ze „zerrappen“. Dee muss dann och dem Kongress notifiéieren op den Iran seng Engagementer anhält. De Fall gesat hie mécht dat net, kann de Kongress nees Sanktioune géint den Iran festleeën.

Frankräich stellt sech op d’Säit vun den USA

Um spéide Samschdegowend huet et aus dem „Quai d’Orsay“ geheescht: „Frankräich ass wéinst dem Ofschoss vun enger ballistescher Rakéit am Iran extrem besuergt“. Paräis veruerteelt dësen Ofschoss dee net „konform mat der Resolutioun 2231 vum UN-Sécherheetsrot ass“, esou en Extrait aus der Deklaratioun vum Ausseministère.

„Frankräich rifft den Iran op, all Aktivitéiten déi d’Regioun destabiliséiert opzehalen an d’Dispositioune vun der UN-Resolutioun 2231 ze respektéieren. Dorënner och den Appell keng däraarteg ballistesch Aktivitéiten ze entwéckelen“, kann een dem Communiqué enthuelen.

Frankräich huet dann och eng Demande un den UN-Generalsekretär geriicht, e Rapport iwwert den Ofschoss ze maachen. Zousätzlech wëll Frankräich mat senge Partner, notamment deenen Europäeschen, vum Iran d’Zousécherung kréien seng ballistesch Entwécklung anzestellen.

mat AFP

Foto: Teheran den 22. September; d’Iraner manifestéiere géint dem Trump seng Ried virun de Vereenten Natiounen. Den iranesche Leader huet dem US-President seng Ried als eng Rhetorik vu „Gangster a Cowboy“ bezeechent. (© Atta Kenare/AFP)

Ähnlech Sujeten Atomwaffen, Donald Trump, Frankräich, Iran, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel