Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt
International is maddi bragg dating jacob

yeah dating is cool but

Déi katalanesch Parteie fir d’Onofhängegkeet hunn um Freideg hir Lëschte

https://moien.lu/new-dating-app-2017/
International is maddi bragg dating jacob

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“

Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng

dislikemoney
Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck
International is maddi bragg dating jacob

Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck

D’Reiwereien tëscht dem Kanada an den USA sinn um Héichpunkt,

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?

Gëschter huet d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg bei enger Konferenz déi aktuell Situatioun zur Gestioun vum Haushaltsoffall an aus aneren Ariichtungen, d’Moossnamen zur Reduktioun vum Eewee-Plastik an d’Preparatiounen zur neier Reegelung a Saachen Offall presentéiert.

Tëscht 1991 an 2016 huet d’Bevëlkerung am Grand-Duché sech quasi verduebelt, wouduerch och méi Offall ufält. Aus dësem Grond wier et net schlecht iwwert Moossnamen zur Stabilisatioun vun der Evolutioun vum steigenden Offall nozedenken. Wat de Plastik ugeet, esou huet déi lescht Analys vum Joer 2013/2014 gewisen, datt et eng Erhéijung vu 5,6% am nëmme 4 Joer gëtt. Dovunner komme 17,8% vum Gewiicht an 43,7% vum Volume vum normalen Haushaltsoffall. Momentan ass eng nei Analys am Gaangen, woubäi d’Resultater fir dat nächst Joer erwaart ginn.

Null Offall

Reduktioun vu Plastik duerch den Eco-Sac an d’Eco-Box

Bei dëser Konferenz huet d’Ministesch Carole Dieschbourg och déi divers Projeten an Initiativen ënnert d’Lupp geholl, déi ënnert anerem vum Ministère an d’Weeër geleet gi sinn:

  • Den Eco-Sac: huet zu enger Reduktioun vu 500.000.000 Plastikstuten an de Keese bäigedroen (2006-2016)
  • De Verbuet vu gratis Plastikstute säit Januar 2019 (woubäi et awer nach gratis Tute ginn fir Uebst a Geméis?)
  • D’Eco-Box: Ee Projet vun 2018 mat groussem Succès, deen och weider gefouert gëtt: 100 Restauranten a Kantinne profitéiere vun de Behälter, déi an der Restauratioun ëfters genotzt kënne ginn. Momentan sinn 25.000 Eco-Boxen am Ëmlaf.
  • De Projet IMS „Zero Single-Use Plastic“: fir datt den Eewee-Plastik an den Entreprisë bis 2020 eliminéiert gëtt. Heibäi engagéiere sech mëttlerweil scho 54 Entreprisen.
  • Green Events: Dëse Projet soll global d’Quantitéit vum Offall reduzéieren an all Zort vun Eewee-Plastik bei Fester a Manifestatioune vermeiden.

Null Offall

Eng méi éiergäizeg Reglementatioun

Fir a Richtung Kreeslaf-Ekonomie a Reduktioun vum Eewee-Plastik ze steieren, wäert een neie Gesetzesprojet mat méi éiergäizege Moossnamen ëmgesat ginn, esou datt d’Preventioun an d’Reduktioun vum Plastik zu Lëtzebuerg nees als Virbild ervir goe kann. Am Communiqué gëtt de Grand-Duché hei als Virreider an Europa duergestallt, woubäi ee kloer muss zouginn, datt aner Memberstaate well méi wäit si wéi mir.

An dësem Kader ass bei der Pressekonferenz och déi nei Campagne „Null Offall Lëtzebuerg“ virgestallt ginn. Zil ass et Iddien vun Participanten opzehuelen fir esou eng Virbereedung op de Gesetzesprojet an der Offall-Gestioun ze schafen. Zesumme mat der Ministesch Carole Dieschbourg ginn tëscht Mee a Juni 2019 an all Regioun vum Land 5 Workshops organiséiert, un deene jiddwereen deelhuele kann:

  • 15.05.2019 am Park Hosingen (vun 18:30 bis 21:00 Auer)
  • 04.06.2019 zu Schëffleng (vun 18:30 bis 21:00 Auer)
  • 13.06.2019 zu Ell (vun 18:30 bis 21:00 Auer)
  • 18.06.2019 an der Stad Lëtzebuerg (vun 18:30 bis 21:00 Auer)
  • 20.06.2019 zu Iechternach (vun 18:30 bis 21:00 Auer)

Aus Organisatiounsgrënn gëtt all motivéiert Persoun gebieden sech iwwert de Site nulloffall.lu unzemellen.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Eco-Box, Eeweeplastik, Null Offall Lëtzebuerg, Plastiksoffall, Workshop
Nächsten Artikel Virrechten Artikel