G7-Sommet: En klenge Club, grouss Spannungen
Vum Handel zum Retour vu Russland an de Club, den
Vum Handel zum Retour vu Russland an de Club, den
Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125
Lescht Woch huet déi gréng Stad Lëtzebuerg eng Motioun zur Missioun Null Offall beim Stater Gemengerot deposéiert. Laut déi gréng géif d’Stad Lëtzebuerg ze vill Knascht produzéieren an am Beräich vun der Offallwirtschaft wier nach sou munches opzehuelen. De Stater Schäffen Patrick Goldschmidt (DP) huet leschte Freideg Stellung zu de Fuerderunge vun déi gréng bezunn.
De Patrick Goldschmidt beklot, datt esou gemaach gëtt, wéi wann d’Stad Lëtzebuerg e reegelrechten Dreckstipp wier an nëmme kleng Efforten an der Offallgestioun gemaach géifen. Dat wier net fair géinteniwwer de ville Mataarbechter, der Politik an awer och senge Virgänger – dorënner d’Viviane Loschetter – a wiert sech soumat géint Virwërf vun déi gréng an hirer Motioun.
Konkret werft de Patrick Goldschmidt déi gréng vir, mat falschen Zuelen ze operéieren an dobäi op déi populistesch Kaart ze setzen. Dobäi géif nach matspillen, datt déi gréng am Beräich Kommunikatioun eng grouss Stäerkt a si déi hei bewosst ausgespillt hätt. Ma et misst een d’Zuelen an de richtege Kontext setze kënnen, fir datt d’Leit dobausse sech e Bild maache kënnen, esou hie weider.
Déi gréng haten an hirem Communiqué matgedeelt, datt an der Stad d’Offall-Quantitéit bei 553 kg pro Kapp läit an deemno Mesurë missten ergraff ginn, fir dës Zuel staark ze reduzéieren. Laut dem Patrick Goldschmidt dierft een d’Stad Lëtzebuerg awer net einfach mat anere Gemenge vergläichen. An den Tonnage wier nämlech net nëmmen den Offall vun den Awunner, ma och vun all de Leit, déi an der Stad schaffen, plus dee vun de Betriber. Dat ass eppes, wat déi meescht Gemengen an deem Mooss sou net hunn, well den Offall do oft duerch Privater ofgeholl gëtt.
Hie betount dann nach, datt ee vun alle Säite beschäinegt kritt, an als President vun der SIDOR wéisst e jo nawell selwer gutt Bescheed, datt d’Stad Lëtzebuerg schonn eng Virreiderroll huet a mam gudde Beispill virugeet. Dëst haten déi gréng beispillsweis an hirer Matdeelung gefuerdert, datt d’Stad – trotz hiren Efforten – nach méi maache misst.
Symbolfoto: D’Stad Lëtzebuerg kann een net mat aner Gemenge vergläichen, seet de Patrick Goldschmidt. Hei géif nämlech a vill méi héijem Mooss d’Offall-Quantitéit vun de Betriber an de Leit, déi an der Stad schaffen, mat an d’Statistike fléissen. © Copley Nathan/pixabay