Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren
International Meenung san diego dating site

online dating sites for widows widowers

A Saudiarabien ass eng historesch Entscheedung getraff ginn: am eenzege

https://moien.lu/dating-5-months-after-breakup/
International Meenung san diego dating site

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant

Eis däitsch Noperen, déi hir wirtschaftlech Interessen a Südamerika verdeedege

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
International Meenung san diego dating site

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!

Um vergaangene Mëttwoch huet de Premierminister Xavier Bettel an der

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz

Nodeems sech an den éischte 6 Méint vun dësem Joer op nationalem Niveau vun de Gewerkschaften sou munches gedoen huet, gëllt et elo, de Bléck op dat internationaalt Geschéien ze riichten.

Zu engem Zäitpunkt, an deem de Brexit nach ëmmer net vollzunn ass an déi Verantwortlech vun der Europäescher Unioun no den Europawahle vum 26. Mee hir léif Méi haten, d’Spëtzenjobs nei ze besetzen, ouni de Prinzip vun de Spëtzekandidaten a soumat dem Wielerwëlle Rechnung ze droen, bleift Gewalt op der Aarbechtsplaz – ob ënner Kolleginnen a Kollegen, oder am Kontakt mat Drëttpersounen – eent vun den international iwwergräifenden Themen.

Datt grad dëst Thema leider näischt un der Aktutalitéit agebéisst huet, verdäitlecht eleng schonn déi 108. International Aarbechtskonferenz, déi wéi all Joer och dës Kéier am Juni zu Genf stattfonnt huet a bei der, nieft den Aarbechten am „Comittee on the Application of Standarts“, un der och CGFP-Vertrieder deelgeholl hunn, sech eng Spezialkommissioun mat Gewalt a Belästegung an der Aarbechtswelt befaasst huet.

Laang, objektiv an iwweraus zéi Diskussioune mënden an de leschten Deeg vun der Konferenz an der Unnahm vun enger Konventioun, sou wéi enger Recommandatioun an dësem Beräich.

Kuerz ee Wuert zur Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO): Si ass ee Gremium aus Employeurs-, Employées- a Regierungsvertrieder op allerhéchstem Weltniveau. Dësem Dräiergespann gehéiere momentan 187 Memberlänner un. An dësem Joer feiert d’ILO hiert honnertjäregt Bestoen an och zu Lëtzebuerg soll dozou Enn 2019 een Evenement stattfannen.

Als Gewerkschafter muss een ëmmer erëm feststellen, datt Gewerkschaftsaarbecht an aneren Deeler vun der Welt ganz oft grouss Gefore mat sech bréngt, virun allem fir kritesch Gewerkschaftsvertrieder, déi hiren Asaz fir hir Kollegen net seelen mam batteren Dout bezuele mussen.

Ëmmer erëmkommend Theme bei der Konferenz si Gewerkschaftsfräiheeten, d’Zwangsaarbecht (wouvu weltwäit 24,9 Millioune Mënsche betraff sinn), oder eben och Kanneraarbecht, déi et ënner kengen Ëmstänn dierft ginn. Si stellt ee reegelrechte Skandal duer, virun dem besonnesch Gewerkschaftsvertrieder op kee Fall d’Aen zou maachen dierfen.

An trotzdeem: Déi International Aarbechtsorganisatioun (ILO) geet dovunner aus, datt momentan op der Welt nach ronn 152 Millioune Kanner, also ronn 10 % vun alle Mannerjäregen, Kanneraarbecht verriichten. Dat geschitt zum Deel ënnert geféierleche Konditiounen. Geschat sinn 73 Millioune Kanner tëscht 5 a 17 Joer heivu betraff. (Quell: OIT: Les règles du jeu)

Mee zeréck zum Thema Gewalt. Et mëscht sech heefeg bemierkbar a Situatiounen, an deene Mënsche keng uerdentlech, objektiv Argumenter méi hunn.

Grad dann zitt ee Stuerm vun der Entrëschtung op. Et kann zu verbalen Ausrasteren, enger onadäquater Wuertwahl oder, nach schlëmmer, zur physescher Gewalt kommen.

Eent sollt kloer sinn: Gewalt am Allgemengen ass an all senge Formen, ob physesch oder psychesch, inakzeptabel an dierf op kee Fall akzeptéiert ginn.

Dëst Phenomen ass an de leschte Joren ëmmer méi heefeg ze beobachten, an zwar an alle Beräicher, besonnesch awer am ëffentlechen Déngscht. Hei ginn oft Employéeën attackéiert, déi anere Mënschen zur Hëllef komme wëllen, am Gesondheetswiesen, am Schoulberäich, bei der Police an de Sekuristen, déi sech an den Déngscht vum Allgemengwuel stellen. Si sinn de Grondstee fir eng lieweg Demokratie.

Déi ëffentlech Beschäftegt musse leider ganz oft, u fiichter Front, vun der Politik getraffen, net ëmmer vu jiddwerengem als positiv bewäert Entscheedungen an d’Praxis ëmsetzen. Ëmmer méi gëtt staatlecht Handelen an den Zweiwel gezunn. Déi Leeddroend dobäi sinn am Reegelfall déi ëffentlech Bedéngschtet, déi sech am direkte Kontakt mat de Bierger an den Déngscht vum Allgemengwuel stellen an ee gutt fonctionnéierende Staat garantéieren.

Schwätzt ee mat de Betraffenen, esou muss leider all ze oft festgestallt ginn, datt den Employeur – an dësem Fall de Staat – sech trotz senger Virbildfunktioun, op dat Strooflechst vu senger Verantwortung entzitt, an déi Beschäftegt am Stach léisst. Dëst gëllt souwuel am Beräich vun der Preventioun, wéi och bei der nodréiglecher Hëllef fir déi dovu betraffe Mënschen.

Wuel oder iwwel musse spéitstens hei d’Gewerkschaften an d’Bresche sprangen an hir extrem wichteg sozial Roll voll a ganz wouer huelen.

Op dëse stéchhaltege Grënn wäert déi Europäesch Unioun vun den Onofhängege Gewerkschaften (CESI) deemnächst eng flächendeckend europäesch Campagne starten, déi Ursaachefuerschung bedreift, wisou Gewalt, besonnesch géint Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht, ëmmer méi als eng Normalitéit ugesi gëtt. A wéi steet et mat der géigesäiteger Dignitéit an dem Respekt ënnereneen? Grad bei dësem Punkt misst eng méi déif goend Wäertediskussioun gefouert ginn.

Éischt Zil sollt et sinn, an Europa ee gesetzleche Kader zur Bekämpfung vu Gewalt, déi vun Drëttpersounen ausgeet, ze schafen.

Fir d’CESI steet op alle Fall Nulltoleranz géigeniwwer Gewalt op der Aarbechtsplaz ganz uewen am Agenda. Dobäi gi si vu Memberorganisatiounen ënnerstëtzt.

Elo muss gehandelt ginn! Pake mir et un!

Matgedeelt vum Romain Wolff, CGFP-Nationalpresident – iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, ëffentlechen Déngscht, Gewalt op der Aarbechtsplaz, ILO, Kanneraarbecht, Romain Wolff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel