Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen
Meenung Neiegkeeten

Den LCGB hätt gäre vum Finanzminister e puer Erklärungen

An dësem Fréijoer, ginn eng gréisser Unzuel vu bestuete Steierzueler

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul
Meenung Neiegkeeten

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul

Si hunn sech et esou gewënscht a sollen et och

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern
Meenung Neiegkeeten

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern

Gëschter huet de Grupp CFL déi nei Streck Lëtzebuerg-Sandweiler-Contern zesumme

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)

Ministesch fir Gesondheet a Konsumenteschutz kënnegt den Informatiounssystem zur nutritioneller Qualitéit vun de Iesswueren un a d‘Reglement sollt fir Ouschtere virleien

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)

Dat héieren se an de Belsch net gären (vun do ginn déi meescht Saachen importéiert) an och bei den Akafzentrale vun de grousse Ketten dierft d‘Stëmmung eppes gedréckt sinn. Mee d‘Paulette Lenert (LSAP) hat et ugekënnegt an als Ministesch fir Gesondheet a Konsumenteschutz war si jo och gutt beroden de Wierder Dote follegen ze loossen. Mee ganz esou einfach geet et dann awer och net.

Beim Nutriscore, enger einfacher Moossnam fir ze erkenne wéi ee „Wäert“ verschaffte Fudder fir de Konsument huet, ginn et fënnef Klassen (agedeelt vun A bis E) déi gutt erkennbar op der Verpakung muss ubruecht ginn. Well net jidderee mat Buschtawen eens gëtt, huet dës Etikett och ee Faarwespektrum (vu gréng bis rout) trotz groussem Widderstand vun der Industrie zougestane kritt.

An d‘Ministesch huet dann och eng Rei Erklärungen zum Nutriscore ginn: Esou berécksiichtegt de Nutriscore d‘Meng vun Zocker oder de Fettgehalt deen am Produkt enthalen ass, Punkt. Kléngt gutt ass awer nëmmen eppes Hallefhäerzeges. Esou seet den Nutriscore näischt iwwert d‘Qualitéit an déi ganz Chimie aus, déi d‘Liewensmëttelindustrie an de Produit gepaakt huet.

Wéi séiss a fetteg d‘Saache sinn déi ee keeft, wëssen déi meescht, mee wéi heescht esou schéin: „de Kierper ass wëlleg mee d‘Fleesch ass schwaach“, an dofir muss een et de Leit op d‘Verpakung „molen“. Elo ass den Nutriscore awer vun de Lobbyisten esou verwässert ginn, datt ee seriéis bedenken un dësem System dierf hunn. Woubäi gutt informéiert Konsumenten deen net brauchen…

Hei an do huet ee wuel scho Produkter mat dëser Kennzeechnung gesinn, eng legal Grondlag fir de Nutriscore hat Lëtzebuerg bis ewell awer nach net, an dat gëtt elo nogeholl. Bis de Summer soll dat neit Reglement stoen. Am Virfeld dozou hat et mam Konsumenteschutz (ULC), dem betraffene Secteur a mam Gesondheetsministère Consultatioune ginn, an déi wieren elo ofgeschloss.

Vergiesse mir dann och net ze mentionnéieren, datt d‘Uwennung vum Nutriscore, also de Marquage vun de Produiten natierlech op fräiwëlleger Basis virgeholl gëtt. Anescht ausgedréckt, wann näischt op der Verpakung steet, sollt ee Bedenke géintiwwer dem Produkt an dem Hierstelle vun dësem hunn. Zudeem bréngt et wéineg, wann déi chemesch Substanzen am Produit net genannt ginn.

Dat mécht d‘Iddi déi zum Nutriscore gefouert huet trotz allem net iwwerflësseg, an d‘Ministesch ass zouversiichtlech, datt d‘Industrie duerch eben den Nutriscore kéint ugehale ginn d‘Kompositioun vun hire veraarbechte Liewensmëttel ze iwwerdenken. Dat geet natierlech nëmme wann de Konsument sech entspriechend verhält a Produiten ouni Nutriscore am Regal stoe léist.

Hei ass awer de Wonsch Här vum Gedanken, well eigentlech weess ee wéi eng Produkter net gutt fir eis Gesondheet sinn, an ob eng grouss Informatiounscampagne derzou bäidréit, ee bessert Versteesdemech fir Buschtawen an eng Faarftabell ze vermëttelen, dierf ugesiichts eise Konsum-Gewunnechte kaum an d‘Gewiicht falen. Et hëlleft zumindest net sech equilibréiert ze ernieren.

Mee „all déi aner hunn et schonn“ an d‘Paulette Lenert engagéiert sech ganz staark fir eng EU-wäit Ëmsetzung vum Nutriscore duerchgesat ze kréien. Wann dat derzou bäidroe kann, datt och déi ganz chemesch Zousätz an aner Knaschtereie vun de Liewensmëttelindustrie mussen op der Verpakung ernimmt ginn, sollt een d‘Ministesch massiv ënnerstëtzen, fir de Recht ass et beschtefalls en Ufank.

Bis dohinner kann sech de Konsument selwer am beschten hëllefen, wann hien eng Rei ganz simpel Grondsätz behäerzegt. Als éischt sollt ee regional a frësch Produite privilegiéieren, dann op bekannt Produkter zougräifen an bei allen aneren net fäerten sech am Internet schlau ze maachen. Kléngt ustrengend ass awer (a vill Allergiker wëssen dat) wann een et regelméisseg mécht super einfach.

An nach eng lescht Remark: wann déi ursprénglech Iddi hannert dem Nutriscore ganz gutt war an hätt vun der Politik missen duerchgesat ginn, esou schéngt et nach ëmmer esou ze sinn, datt et d‘Lobbyisten an d‘Juriste vun der Konzerner aus dem Liewensmëttelsecteur sinn, déi der Politik de Wee virschreiwen. Wéi de Konsument do nach Vertraue soll hunn, dat misst nach erkläert ginn.

 

Ähnlech Sujeten Chimie, EU, Faarwspektrum, Fett, Klassen, Konsumenteschutzministère, Kritik, Liewensmettel, Nutriscore, Paulette Lenert, Qualitéit, Wäert, Zocker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel