Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!
Neiegkeeten

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!

Um 4. Mee gëtt S.R.A. de Grand-Duc Jean begruewen. Aus

Viru 35 Joer: Def Leppard verëffentlecht „Pyromania“
Neiegkeeten

Viru 35 Joer: Def Leppard verëffentlecht „Pyromania“

Haut viru 35 Joer koum den drëtten Album vun der

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten
Neiegkeeten

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen,

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA a Lëtzebuerg komme sech mi no

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA sinn zwar haaptsächlech fir hier Grafikkaarte bekannt, déi néideg sinn, fir Computerspiller an enger uerdentlecher Qualitéit ze spillen, mee si maachen och nach aner Saachen. Esou sinn se zum Beispill an der Recherche vu kënschtlecher Intelligenz (KI) an am Beräich vum High Performance Computing aktiv. Elo geet d’Lëtzebuerger Regierung mat hinnen eng Kooperatioun an, déi dem Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ze gutt soll kommen. Eng entspriechend Absichtserklärung gouf ënnerschriwwen.

Et soll der Fuerschung a ville Beräicher entgéint kommen

De Fokus vun dëser Kooperatioun läit op ënnerschiddleche Gebidder: Studenten a Wëssenschaftler sollen ausgebilt ginn a Mataarbechter aus der Industrie a Startups sollen esou Fuerschung a verschiddene Felder féiere kënnen. Besonnesch interessant sinn do den  Energie- an Ëmweltberäich, mee och autonoomt Autofueren, Transport, Robotik, Finanzdéngschtleeschtungen an de Gesondheetssecteur.

“Mir freeën eis iwwert dës  iwwert dës Kooperatioun mat NVIDIA, mécht dës Lëtzebuerg zu enger nach méi attraktiver Plaz fir Biomedezin a Recherche am Gesondheetsberäich an am Beräich vun den Entrepreneuren”, esou de Prof. Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Bilogy, e Recherchezenter vun der Universitéit Lëtzebuerg. Den Enthusiasmus gëtt och vun NVIDIA gedeelt: “Dës Kooperatioun wäert NVIDIA an Digital Luxembourg zesummebréngen, fir déi gemeinsam Missioun ze erfëllen an den KI Ecosystem ze aktivéieren, ënnerstëtzen an unzereegen.”, esou den Jaap Zuiderveld, NVIDIA Vize-President vun Sales and Marketing, EMEA an Indien.

Mam Service Information et Presse

Ähnlech Sujeten Fuerschung, Lëtzebuerg, NVIDIA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel